Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love
Neiegkeeten

Neies vum Bichergeck : Aquatower in love

Dëst Kannerbuch ass speziell – a ganz villen Hisiichten. Fir

geek
Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen
Neiegkeeten

Better Call Saul weist, datt e Prequel muss duerchootme kënnen

Wéi Breaking Bad ugelaf war, war dat de Start fir

money
D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel
Neiegkeeten

D‘Zentralbank liwwert Erkenntnisser aus der Kristallkugel

Déi Lëtzebuerger Zentralbank (BCL) huet e Freideg säi Bulletin publizéiert,

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Een opschlossräichen Echange tëscht Schneider, Kersch a Carneiro

Bei enger Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg um 11. Februar 2019 haten de Minister fir sozial Sécherheet, de Romain Schneider an de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft, den Dan Kersch een Austausch mam Staatssekretär vun der portugisescher Communautéit, dem José Luis Carneiro.

Am Beräich vun der sozialer Sécherheet huet den Echange sech op d’Verstäerkung vun der administrativer Collaboratioun tëscht portugiseschen Institutiounen, dem nationalen Zentrum fir d’Pensiounen, dem Institut fir Lëtzebuergesch a sozial Sécherheet an dem CNAP bezunn. „Eis Beméiunge mussen sech op kuerzfristeg Léisunge bezéien, déi et erméigleche wäerten d’Delaie vum Traitement vun den Dossieren ze verkierzen, an esou méi séier op d’Demandë vun den Assuréierten ze äntweren“, sou de Romain Schneider.

Och déi portugisesch Institutiounen hu scho verschidde Beméiunge realiséiert, sou wéi beispillsweis d’Verduebelung vum Personal am Service, den sech ëm d’Dossiere këmmert. Donieft sinn awer nach zwou weider konkret Mesuren opgestallt ginn: Déi éischt versprécht eng Vereinfachung vum administrativen Echange fir esou den Traitement vun der Demande ze beschleunegen. Déi zweet Mesure bezitt sech op d’Organisatioun vun enger „sozialer Permanence“, mat enger Dauer vu 5 Deeg, fir esou d’Personal ze informéieren an direkt op d’Froen äntweren ze kënnen. Fir dës Pläng sou schnell wéi méiglech ëmsetzen ze kennen, wäerten déi portugisesch a Lëtzebuergesch Institutiounen nach verschidde Reuniounen um techneschen Niveau hunn.

A Saachen Aarbecht a professionell Formatioun huet den Dan Kersch déi super Kooperatioun ënnerstrach, déi duerch d’Ënnerschreiwe vum Accord vun de Representante vun den zwee Länner den 20 Juni 2018 erméiglecht ginn ass. Dësen Accord gesäit virun allem Aktiounen zum Virdeel vun de Formatioune bei den Employéen am Beräich vum Botzen a Gebaier, sou wéi Leit, déi op der Sich no enger Aarbecht an dësem Secteur sinn, fir. Heivir solle Sensibiliséierungscampagnen opgestallt ginn an déi sproochlech Kompetenze vun de portugisesche Bierger verstäerkt ginn.

(v.l.n.r.) Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet; Dan Kersch, Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir Sozial- a Solidarwirtschaft; Joséi Luis Carneiro, Staatssekretär vun der portugisescher Communautéit © MTEESS/MSS

Ähnlech Sujeten Aarbecht, Dan Kersch, Joséi Luis Carneiro, Pensioun, Romain Schneider, sozial Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel