Search

You may also like

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C
Meenung Neiegkeeten

Temperaturrekord zu Lëtzebuerg mat 40,8 °C

Gëschter ass zu Steesel een neien offizielle Rekord vun der

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten
Meenung Neiegkeeten

Ungarn: Europarot kritiséiert Gewalt bei Ausweisung vu Migranten

Mat engem Bericht, huet en Dënschdeg den Europarot, déi widderholl

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat
Meenung Neiegkeeten

UNO: d‘Nikki Haley kritt sech net géint d‘Hamas duerchgesat

Et ass eng vu senge leschten Aktiounen, an et hat

Schoul a Covid19-Zäiten: Méi Flexibilitéit wann ech gelift!

Schoul a Covid19-Zäiten: Méi Flexibilitéit wann ech gelift!

D‘Lycéeën hunn hire Betrib de 15 September nees opgeholl, dëst am Kader vun deene Reegelungen déi vum Educatiounsministère imposéiert goufen. Zousätzlech goufe vu vill Lycéeën, am Kader vun hirer Autonomie, nach verschidde Covid19-Reegelen opgestallt, déi et de Schüler erlabe sollen, a méiglechst séchere Konditiounen an d‘Schoul ze kommen. Leider huet d‘Qualitéit vum Unterrecht ënnert där staarker Reglementéierung gelidden.

Ee Problem deen dacks thematiséiert gëtt, ass d‘Maskeflicht. Vill Schüler sinn onzefridden, well si de ganzen Dag iwwer mussen d‘Mask undoen. Verschidde Proffe kommen net méi an d‘Schoul, well si selwer d‘Mask net verdroen. Et gëtt Enseignanten, déi aus eegener Initiativ ubidden, hire Cours online ze halen, fir de den Unterrecht kënne weiderzeféieren an d‘Schüler dobäi ze schützen. Awer hir Ufroe gi leider reegelméisseg ignoréiert, well et un där néideger Flexibilitéit ze feele schéngt.

Wisou kënnen zum Thema Schoul a Covid19-Zäiten iwwer Internet keng méi genee a generéis Uweisungen aus dem zoustännege Ministère kommen? Et wier wënschenswäert, wann hei méi Flexibilitéit bestoe géif a méi kéint op „Schoul-Doheem“ Modeller opgebaut ginn.

D‘Effikassitéit vun de Schutzmoossnamen an de Schoulen ass ganz relativ. Ofstandsregelen, d‘Reegelen an de Kantinnen a Maskeflicht ginn dacks vergiess, besonnesch vun deem Ament un, wou Mëttegpaus ass an d‘Schüler ouni groussen Ofstand am der Schlaang stinn. Missten d‘Schoulen sech net besser organiséieren, datt d‘Reegelen och an de Pause besser kéinte respektéiert ginn.

Och no der Schoul entsti Problemer, wann d‘Schüler bal all matenaner aus der Schoul eraus ginn oder och lafen. An den Trapenhaiser ass dann dacks ee Stau an et gëtt vun alle Säite gedréckt. A verschiddene Schoule sinn déi intern Kommunikatiounsweeër esou organiséiert ginn, datt d‘Schüler een Trapenhaus musse benotze fir eranzekommen an en anert fir nees erauszegoen. Wier et net besser, fir d‘Schüler besser verdeelt ze kréien, fir bei Feierowend déi gläichzäiteg Benotzung vun ee puer Trapenhaiser ze erlaben?

D‘ADRenalin begréisst prinzipiell d‘Schutzmoossnamen an de Schoulen an den Zäite vun enger sanitärer Kris, mee fuerdert dobäi méi Vernonft a méi Flexibilitéit.

Matgedeelt vun der ADRenalin, redaktionnell Textbeaarbechtung vum Laure Schlesser – d‘Meenung vun de Parteien ass hir eegen

Illustratioun: © Jeswin Thomas / unsplash

Related topics ADRenalin, Covid19, Educatiounsministère, Home-Schooling, Schoul, Schoul doheem
Next post Previous post