Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schlecht Stëmmung bei der Post
teachers and dating websites

Schlecht Stëmmung bei der Post

Bréifdréier an Schalterpersonal geroden ënner Drock, Clientë kréie ferm an

https://moien.lu/how-to-tell-your-ex-youre-dating/
teachers and dating websites

https://moien.lu/what-does-radiometric-dating-measure/

Den amerikanesche President wënscht sech eng gréisser Uwennung vun der

Fotogallerie: Autocross zu Helleng
teachers and dating websites

Fotogallerie: Autocross zu Helleng

Aarbechtsminister Schmit gesäit de Chômagetaux bei 4 Prozent

Aarbechtsminister Schmit gesäit de Chômagetaux bei 4 Prozent

Bei der Virstellung vum opgefrëschten Internetsite vun der ADEM, deen zu enger gréisserer Transparenz vun den Zuele bäidroe soll, huet den Aarbechtsminister Nicolas Schmit (LSAP) seng Zukunftsvisioune verroden. De Chômagetaux zu Lëtzebuerg soll op 4% gedréckt ginn.

Nodeems de „Chef de Service“ Jean Ries ausféierlech iwwert d‘Erneierung vum Internetsite agaange war, d‘Directrice Isabelle Schlesser erkläert hat, datt de „Bulletin“ net méi zäitgeméiss wier an et nach just all véier Méint eng thematiséiert Publikatioun soll ginn, ass iwwerraschend interessant ginn.

Dat sech en Update vum Internetoptrëtt an déi global Reform vun der ADEM aschreift, den Zougrëff op méi komplett Informatioune fir Leit déi sech mam Sujet ausenanersetzen (Press/Wëssenschaft) wierklech gutt ass, dat war awer nëmmen d‘Aleedung déi sech den Aarbechtsminister virbereet hat.

D‘ADEM profitéiert vun der Konjunktur

An et war dann och de Nicolas Schmit deen ee puer Froen an de Raum gestallt huet, déi éischt Unzeeche geliwwert hunn, datt och de Minister schonn am Wahlkampf ukomm ass. An natierlech ass et wichteg fir d‘Politik ze wëssen, wou een haut drun ass, a wou een hi misst. Dat dierf awer net driwwer ewechtäuschen, datt et d‘Konjunktur ass, déi de positiven Trend bestëmmt huet.

Mee d‘Konjunktur huet e ganz eegenen Afloss op d‘Schafe vun Aarbechtsplazen. Et ass haut néideg déi richteg Qualifikatioun ze hunn, wat zum Deel duerch geziilte Formatiounen duerch d‘ADEM erreecht gëtt, an och déi als „Job-Coach“ bezeechent Mesure dierf ee begréissen, woubäi och hei den Däiwel am Detail stécht.

Vun der aktueller Situatioun um Aarbechtsmaart profitéiere besonnesch déi jonk. D‘Zuelen dinn een och gleewen, datt d‘Laangzäitchômeure och vun der „Dynamik“ um Aarbechtsmaart e Notzen hunn. Datt een dat muss am Zesummenhang mat bal permanent iwwer 5.000 oppene Stelle muss gesinn, betount weder de Minister, nach d‘Directrice vun der ADEM.

Mat Steiergelder Aarbechtsplaze schafen

Wat d‘Beschafe vun enger Aarbecht fir déi manner qualifizéiert Demandeure betrëfft, esou war jo 2017 eng Mesure ergraff ginn, déi 150 nei Jobs op Gemengen oder bei Associatioune sollt schafen. Et konnten der 85 „besat“ ginn, wat awer, esou de Nicolas Schmit dorunner geleeën huet, datt et Gemengewahle ginn huet. Dat muss een dann och esou „stoe loossen“.

Et ass dann och de grousse Succès vun dëser Aktioun, déi et matten am Wahljoer méiglech mécht, datt et 2018 soll 400 esou Plaze soll ginn. Op déi 65 „Reschtplaze“ vun 2017 do nach derbäi kommen, ass net preziséiert ginn. Gewosst ass just, datt déi Plaze fir Mënschen am Alter tëscht 30 a 50 Joer geduecht sinn, woubäi een och Effort fir d‘Seniore (50+) maache wëll.

Datt et net verkéiert ass engem „Rabbelkapp“ eng Kontaktpersoun zur Säit ze stellen, déi bei Stress mam Patron vermëttele kann, ass eng ganz gutt Iddi. Elo den „Job-Coach“ och fir Mënsche mat enger Behënnerung asetzen ze wëllen, kann een och begréissen. Et sinn awer alles „Mesuren“ déi vum Aarbechtsfong finanzéiert ginn, och dat muss gesot sinn.

Et brauch ee Wuesstem

De Scoop koum dann zum Schluss (oder bal) an do war een dann am Wahlkampf ukomm. „Mir mussen an de nächste fënnef Joer op e Chômagetaux vu 4% kommen“, esou den Nicolas Schmit, deen dann nach séier betount, datt d‘Konjunktur muss matspillen, een d‘Leit vun de Mesure muss iwwerzeegt ginn an och d‘ADEM weider muss moderniséiert ginn.

Elo kann ee sech zwar esou en Zil setzen, an et ass eng duerchaus begréissenswäert Ambitioun. Och sech anzegestoen, datt et nëmmen iwwert de Wee vu méi Wuesstem geet, ka kee bestreiden. Wéi de Minister d‘Patronat dann awer wëll iwwerzeegen, datt een e Chômagetaux nëmme kann a Richtung 4% bewegen, wann een och un der Aarbechtszäit eppes ännert…

Mir wollten dann awer wëssen, op säin Nofolger dat och esou géif gesinn, an op datt ganzt net eppes Utopesch kléngen deet. „Ech weess net op ech mäin Nofolger kennen“, esou de Nicolas Schmit deen iwwerzeegt schéngt dem Land als Aarbechtsminister erhalen ze bleiwen. Mee d‘Zeeche stéinge gutt, 4% wieren e realistescht Zil, wann d‘Konjunktur, wéi se sech aktuell presentéiert, op dësem Niveau gehale ka ginn.

Foto: (v.l.n.r.) Aarbechtsminister Nicolas Schmit; Directrice vun der ADEM, Isabelle Schlesser; Chef de Service op der ADEM, Jean Ries. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten ADEM, Chômage, Isabelle Schlesser, Konjunktur, Nicolas Schmit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel