Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch
International Neiegkeeten Stories

De Lëtzebuerger Film „Gutland“ – haut am CineKinosch

Et ass wuel ee vun de beschte Lëtzebuerger Filmer vum

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Gëff-dengem-Auto-een-Numm-Dag

Huet ären Auto een Numm? Bei de kuriose Feierdeeg ass

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung
International Neiegkeeten Stories

BnL: Zougang op digital Ressource duerch Online-Aschreiwung

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) mécht elo allen interesséierte Persounen seng digital

Wéinst defekter Ventilatioun: Schockela-Reen an der Schwäiz

Wéinst defekter Ventilatioun: Schockela-Reen an der Schwäiz

Dat ass dach den Dram vu Kleng a Grouss: Amplaz vu Reen fält Schockela vum Himmel. Ma, esou ass et zu Olten an der Schwäiz geschitt. D’Ursaach louch bei enger futtisser Lëftung vum Schwäizer Schockelasproduzent Lindt & Sprüngli.

Duerch déi defekt Ventilatioun si „kleng Partikel vu gerëschteten, zerklengerte Kakaobounestécker“ no baussen an d’Industriegebitt vun Olten geblose ginn. Virun allem d’Autoen um nogeleeëne Parking sinn esou an ee séissen Hauch vu Schockela gekleet ginn.

Schockela

Olten / Twitter

Wéi d’Lindt-Pressespriecherin erkläert huet, wier de Virfall awer ongeféierlech fir Mënsch an Ëmwelt. De Problem géif een esou séier wéi méiglech behiewen an och fir d’Propper-Maache vun den Autoe wéilt d’Entreprise opkommen.

D’Schwäizer huelen et mat Humor. Wien awer elo seng nächst Vakanz opgrond vum Schockela-Reen an dësem Land verbrénge wëll, dee soll sech net ze vill Hoffnunge maachen. D’Schwäizer Ambassade vu London versprécht net, datt et nach emol zu esou engem séisse Virfall kënnt.

Schockela

Swiss Embassy UK / Twitter

Opmaacherbild: Auskar Surbakti / Twitter

Ähnlech Sujeten Feeler, Kandheetsdram, Lëftung, Lindt & Sprüngli, Olten, Problem, Schockela-Reen, Schwäiz, Séiss Iwwerraschung, Ventilatioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel