Porte Ouverte an der Stater Theaterschoul
E Mëttwoch, den 9. September an en Donneschdeg, de 17. September
E Mëttwoch, den 9. September an en Donneschdeg, de 17. September
Nodeems de Claude Turmes e Freideg géintiwwer der Press an
An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar
Zanter haut de Moie sinn déi „mobil Ekippe“ vun der Gesondheetsdirektioun ënnerwee, fir direkt an de Schoulen de Covid19-Test un de Schüler duerchzeféieren. Hir Missioun: direkt op der Plaz (also an der Schoul) déi Schüler ze testen, déi „Kontaktpersoun“ sinn, a sech engem Test net wierklech verwiere kënnen. Allgemeng schéngt d‘Prozedur gutt ugeholl ze ginn, well esou ass et gemaach…
D‘Kandidate (dozou gehéieren och d‘Enseignanten) wieren awer am Virfeld vun hiren Direktiounen iwwert d‘Moossnam informéiert ginn. D‘Aktioun ëmfaasst eng Dosen Etablissementer, an esou sinn och zwielef Binomen „on the road“ fir dës Missioun zügeg an méiglechst reiwungslos iwwert d‘Bühn ze bréngen. Sech dësem Covid19-Test entzéien ass allerdéngs just theoretesch méiglech.
Laut enger fir dës Tester zoustänneg Persoun, hunn d‘Schüler eenzeg d‘Optioun tëscht „sech eppes an d‘Nues stieche loossen“ oder en „Ofstréch am Halsberäich“. Et wier een allerdéngs staark beméit déi ganz Prozedur méiglechst labber unzegoen an op d‘Ängschte vun de Schüler – besonnesch bei deene ganz jonken – anzegoen. Bis zur Mëttegstonn, huet dann och nach keng Reklamatioune ginn.
Déi ganz Tester ginn, wann dann d‘Missioun an de Schoulen ofgeschloss, um direkte Ween an den nationale Laboratoire (LNS) gefouert, wou se direkt sollten analyséiert ginn. Dat erkläerten Zil ass et bannent 24 Stonnen d‘Resultater virleien ze hunn. Et kann een dovunner ausgoen, datt haut zu Diddeleng eppes méi laang wäert musse geschafft ginn. Mee et ass jo fir de gudden Zweck….
Illustratioun: © Phil Hearing / unsplash