Search

You may also like

Venezuela: Rout Kräiz bréngt humanitär Hëllef an d‘Land
Neiegkeeten

Venezuela: Rout Kräiz bréngt humanitär Hëllef an d‘Land

An der venezuelanescher Haaptstad Caracas, huet den Internationale Rout Kräiz

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?
Neiegkeeten

What the Fakt – Pickt den Hitchcock dann nach richteg?

Et ass ewell 56 Joer hir, datt de britesche Regisseur

Go By Brooks: Op der Sich no der grousser Léift
Neiegkeeten

Go By Brooks: Op der Sich no der grousser Léift

Fir Go By Brooks gouf et trotz Pandemie kee Stëllstand:

Schluss mat der Degradéierung

Schluss mat der Degradéierung

D’CGFP an hier Verbänn FEDUSE an ADIL konnten déi, fir dës Woch am Parlament geplangten Ofstëmmung iwwer déi héchst ëmstridde Reform wéinst dem Direktiounsposten am Sekundarwiesen a leschter Minutt verhënneren. Gefuerdert vun der CGFP, gouf et Dënschdes en Drénglechkeetstreffe mam Educatiounsminister Claude Meisch.

Wärend dëser Ënnerriedung huet dësen sech, no sengem Réckzéier asiichteg gewisen. De Claude Meisch huet de CGFP verséchert, datt de Gesetzesentworf a senger aktueller Fassung vum Dësch wier. Eréischt no der Iwwerwannung vun der Coronavirus-Kris soll d’Iwwerschaffung vum Projet erëm an de politeschen Agenda récken. D’CGFP fuerdert, datt de Bildungsministère seng Verhandlungen dës Kéier an engem konstruktive Klima mat de Verbänn féiere wäert.

Déi aktuell Fassung gehéiert an den Tirang

D’CGFP weecht net vun hirer Meenung of: Den aktuelle Gesetzesentworf 7662, dee Persounen aus der Privatwirtschaft d’Méiglechkeet bidde soll, ouni eng gewësse Kenntnis vu Beruffserfarung am Schoulwiesen an den erfuerderleche Sproochekenntnisser, Direktiounsposten am Sekundarschoulwiesen ze besetzen, gehéiert an den Tirang.

D’CGFP bedauert, datt et zu kenger Dialogbereetschaft koum. Eréischt nodeems si en oppene Bréif mam Titel „Stopp! Esou net!“ un all Volleksvertrieder geschéckt hunn, gouf vum Minister agelenkt. D’CGFP a seng Organisatioune wëllen net, datt Coronavirus-Kris dozou benotzt gëtt, zweiwelhaft Praktiken op Käschte vum Léierpersonal, Schüler an Elteren ëmzesetzen. Pläng, déi dorop ofzielen, Direktiounsposten a Lycéeë fir Vertrieder aus der Privatwirtschaft zougänglech ze maachen, kréien eng kloer Ofso vum Verband.

Déi ursprénglech Absicht vum Educatiounsministère, fir Kandidaten aus dem ëffentlechen Déngscht méi streng Kritäre wéi fir Kandidaten aus dem Privatsecteur gëllen ze loossen, ass fir d’CGFP inakzeptabel. Eng Opweechung vun der Sproochkompetenz kéim net a Fro. Bei der Leedung vun engem Lycée oder enger Verwaltung wär d’Kenntnis vun den dräi  Amtssprooche Flicht.

Bei hirem Treffe mam Educatiounsminister Claude Meisch hat CGFP kloergestallt, datt d’Liberaliséierung vun den Direktiounsposten net erweidert däerf ginn. Hirer Usiicht no, ass keen Interessi do dës Reform iwwerhaapt ëmzesetzen. Ausserdeem fäert si, d’Politik wéilt esou déi néideg Basis schafe fir Clientelismus am ëffentlechen Déngscht ze fuerderen a Schlësselpositioune mat loyale Persounen ze besetzen.

D’CGFP wëll ee systemrelevanten, zouverlässegen an onparteieschen ëffentlechen Déngscht, dee keng Vetternwirtschaft toleréiert. Déi schläichend Privatiséierungsbeméiunge vun der Regierung am ëffentlechen Déngscht leien op der Hand.

Zur Zäit befënnt sech de Gesetzesentworf 7658 um Instanzewee. Wat Direktiounsposte vun de Verwaltungen ubelaangt ass en änlech wéi den Entworf 7662. Dovunner betraff sinn de „Centre de gestion informatique de l’éducation“ (CGIE), den „Institut de formation de l’Éducation nationale“ (IFEN) an de „Service de coordination de la recherche et de l’innovation pédagogiques et technologiques“ (SCRIPT). Och huet de Sportsministère eng Reform ausgeschafft, déi et erméigleche soll, ouni Erfarung a Kompetenzen, Spëtzeposten ze kréien.

D’CGFP wäert sech stellvertriedend fir all ëffentlechen Aarbechter, dësen oder änleche Pläng widdersetzen.

Matgedeelt vun der CGFP, fräi aus däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Illustratioun: Ulrike Leone / Pixabay

Related topics CGFP, Claude Meisch, Educatiounsminister, Gesetzprojet 7658, Gesetzprojet 7662
Next post Previous post