Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum
International Neiegkeeten

Hurrikan Florence: Éischt Affer an dausende Mënschen ouni Stroum

Den ugekënnegten Hurrikan „Florence“, dee mëttlerweil zum „Tropestuerm“ erofgestuuft ginn

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov
International Neiegkeeten

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov

No hirem Openthalt zu Moskau, wou de Xavier Bettel an

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm
International Neiegkeeten

Dausende Migrante sinn op der mexikanesch-amerikanescher Grenz ukomm

Iwwer 4.000 Migrante vun der „Karawann“ befannen sech elo op

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Schottland erhält déi éischt britesch Weltraumgare

Déi britesch Weltraumagence huet e Sonndeg matgedeelt, datt d‘Géigend vu Sutherland am Norde vu Schottland, zréckbehale ginn ass fir déi éischt britesch Weltraumgare ze erhalen.

„Schottland ass déi beschte Plaz am ganze Vereente Kinnekräich fir Satellitten iwwert eng vertikal Ofschossbasis an den Orbit ze setzen“ heescht et am Communiqué vun der Weltraumagence.

Laut dem Chef vun der Agence, Graham Turnock, soll dës Weltraumgare de „Startschoss si fir eng nei spannend Ära fir déi britesch Weltraumindustrie“. De Choix vu Sutherland bestätegt esou niewebäi och d‘Ambitioune vun de Schotten an dësem Secteur.

Laut den Experte vun der Weltraumindustrie, ass Glasgow déi Staat ausserhalb den USA, wou déi meeschte Satellitten hiergestallt ginn. D‘Schotten hunn sech op déi „kleng“ Satellitte spezialiséiert, déi am Beräich vun der Wiederprevisioun an fir GPS-Systemer Uwennung fannen.

Groussbritannien ass dann och ëmsou méi drun interesséiert seng Weltraumindustrie auszebauen, wéi hire Rôle an den europäesche Weltraumprojeten, duerch de Brexit a Fro gestallt sinn.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, Satellitten, Schottland, Sutherland, Weltraumgare
Nächsten Artikel Virrechten Artikel