Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“
International Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer
International Neiegkeeten

What the Fakt – d’Geschicht vum Van Gogh sengem Ouer

Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte

Mat de Krapperten an den Zirkus
International Neiegkeeten

Mat de Krapperten an den Zirkus

Wat eng Freed, an dat direkt fir: déi ganz jonk,

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Bis 2021 sollen d‘Schotten an engem Referendum iwwert hir Onofhängegkeet ofstëmmen

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand als „Taff Fra“ dierf ëmschreiwen, an déi Aart a Weis wéi zu London „Politik bedriwwen“ gëtt, ass hir net eréischt zanter dem Trauerspill „Brexit“ en Dar am A. Elo soll Schottland nees selwer iwwert säi Schicksal bestëmmen dierfen… wann d‘leit dat dann och esou wëllen.

„Mam Referendum zur Onofhängegkeet vu Schottland, kréien d‘Schotten d‘Wiel tëscht dem Brexit an enger Zukunft als onofhängeg europäesch Natioun“, huet d‘Nicola Sturgeon gëschter am Parlament zu Edinburgh erkläert. Elo soll en entspriechend Gesetz zur Gestaltung vum Referendum ausgeschafft ginn. Well esou eppes net vun haut op muer geet, soll de Referendum 2021 stattfannen.

Et ass de Schotten och net ze verdenken, datt si der britescher „Regierung“ net méi zoutrauen sech fir hir Interessen anzesetzen. Et ass zudeem net déi éischte kéier, datt d‘Schotten eege Weeër goe wëllen. 2014 haten sech dann awer nach 55% fir den Empire ausgeschwat. Zwee Joer drop, hunn 62% vun de Schotte fir e Verbleif an der EU gestëmmt.

Den Onofhängegkeetsreferendum kéint, wann een dëst ënnerschiddlecht Wahlverhale richteg deit, dës Kéier zum Erfolleg féieren. Woubäi d‘Schotten dofir allerdéngs nach d‘Erlaabnes vu London brauchen. Dat dierft schwiereg ginn, well déi Fra déi de Brexit net hikritt an déi eege Partei net méi am Grëff huet, schonn dem Nicola Sturgeon matgedeelt huet, datt si deem ni äert zouspriechen.

mat indymedia/edi/lon

Foto: D‘Schotte „Päifen“ op London a wënschen sech op e neits d‘Onofhängegkeet. London hält dergéint, an ouni d‘Erlaabnes vun der Zentralregierung dierf d‘Schotte kee Referendum ofhalen. Derek Muller / Pixabay

Ähnlech Sujeten Brexit, Empire, Groussbritannien, Onofhängegkeet, Referendum, Schottland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel