Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher
Neiegkeeten

Dem Casino 2000 ass eng gutt Zukunft sécher

Eigentlech leeft d‘Konzessioun vum Munnerefer Casino 2000 eréischt am Juni

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag
Neiegkeeten

CR186: Spärung duerch neie Stroossebelag

Vum 4. bis de 7. Oktober gëtt de Stroossebelag op

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!
Neiegkeeten

Bicherfrënn opgepasst: Summerdag vun der Literatur!

Et ass nees esou wäit: D’Literaturarchiv zu Miersch feiert de

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

„Schmaacht et?“… en Event bei deem iech d‘Häerz opgeet

Um Tennisterrain zu Sennengerbierg ass et schonn déi 8. Editioun vum „Luxembourgish Craft Beer Tasting Event“ déi dëse Weekend vun der Asbl „Schmaacht et?“ organiséiert gëtt. Op fir den Apero oder einfach esou, e Fest fir jiddereen dee gudde Béier drénken, an och Spaass derbäi wëll hunn.

Um haidege Sonndeg kann een op der Plaz eng Auswiel vun artisanale Béierzorten (Craft Beers) schmaache kommen, déi engem esou net ëmmer vum Wiert ugebuede ginn. Lëtzebuerger Brauer, a Leit vum Fach, hunn iech eng Auswiel zesummegestallt, do bleift keen Aen dréchen.

Nieft dem Béier gëtt et och lecker eppes géint den Honger, vill musikalesch Animatioun, an e Spilleck fir d‘Butzen, hunn se och opgeriicht. Op der Plaz kann een zudeem d‘Konscht vun der amerikanescher Molerin Jean bewonneren, an sech, wann et engem duerno ass, e Bild „bestellen“.

Event

Et gëtt es esouvill vun deem „Gudden“, gutt datt d‘Asbl „Schmaacht et?“ den Event eemol am Mount organiséiert. An enger Kéier kann ee se bal net all schmaachen, mee se lackelen een, an do brauch et schonn eppes Charakter fir net schwaach ze ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wa bei den Events vun der Asbl „Schmaacht et?“ d‘Haaptrollen op den Happ a Malz entfalen, esou huet déi 3. Landesmeeschterschaft am „Neelklappen“ haut Sonndeg déi schéinsten Nieweroll. E grousse Spaass, deen zesumme mat der Asbl „d‘Liewen ass kee Kichelchen“ organiséiert gëtt.

Sollt sech deen een oder aneren elo soen: „Do wëll ech matmaachen, dat kann ech!“, da kann een, wann ee bis ëm déi 10 Auer de Moien de, Wee an d‘Réimerstrooss um Sennengerbierg fënnt, sech nach als zukünftege Landesmeeschter am Neelklappen ubidden. De Spaass ass garantéiert…

Wat fir Ziler verfollegt d‘Asbl „Schmaacht et?“

Virwëtzeg wéi all näischt Gutts, hu mir eis e Responsabel gekroopt. De Pol Bruck war esou léif an huet sech vun eis Lächer an de Bauch froe gelooss. An esou wollte mir wëssen, wat fir e Sënn hannert dësen Events stécht, an wiem et eppes notzt.

„An éischter Linn geet et emol drëms, all deene Mënschen déi gären e Béierche genéissen, déi grouss Villfalt vun den Artisanale Béier nozebréngen. Et gëtt vill Interessantes ze schmaachen, dat engem en industriell hiergestallte Béier net bidde kann. Näischt vun deem wat een hei fënnt ass a groussen Anlagen entstanen. Déi artisanal, also a klenger Quantitéit a mat vill Häerz hiergestallte Béierzorten, hunn esouwuel eng Geschicht wéi och eng Séil“, erkläert de Pol Bruck.

Event

(v.l.n.r.) de Sergio (Totenhopfen), mam Antoine (Stuff-Brauerei) an dem Patricia (Totenhopfen). Si trieden dofir an, datt déi Lëtzebuerger artisanal Béier och iwwert d‘Grenzen eraus bekannt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

E weideren „Optrag an eegener Saach“ deen sech d‘Asbl ginn huet, ass et de Lëtzebuerger „Craft Beer“ och iwwert eis Grenzen eraus bekannt ze maachen. Mécht och Sënn, well et schmaacht ee besser wéi deen aneren, an et ass verdäiwelt schwéier e Favorit auszemaachen.

A wie géif sech besser als „Lëtzebuerger Béier-Ambassadeur“ eegene wéi d‘Patricia an de Sergio, vun der „Totenhopfen“ Brauerei. Zwee Mënschen déi iergendwann entscheet hunn an Éisträich eng Formatioun am Béierbrauen ze maachen, an zanter 2017 mat eegene Produkter iwwerzeegen.

Si gesinn sech dann och als en Deel vun enger Communautéit, déi sech fir eng nei a besser Béier-Kultur asetzt. D‘Patricia an de Sergio verbréngen dann och ganz vill Zäit op Béier-Festivaller am Ausland. Ëmmer vill Produkter vu sech a Kollegen am Gepäck, gëtt op dësen Evenementer „getosch“, an déi Lëtzebuerger „Craft Beers“ kënnen sech bretzen „richteg gutt“ ze sinn.

Wat leeft aktuell a wéi geet et weider?

De Pol Bruck huet nach erzielt, datt déi Events elo zanter Februar, emol de Mount um Parvis vun der „Brasserie Um Tennis“ organiséiert ginn. Dat mat engem zimlech zefriddestellende Resultat a vill Zousproch aus de Bevëlkerung. D‘Verkäschtegung vum Béier an engem ganz entspaanten Ëmfeld, wou vill Animatioun gebuede gëtt, huet Succès a wäert sech institutionaliséieren.

Event

E „White IPA“ aus dem Haus: Bare Brewing. Hei gëtt de Béier nach mat „liewegem“ Happ gebraut. An dat mécht besonnesch beim „Goût“ schonn ee richtegen Ënnerscheed zu industriellen „Einerlei“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Well sech d‘Asbl awer op de Fändel geschriwwen huet, déi artisanal Brauereien zu Lëtzebuerg ze vernetzen, hir Produkter am Land an iwwert d‘Grenzen eraus bekannt ze maachen, kann ee verstoen, datt si net op hallwem Wee wäerte stoe bleiwen. Esou gëtt iwwert villes nogeduecht, vun deem mir zwar elo scho wëssen, iech dat awer nach net erzielen dierfen.

Mee wann een dann awer de Wee op de Sennengerbierg fonnt huet, all deene Mënsche begéint, déi esou e gesond Laachen am Gesiicht droen, da kann et passéieren, datt een derbäi bleift. Da kritt een och zäitno ëmmer d‘Informatioun iwwert alles wat ass an nach komme soll. Wéi gesot, d‘Wieder ass gutt, an de Béier esouguer nach eng Grëtz besser, also eraus aus de Fiederen an op den Tennis…

Foto: Eng kleng Auswiel vum „Totenhopfen Brauhaus“. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bare Brewing, Brasserie um Tennis, Craft Beers, d'Liewen ass kee Kichelchen, Schmaacht et?, Totenhopfen Brauhaus
Nächsten Artikel Virrechten Artikel