Search

You may also like

Chantier um Echangeur Stroossen bis den 8. Mee 2020
Neiegkeeten

Chantier um Echangeur Stroossen bis den 8. Mee 2020

Am Kader vm Reamenagement vum Echangeur Stroossen wäert et vum

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou
Neiegkeeten

Bundesregierung stëmmt Eckpunkte vum Klimaschutzpak zou

Leschte Freideg war de Klimaschutzprogramm virgestallt ginn, an d‘Eckpunkte vun

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser
Neiegkeeten

De Rapport vun der Ombudsfra war och scho besser

An hirem Rapport geet d‘Ombudsfra Claudia Monti net grad zäertlech

Schnelltester verlaangen erweidert Kompetenzen

Schnelltester verlaangen erweidert Kompetenzen

Zanter enger Woch hu mir d‘Antigen-Tester a weider Liwwerunge sinn ënnerwee. Dës sougenannt Schnelltester sinn eng weider Mesure am Kampf géint d‘Covid19-Pandemie, déi awer och esou hir Kritiker hunn. Zum enge brauch et dofir Fachpersonal, zum aneren ass d‘Fiabilitéit elo och net déi allergréissten. Asymptomatesch Infektiounsfäll géifen esou net opgedeckt.

Ganzer 79.000 Eenheete sinn eis déi lescht Woch zougestallt ginn, a bis zum 1. Dezember sollen nach emol 21.000 Antigen-Tester geliwwert ginn. Ab Januar soll et dann all Mount Liwwerunge ginn. Et ass an dësem Kontext och ganz wichteg sech bewosst ze sinn, datt d‘Antigen-Tester net mat den Antikierper-Tester ze vergläiche sinn. De Schnelltest léisst nämlech net erkennen, ob een d‘Covid19-Infektioun iwwerstanen huet an Antikierper gebilt huet.

An der Erklärung vum Gesondheetsministère heescht zu de Schnelltester dann och ganz transparent, datt dës Antigen-Tester wuel eng séier Äntwert liwweren, awer bei wäitem net d‘Fiabilitéit vun de PCR-Tester hunn. Den Antigen-Test wier doriwwer eraus och net esou einfach ze maachen. An dat erkläert firwat och net Jänni a Männi autoriséiert ass, dësen Test um liewege Kandidat virzehuelen. Dat dierfen nëmmen entspriechend ausgebilte Fachkräften.

Als Fachkraaft ginn nieft den Dokteren, Fleegepersonal, Acteure vun de Gesondheetsberuffer an de Pompjeeën, selbstverständlech och d‘Apdikter opgefouert. Interessant hei: den Test dierf net an der Apdikt duerchgefouert ginn, beim Psychiater an der Praxis allerdéngs schonn. Kléngt wéi en Detail, ass awer an der Finalitéit net ziilféierend. Mee et ass jo villes eppes inkoherent, firwat een sech elo net doriwwer muss iergeren, et gëtt se jo zumindest elo.

Unhand de genannten Zuele vun zur Dispositioun stoende Schnelltester, ass och verständlech, datt et aktuell keng Pläng gëtt, dës der Ëffentlechkeet zur Verfügung ze stellen. Laut Verdeelerschlëssel ginn d‘Tester un: Doktesch-Praxissen, Spideeler, Alters- a Fleegeheemer, esou wéi d‘Coronazenter an de Prisong ausgeliwwert. Et ass net recommandéiert de Schnelltest bei Persounen iwwer 65 Joer a bei Kanner ënner 6 Joer unzewennen, esou d‘Gesondheetsdirektioun.

Illustratioun: Lukas Milan / Pixabay

Related topics Antigen-Tester, Gesondheetsdirektioun, Kompetenz, PCR-Test, Schnelltester
Next post Previous post