Search

You may also like

En digitalen Nationalfeierdag 2020
Neiegkeeten

En digitalen Nationalfeierdag 2020

D’Festivitéiten op Nationalfeierdag wéi mir se gewinnt sinn, falen an

money
Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck
Neiegkeeten

Cuvée „Schueberfouer“ 2017: E gutt Sammlerstéck

Fir déi siwente Kéier, gëtt et eng „cuvée spéciale“ fir

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen
Neiegkeeten

Dokteren ouni Grenzen maache Campagne fir nei Donateuren ze gewannen

Säit dem 27. November an nach bis den 22. Dezember,

Sinn eis Schoule Covid19-sécher?

Enseignantsgewerkschaften an Elterevereenegunge fuerdere Verbesserunge beim Dialog a nei Moossnamen

Sinn eis Schoule Covid19-sécher?

Ob SEW-OGBL an UNEL, d‘Feduse an d‘ANS (béid CGFP), wéi ëmmer méi Elterevereenegungen, d‘Stëmmung am Kontext vun der Covid19-Pandemie suergt an de Schoule fir gehéierege Chaos an de Minister geréit ëmmer méi ënner Drock. Keng Säit schéngt gewëllt nozeginn…

Fir de Patrick Arendt, Sekretär vum SEW-OGBL, geet et elo duer. Et géif héich Zäit endlech nees Uerdnung a Rou an dat Ganzt ze bréngen. De Gewerkschaftler ass veriergert an dat nawell Zolidd: „An der Schoul herrscht d‘Chaos, d‘Enseignante maache wat si kënnen, mee villes ass onkloer an de Minister hält sech zréck. Ëmmer méi Proffe sinn entweder krank oder a Quarantaine, an et gëtt keen Ersatz“. Dat weess och de Claude Meisch, dee jo mat engem Gesetz de Problem léise wëll.

Wat de Coronavirus ubelaangt, esou hat den Educatiounsminister nach ee Méindeg d‘Situatioun als „kontrolléiert“ bewäert an hält déi ganz Opreegung fir iwwerdriwwen. Schliisslech géif et an der Schoul keng Infektiounsketten, well d‘Kanner sech anerwäerts – am Familljekrees, de Frënn oder dem Veräin – géifen ustiechen. Dofir bréicht et dann och keng weider Moossnamen an der Schoul.

Deem widdersprécht de Patrick Arndt, a besteet op eng appropriéiert Reaktioun, déi dann awer vun den „Experten“ sollt ausgeschafft ginn. Eng Siicht déi esou och vum Virsëtzende vun der ANS, dem Patrick Remakel gedeelt gëtt. Wann hie wuel unerkennt, datt et d‘Politik ass déi d‘Decisioune muss huelen, esou sollt déi dem Dialog an der Kommunikatioun eppes méi Bedeitung vergënnen. Wann déi meeschten Enseignanten de Schoulbetrib um lafen hale wëllen, esou sinn dës och besuergt.

Suergen, mat deenen d‘Enseignanten net eleng ze kämpfen hunn. Och vill Elteren dinn sech ganz schwéier domadder, wéi politesch mat der Pandemie am Schoulberäich ëmgespronge gëtt. Esou gëtt säitens den Elterevereenegunge beklot, datt wann ee Kand „Kontakt“ zu engem Infizéierten an der Schoul hat (onofhängeg vun der Funktioun) dëst Kand weider um Unterrecht participéieren dierf.

Wann esou eng Situatioun allerdéngs an enger Entreprise oder esouguer engem Ministère entsteet, da mussen d‘Leit doheem bleiwen. Dat dréit net wierklech derzou bäi, ee bessere Versteesdemech am Ëmgang mat der Pandemie ze entwéckelen. Besonnesch och dann net, wann haut oder muer dat neit Covid19-Gesetz mat der enthalener Spärstonn soll an der Chamber gestëmmt ginn. Et ass hei zudeem irrelevant, oder d‘Krapperten hir Covid19-Infektioun besser wéi Erwuessener iwwerstinn.

Illustratioun: © Izy Park / unsplash

Related topics ANS, Claude Meisch, Covid19-Pandemie, Educatiounsminister, Enseignement, Feduse, SEW-OGBL, UNEL
Next post Previous post