Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
Neiegkeeten

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare
Neiegkeeten

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Déi britesch Weltraumagence huet e Sonndeg matgedeelt, datt d‘Géigend vu

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?
Neiegkeeten

Mëttelmier: Verléiert hei Europa säin Anstand?

Déi sougenannte „Migratiounskris“ an alles wat domatter zesummenhänkt, fänkt u

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

De „schnellen Internet“ setzt sech zu Lëtzebuerg duerch

Den ILR (Lëtzebuerger Reguléierungsinstitut) huet am Dezember seng statistesch Fiche zum „schnellen“ a „ganz schnellen“ Internet verëffentlecht. Aus dëser geet ervir, datt d‘Zuel vun den Abonnementer fir Vitessen iwwer 100Mb/S duerch de VDSL an d‘Glasfaser enorm zougeholl huet.

Interessant de Bléck op d‘Entwécklung vun de festen Infrastrukturen an der Kommerzialisatioun vum Internet-Accès am „schnellen“ an am „ganz schnelle“ Beräich. Den Deckungstaux am Beräich VDSL (Very-high-bit-rate-digital-subscriber), FTTH (Fiber-to-the-Home) an dem Coaxial-Kabel wier deemno héich.

D‘Zuel vun de Glasfaseruschlëss huet ëm 22.000 Eenheeten zougeholl. Do gëtt et dann aktuell 165.600 Uschlëss, wat sechs Punkten Zouwuess an engem Joer bedeit. Zum 30. Juni 2017, hate 57% vun de Abonnenten e Glasfaseruschloss. Eng Zuel déi och 2018 nach emol dierft kräfteg zouhuelen.

Et muss ee sech dann awer bewosst sinn, datt déi gutt “Noriichten” wéi d’Glasfaser, sech an de Ballungsraim méi schnell verbreeden. De Ländlecher Raum ass e bleift ugesicht dem néidegen Investissement e schwierege Beräich. Iwwer d’Abonnementer eleng ass den Ausbau net ze finanzéieren. Et profitéiert deemno och zu Lëtzebuerg nach net jidderee vum (ganz) schnellen Internet.

E Wirtschaftsfaktor

Beim ILR stellt ee fest, datt de „schnellen“ Internet (iwwer 30Mb/S) eng signifikativ Hausse verzeechent. Parallel heizou, huet de Rhythmus zur Kommerzialisatioun vun de Verbindunge mat méi wéi 100 Mb/S zougeholl. Enn Juni konnt een an dësem Segment scho 50.100 Abonnenten zielen.

Den Internetzougank stellt also e Wirtschaftsfaktor duer an de Marché fir alternativ Operateure progresséiert weider. Op der Géigesäit, verléieren „traditionell“ Operateure wéi Post Telecom un Terrain. Déi „Alternativ“ sécheren sech lukrativ Geschäfter a bis Enn Juni 2017 war de Maartundeel vun der Post op 66%. gefall.

Der Post geet et awer net schlecht. Laut ILR huet Post Technologies eng Progressioun vun 3.200 Uschlëss op ee Joer verzeechent. Mat insgesamt 48.200 Uschlëss (+7,1%) läit een also an der Norm. Schold dorunner ass awer den „Akaf“ vun den alternativen Operateuren, déi sech esouwuel bei der Post wéi och de Netzbedreiwer bedéngen.

Unhand de publizéierten Donnéeën, kann een dann och feststellen, datt mat der Verbreedung vun der Glasfaser, et e positiven Effet ginn huet. Lëtzebuerg wier also derbäi sech vum Kofferkabel ze verabschiden.

Ähnlech Sujeten Glasfaser, ILR, Internet, Post Telecom
Nächsten Artikel Virrechten Artikel