Search

You may also like

Europäescht Parlament bedreift Loundumping
International Neiegkeeten

Europäescht Parlament bedreift Loundumping

Et ass schonn eng lëschteg Band, d‘Technokraten an déi mandatéiert

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg krut 1.200 Dosen vum Moderna-Vaccin

Nodeems d’Europäesch Kommissioun um 6. Januar gréng Luucht ginn huet,

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden
International Neiegkeeten

Éischt Sportverletzunge bei de Motarden

Zanter dem leschten Donneschdeg sinn – nodeems den Transportminister an

D‘Nopere schécken d‘Kanner nees an d‘Schoul

D‘Nopere schécken d‘Kanner nees an d‘Schoul

A Rheinland-Pfalz ass d‘Fuesvakanz eriwwer, haut de Moie fänkt fir déi meescht vun den 148.000 Kanner, de Wiesselunterrecht ënner strengen Hygiènesvirschrëften nees um. Et gëtt natierlech wéi ëmmer och e puer Ausnamen. D‘Educatiounsministesch hofft zäitno an hirem Bundesland och déi weiderféierend Schoulen nees opmaachen ze kënnen.

Zéng Woche laang, waren d‘Schoule bei eisen däitschen Noperen elo zou. Ee laangen Dag deen, an dat wéinst nach ëmmer vill ze héijen Infektiounszuelen, an de Landkreesser Birkenfeld, Cochem-Zell a Germersheim, leider nach net op Enn gaangen ass. Hei bleiwen d‘Schoule weider zou. An do wou d‘Butzen dann nees an de Präsenzunterrecht dierfen, heescht et alternéieren.

Och a Rheinland-Pfalz bleift eng Hallschent vun der Klass doheem a muss Fernunterrecht maachen, et sief, d‘Raimlechkeete géifen et zouloossen. Wou et also méiglech ass 1,50 Meter Distanz tëscht de Kanner ze hunn, dierfen se zesummen an d‘Schoul. Besonnesch bei de éischten Zykle versichen d‘Schoulen d‘Klasse komplett ze behalen. Dat ass am ländlechen och méi einfach.

An deene meeschte Schoulen si weider Mesuren ergraff ginn. Belëftungsanlagen, Spender fir d‘Hänn ze desinfizéieren an esouguer de „Sanitär-Beräich“ wier plazeweis nees zougänglech. Fir d‘Kanner wier all Dag an der Schoul ee Gewënn, mengt d‘Educatiounsministesch Stefanie Hubig, déi hir Decisioune wëll am Dialog mat den Acteuren um Terrain getraff hunn.

Firwat et Ausnamen huet

Well an dräi Landkreesser d‘Infektiounszuelen iwwerduerchschnëttlech héich sinn, an zudeem déi „brittesch Variant“ vum Coronavirus schéngt iwwerhand ze huelen, huet et ee puer Ausnamen. Am Krees Birkenfeld bleiwen esou all d‘Grond- a Fërderschoulen zou. Et gëtt awer een Noutdéngscht ugebueden, fir déi Elteren an/oder Erzéiungsberechtegt, déi musse schaffe goen.

Am Krees Cochem-Zell gouf schlicht an ergräifend de Präsenzunterrecht opgehuewen. Hei mussen d‘Elteren oder déi Erzéiungsberechtegt entscheeden, ob d‘Kanner an d‘Schoul kënne goen. Et gëtt leider keng Informatiounen zu engem méigleche Fernunterrecht fir d‘Butzen déi doheem bleiwen. Wéi laang un dëser Prozedur soll oder muss festgehale ginn, war um Sonndeg net gewosst.

Fir de Krees Germersheim, wou d‘Inzidenz bannent 24 Stonne vun 102 (e Samschdeg) op 124,8 (e Sonndeg) geklommen, a wou déi britesch Covid19-Variant sech zolidd um verbreeden ass, sinn d‘Grondschoule generell, an de Fërderschoulen d‘Zykle 1 bis 4, vum Unterrecht befreit. Dat emol sécher bis de 26. Februar. Alternative wéi Fernunterrecht sinn an dësem Fall net virgesinn.

mat indymedia/qmz

Illustratioun: © Kelly Sikkema / unsplash

Related topics Alternance, Covid19, Educatiounsministesch, Rheinland-Pfalz, Schoul, Stefanie Hubig
Next post Previous post