Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Burka, Kachkéis a Leitkultur
International Money https://moien.lu/professionals-dating-sites-uk/

https://moien.lu/afraid-of-dating-sites/

Verschidde Politiker äusseren sech nawell gären zum Thema ‘Leitkultur’. An

Lumi R. – Léift an all senge Facetten
International Money https://moien.lu/professionals-dating-sites-uk/

Lumi R. – Léift an all senge Facetten

Zu Marseille gebuer, mat madagassesche Wuerzelen an zu Lëtzebuerg doheem

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen
International Money https://moien.lu/professionals-dating-sites-uk/

Däitschland: Gräisslecht Bus-Accident fuerdert 18 Mënscheliewen

18 Mënsche sinn bei engem vun de schlëmmste Bus-Accidenter vun

money

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

D‘Scholdekris a Griicheland geet op en Enn

An der Nuecht vun en Donneschdeg op e Freideg hunn d‘Finanzminister vun der Eurozon, déi sech zu Lëtzebuerg zesummefonnt hunn, en Accord ausgehandelt, mat deem d‘Scholdekris a Griicheland beendegt ka ginn. Da wier Schluss mat der Austeritéit an de sëlleche „Rettungspläng“.

Dësen Accord, an deem och e leschte wichtege Scholdeschnëtt enthalen ass, hunn sech d‘Minister géint Mëtternuecht, no sechs laange Verhandlungsstonnen, net liicht gemaach. Mee den Accord soll et Athen erlaben, esou wéi et virgesi war, sech den 20. August aus der Tutelle vu senge Creancieren – Eurozon a Weltwährungsfong (IMF) – ze befreien. Da ka Griicheland nees ufänken sech selwer op de Mäert ze finanzéieren, no aacht Joer Rezessioun an dräi „Hëllefsprogrammer“.

„Déi griichesch Kris geet hei op en Enn, dës Nuecht. Mir hunn dëse beschwéierlechen, laangen an schwierege Wee dann awer nach hannert eis bruecht. Et ass dat elo en historesche Moment“ esou de den EU-Kommissär fir Wirtschaft, Pierre Moscovici. Zefridden, och de griichesche Finanzminister, Euclid Tsakalotos, dee just gemengt huet: „Fir dat et sech lount, musse mir eis vergewësseren datt dat griichescht Vollek och konkret Resultater gesäit“.

Laut verschiddene Quellen haten sech d‘Gespréicher an d‘längt gezunn, well Däitschland sech am leschten Ament géint de Scholdeschnëtt erhuewen hat. Eng Moossnam déi awer vun de Creancieren als onëmgänglech gesi ginn ass, wa Griicheland op de Finanzmäert nees soll kredibel sinn. „D‘Verhandlunge ware schwiereg, dat musse mir eis agestoen. Mee ech sinn der Meenung datt déi griichesch Schold elo hannert eis läit“, esou de franséische Finanzminister Bruno Le Maire.

Ënner Beobachtung

Esou ergëtt sech, datt d‘Europäer um Freideg akzeptéiert hunn, d‘Echeance fir de Remboursement vun dëser Schold – där hire Niveau, mat 180% vum BIP, deen héchsten an der EU bleift – ëm 10 Joer ze verlängeren. Zudeem erlaabt et de Griichen, en deel vun der Schold eréischt ab 2032 ofzedroen, an net wéi eigentlech virgesinn 2022. Et ass sech esouguer op eng lescht „Hëllef“ an héicht vu 15 Milliarden Euro verstännegt ginn, als Konterpartie fir 88 Reformen.

Vun dëse 15 Milliarden, ginn der 5,5 opgewannt fir d‘Schold ze begläichen, de Rescht soll déi finanziell Reserve vun eppes iwwer 24 Milliarde stäipen. Geld dat Griicheland benéidegt, fir déi éischt 22 Méint nom Austrëtt aus dem Programm ze iwwerstoen. Däitschland mécht awer weider Drock, an esou si verschidde Mesure u weider Konditioune geknäppt. Esou muss Griicheland mat de Reforme weidermaachen, an dorënner sinn der déi sech iwwer Méint kënnen hinzéien.

Zudeem bleift Griicheland, och wann si am August aus dem 3. Hëllefsprogramm erauskomm sinn, an dat mindestens bis 2022, ënner Beobachtung. Eng Surveillance wéi et se an der Unioun esou nach net ginn huet, an déi méi strikt soll ausfalen, wéi dat sengerzäit bei Portugal, Zypern oder Irland de Fall gewiescht ass. D‘Europäer hunn dann och nach virgesinn, 2032 d‘Situatioun vun der griichescher Schold ze analyséieren, an noutfalls iwwert e weider Scholdeschnëtt ze verhandelen.

Wirtschaftswuesstem

De Weltwährungsfong, deen sech finanziell un den zwee éischten Hëllefsprogrammer bedeelegt hat, hält sech beim drëtte Programm zréck. Den IMF bleift awer implizéiert, esou déi kloer Ausso vun der Directrice, Christine Lagarde, déi och zu Lëtzebuerg un de Gespréicher deel geholl huet. Laut dem Lagarde, ass déi griichesch Schold mëttelfristeg ze droen. „Mee mir hu bedenken op sech dat Land och laangfristeg stabiliséiere kann“.

An aacht Joer, huet Griicheland eng finanziell „Hëllef“ an héicht vun 273 Milliarden Euro vu senge Creancieren erhalen. Als „Géigeleeschtung“ waren d‘Griiche gezwonge ginn honnerte Reformen, oft ganz schmäerzvoller, ëmzesetzen. Dat an éischter Linn fir déi ëffentlech Finanzen nees an de Grëff ze kréien. Hei dierf een dann och net vergiessen, datt Griicheland iwwert d‘Mooss huet misse Privatiséieren a sech besonnesch vu profitabelen Infrastrukture „getrennt“ huet.

Mee et gëtt och gutt Nouvellen: 2017 verzeechent de BIP a Griicheland +1,4%, an d‘Experte ginn dovunner aus, datt et dëst Joer +1,9% sollte sinn. Ganz optimistesch d‘Previsioun fir 2019, wou de BIP bei +2,3% leie soll. Et ass de Griichen 2017 dann och nach gelongen en Excedent vun 0,8% am Budget virzeweisen. Dat kléngt no „wéineg“, mee wann ee berécksiichtegt, datt Griicheland nach 2009 mat engem Defizit an héicht vu 15,1% ze kämpfen hat…

mam Clément Zampa/AFP

Foto: „Ech wierdegen dat griichescht Vollek fir seng Widderstandsfäegkeet a säin Engagement fir Europa. Déi vill Efforte waren dann och net ëmsoss“, esou den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker via Twitter.

Ähnlech Sujeten Eurozon, Griicheland, Jean-Claude Juncker, Scholden, Weltwährungsfong
Nächsten Artikel Virrechten Artikel