Search

You may also like

Et huet sech elo ausgejodelt
Neiegkeeten

Et huet sech elo ausgejodelt

D‘ADR ass entsat iwwert déi nei Entgleisungen, déi den Här

money
Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht
Neiegkeeten

Wéinst der Dréchent klammen d‘Präisser fir Weess a Fruucht

D‘Hëtztwell an déi domatter verbonnen Dréchent wierkt sech op d‘Präisser

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt
Neiegkeeten

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft

Schoul Doheem: Zefriddenheet bei den Enseignanten an Elteren

Schoul Doheem: Zefriddenheet bei den Enseignanten an Elteren

Wéi de Claude Meisch an der Pressekonferenz vun de Mëtteg matgedeelt huet, wäerten all Schoule bis op mannst de 4. Mee zoubleiwen. Heizou gehéieren sämtlech Grondschoulen, wéi och de Secondaire an aner Accueil-Strukturen uechtert d’Land. Elo geet et weider mat ‘Schoul Doheem’ – Zäit also, ee Bléck op d’Zefriddenheet vun Enseignanten an Eltere vu Schüler ze werfen.

Schoul Doheem

De Claude Meisch, Educatiounsminister bei der Pressekonferenz vun haut

Um 30. Mäerz 2020 huet den Educatiounsministère ee Sondage lancéiert, dee sech un Enseignanten an Eltere vu Schüler zu hiren Erfarungen mat ‘Schoul Doheem’ riicht. Bei der Ëmfro goung et haaptsächlech ëm d’Erausfuerderungen an dëser spezieller Situatioun, d’Organisatioun beim Léieren an d’Begleedung vun de Schüler.

Zënter datt d’Coursen um 16. Mäerz 2020 duerch d’Coronakris net méi direkt an de Schoulen, mee Doheem iwwer Computer ofgehale ginn, kann ee sech no iwwer 2 Wochen jo emol zum Verlaf ëmfroen. Ma, an zwee Deeg hu méi wéi 17.000 Persounen, 4.264 Enseignanten an 12.945 Elteren un der Ëmfro deelgeholl.

Eraus koum,datt d’Majoritéit vum Léierpersonal an den Elteren sech mëttlerweil mat de Coursen op Distanz zurecht fannen. No enger kuerzer Agewinnungsphas kann d’Situatioun elo besser gehandhaabt ginn a ganzer 90 % vum Léierpersonal an 87 % vun den Elteren, kommen indes mat der Situatioun zimlech gutt kloer.

Schoul Doheem

© Ministère fir national Educatioun, Kanner a Jugend

E bësse méi wéi 13 % vun den Elteren ginn allerdéngs zou, datt de System fir si Schwieregkeeten opweist. Ënnert hinnen hu 50 % Zäitmangel, 35 % feelen déi noutwenneg Kenntnisser, 9 % bräichte méi Material an 8 % feelt et un Informatiounen. Laut der Ëmfro schaffen d’Schüler an 3,6 Stonnen pro Dag fir d’Schoul, Elteren investéieren 2,3 Stonne pro Dag fir hiert Kand ze begleeden.

Schoul Doheem

© Ministère fir national Educatioun, Kanner a Jugend

T’ass eng aussergewéinlech Situatioun, an awer beweisen d’Resultater, datt grouss Efforten vun alle Säite gemaach ginn, fir zesummen d’Erausfuerderung ze meeschteren. A Saachen Digitaliséierung huet een a kierzester Zäit grouss Spréng maache missen, sou datt d’Léierpersonal senge Schüler dat noutwennegt Material iwwermëttele kann. Laut den Enseignanten gräifen 90 % op den Austausch via Email oder déi digital Plattformen zeréck.

Schoul Doheem

© Ministère fir national Educatioun, Kanner a Jugend

Zur selwechter Zäiten deelen 56 % vun den Enseignanten hir Erfarungen an hir Methoden zur Organisatioun, fir esou déi beschtméiglech Konditiounen fir ‘Schoul Doheem’ ze schafen.

Iwwer 7.000 Remarken a konkret Virschléi si säitens dem Léierpersonal an den Elteren beim Ministère agaangen. Fir déi kommend Wochen ze plangen, ginn dës Kritiken berécksiichtegt.

Opmaacherbild: © Annie Spratt / Unsplash

Related topics Coronakris, Digitaliséierung, Educatiounsministère, Ëmfro, Enseignant, Organisatioun, Schoul doheem, Sondage, Zefriddenheet
Next post Previous post