Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden
Neiegkeeten

Israel: Den Oppositiounsleader soll eng Regierung Bilden

No enger längerer Entrevue mat de Parteien an dem amtéierende

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of
Neiegkeeten

Däitschland zitt Diplomaten aus Nordkorea of

Bei sengem Besuch zu Washington, huet den däitschen Ausseminister matgedeelt,

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60
Neiegkeeten

CFL-Baustellen op der Linn 10 a Linn 60

D’Haaptzil vun der CFL besteet doran, dem Client héichwäerteg Déngschtleeschtungen

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn

Problemer an der Schoul? Da muss an der Vakanz geléiert ginn

Wärend sech d‘Gewerkschaft SEW/OGBL schonn emol däitlech géint d‘Nohëllef am Fondamental wären der grousser Vakanz ausgeschwat huet, ass een am Educatiounsministère weiderhin der Usiicht, datt een déi verlueren Zäit wärend dem Confinement, net einfach esou kann am Raum stoe loossen. Mee och hei wëll keen de Schüler d‘Schoulvakanz muedebëtzeg maachen.

An den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) schéngt decidéiert ze sinn alles an d‘Wee ze leede fir datt d‘Kanner aus dem Fondamental wéi aus dem Secondaire, net zu den Affer vun der Covid19-Kris zielen. Wann den Educatiounsminister och unerkennt, datt villes konnt iwwert de Fern- an/oder den Hausunterrecht konnt gemaach ginn, an d‘Reprise vun de Course gutt gelaf ass, esou muss et méiglech sinn, all deenen déi trotzdeem eppes Retard opgebaut hunn, och weiderhinn ze hëllefen.

Hien hat um Freideg dozou ee Programm annoncéiert, deen sech op zwee Piliere stëtzt. Esou sollen ab dem 29. August thematesch Dossieren op der Internetsäit vum Ministère verëffentlecht ginn, déi dann alle Schüler sollten zougänglech sinn. Den Hausunterrecht bleift déi zentral Demarche, mee et soll och eng Offer fir déi Schüler ginn, déi op d‘Presenz vun engem Enseignant ugewise sinn.

Dës „Nohëllefsstonnen“ gi vum 29. August bis den 11. September ugebueden, an hei soll sech op dat Essentiellt konzentréiert ginn. D‘Sproochen (däitsch a franséisch) wéi och d‘Mathematik genéissen hei eng gewësse Prioritéit. De Claude Meisch, deem d‘Positioun vu SEW/OGBL jo net onbekannt ass, weist all Kritik zeréck an betount datt vill Enseignante dëse Projet ënnerstëtzen.

Zum enge wiere vill Schoulmeeschter a Proffe bereet dës Coursen ze iwwerhuelen, an et géif och vill Studenten – déi jo schonn an den Asaz geschéckt goufen – déi sech an de Prozess wëllen abanne loossen. Zudeem ass nei keng rieds vun „Ganzdagsschoul“. Dës Nohëllefsstonne sinn op zwou Stonnen den Dag begrenzt, firwat och net ka rieds, sinn et géif een de Kanner d‘Vakanz klauen…

Illustratioun: © Johnny McClung / unsplash

Ähnlech Sujeten Educatiounsministère, Enseignement, Fondamental, Nohëllef, Schoul, Schoulvakanz, Secondaire, SEW-OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel