Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

International Animatioun um Escher Street Festival
Neiegkeeten

International Animatioun um Escher Street Festival

Ausgangs leschter Woch hat Stad Esch/Alzette bei guddem Wierder an

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung
Neiegkeeten

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg
Neiegkeeten

59. Biennale vu Venedeg: D’Tina Gillen representéiert Lëtzebuerg

Vu Mee bis November 2021 gëtt déi 59. Editioun vun

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al

Ee schlumpfege Gebuertsdag – déi blo Kultfigure gi 60 Joer al

Den 23. Oktober 1958 ass d’Gebuertsstonn vun de Schlumpfen, deemools just als Niewefigur am belsche Comic „Johan et Pirlouit“. Kuerz duerno kréien déi kleng blo Männercher eng eege Serie fir hir Spiichten a verréckt Aventuren.

De belschen Zeechner Pierre Culliford, och Peyo genannt ass bekannt vir seng Comicen. 1959 schöpft de kreative Kapp d’Potential vun de Schlumpfen aus an zeechent Bande Dessinéen mat spannende Geschichten zu de bloe Geselle mat wäisser Zipfelmutz. Nom Dout vum Peyo am Dezember 1992 huet säi Bouf, den Thierry Culliford d’Aarbecht iwwerholl a sech nei Zeenarien ausgeduecht, sou datt et bis elo 30 Albume mat bloen Aventure ginn.

D’Schlumpfen si kleng blo Fantasiwiesen, déi am Häerz vun engem Bësch a Champignonshaiser wunnen. Hire grousse Feind ass de Gargamel, Zauberer a Spezialist an der Alchimie, den mat sengem Kueder Azraël reegelméisseg op d’Juegd no de klenge Männercher geet. Et war och hien, den d’Schlumpfine, den eenzeg weibleche Schlumpf, erschaf huet fir esou Sträit ënnert der bloer Bevëlkerung ze provozéieren.

No de BD’en ass och d’Animatiounsserie fir Kanner mat 256 Episoden an 9 Staffelen erauskomm. 2017 ass schonn den drëtte Film ëmt de Papa Schlumpf, d’Schlumpfine, de Schlaubi, den Hefty, de Beauty, den Torti, den Handy an de granzege Muffi erauskomm.

E puer witzeg Fakten

  • D’Schlumpfen gi vum Storch bruecht. Just d’Schlumpfine ass vum Gargamel erschaf ginn.
  • Den Numm kënnt vun engem Salzstreeër. Dem Peyo ass bei engem Iessen den Numm fir de Salzstreeër net méi agefall an huet den Objet spontan Schlumpf genannt.
  • D’Fantasiwiesen si blo, wëll se gréng net genuch géifen opfalen, rout wier ze opfälleg an aggressiv a giel wier net lëschteg genuch. Doropshin huet dem Peyo seng Fra, Responsabel fir d’Faarwen, d’Figure blo gemaach.
  • D’Schlumpfen alteren net. No de Rechnunge misst de Papa Schlumpf mëttlerweil schonn iwwert 542 Joer hunn.
  • Den haitege Waligator-Park bei Metz war bis 1990 de Schlumpfe-Park, de ganz am Zeeche vun de bloe Gestalte stoung, mee wéinst finanzielle Schwieregkeeten zougemaach gouf.

Quellen:

Ähnlech Sujeten 60 Joer, Gargamel, Gebuertsdag, Peyo, Schlumpf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel