Opgepasst! Grousse Schantjen op der A3 – Echangeur Diddeleng Zentrum
D‘Stroossebauverwaltung weist drop hin, datt de Stroossebelag op den Autobunnsbretelle
D‘Stroossebauverwaltung weist drop hin, datt de Stroossebelag op den Autobunnsbretelle
Op verschiddene Plaze konnten un der Musel déi sougenannt Bloalgen,
Um vergaangene Weekend huet d’LGX Luxembourg Gaming Xperience op seng
„Mir sinn eis eeneg, datt keen sech Suerge maache soll, wouhier en déi nächst Tampone kritt”, sot d’Monica Lennon virum der Ofstëmmung. Schoulen an Universitéite si verflicht d’Hygiènesartikele fir d’Deeg gratis an den Toiletten unzebidden. Och aner ëffentlech Ariichtunge kënnen zukünfteg vun der Regierung dozou ugewise ginn.
„Ech sinn houfreg drop, fir dëst Gesetz gestëmmt ze hunn, déi Schottland zum éischte Land vun der Welt mécht, wat gratis Menstruatiounsprodukter fir jiddereen zur Verfügung stellt, deen se brauch”, huet Regierungscheffin Nicola Sturgeon getwittert.
Es handelt sech ëm e „prakteschen a fortschrëttlechen“ Gesetzesentworf, dee wéinst der Coronavirus-Pandemie nach méi wichteg ass.
„Perioden halen net wéinst Pandemien op, an den Zougang zu Menstruatiounsprodukter war ni esou wichteg wéi haut”, seet d’Monica Lennon.
A Groussbritannien gëllt virun allem Schottland a Virreider am Kampf géint déi sougenannte Perioden-Aarmut. Et ginn der vill, déi ze wéineg Sue fir dës Produkter hunn a gräifen dofir zu alen Zeitungen, Fatzen an Toilettëpabeier. Etlech Schoulen an Universitéite stellen elo scho gratis Binden an Tamponen zur Verfügung.
A wéini ass et dann zu Lëtzebuerg souwäit? Hoffe mir geschwënn, well och an eisem Land, kann net jiddereen sech Hygiènesproduit leeschten.