Search

You may also like

Se sinn net Doud, se rocke nach!
International Neiegkeeten

Se sinn net Doud, se rocke nach!

D’Rolling Stones hunn hir Europatournée mat engem Open-air Concert am

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch
International Neiegkeeten

Dossier Dieschbourg: Justiz entlaascht Ëmweltministesch

Während den „Dossier Traversini“ nach an der Maach ass, huet

dislike
#Metoo, erkläert
International Neiegkeeten

#Metoo, erkläert

Deen een oder aneren vun iech huet et villäicht schonn

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen

Nom Amoklaf zu Parkland hat den US-President déi ëmstridde Moossnam guttgeheescht

Florida: Schoulmeeschter dierfe bewaffent Unterrecht halen

Nom Amoklaf zu Parkland, wou Mëtt Februar 2018 e 19 järege mat engem Stuermgewier 17 Leit ëmbruecht huet, ass haart driwwer nogeduecht ginn, d‘Schoulpersonal ze bewaffnen. De 6. Mäerz 2019 hat de Kongress vum Staat Florida e Gesetz gestëmmt, mat deem den Zougang zu Waffe sollt beschränkt, an d‘Proffen an de Schoule, bewaffent solle ginn.

Elo ass dëst Gesetz och am Parlament mat 65 zu 47 Stëmmen ugeholl ginn. Feelt eigentlech nach just dem Gouverneur Ron DeSantis seng Ënnerschrëft, fir et a Kraaft trieden ze loossen. Et schéngt een dann der Usiicht ze sinn, datt wann een den Enseignante erlaabt eng Waff op sech ze droen, e Schoulmassaker wéi dat vu Parkland ze verhënnere wier. Et géif sech och entspriechend virbereet.

Am Ëmgang geschoult ginn

Tatsächlech ass et esou, datt iert de Proff sech an der Klass de Klabes ëmhänke kann, dësen eng extra Formatioun vun 144 Stonnen absolvéiere muss. Wat hei spezifesch geléiert gëtt a wien dës Ausbildung ubitt, ass den Ament nach net gewosst. Dofir weess een elo awer wien déi dreiwend Kraaft hannert dem Gesetz ass: dat sinn d‘NRA an „Moms Demand Action for Gun Sense“.

Während een sech iwwert d‘NRA (National Rifle Association) net weider Gedanke maache muss, hir politesch Intentiounen si bekannt, ass et wichteg drop hinzeweisen, datt d‘Vereenegung „Moms Demand Acion for Gun Sense“ vum fréieren New Yorker Buergermeeschter a Milliardär, Michael Bloomberg, finanzéiert gëtt. D‘Gesetz gehéiert dann och zum US-wäiten „Guardian Program“.

Net jidderee begeeschtert

Interessant ass ze bemierken, datt schonn eng Rei Bezierker vu Florida duerchblécke gelooss hunn, datt si sech net wäerten un dëser Moossnam bedeelegen. D‘Argument vun de Géigner vun dësem Gesetz: „Méi Waffe féieren net zu méi Sécherheet“. Si hunn Angscht, datt et duerch dës Waffen zu engem erhéichten „Onfall-Risiko“ kënnt an d‘Enseignante Policeaufgaben iwwerdroe kréien.

Et wier zudeem net auszeschléissen, datt am Fall vun engem Uschlag oder enger Schéisserei an der Schoul, déi Enseignante wou sech zur Wier setzen, vun der Police iertemlech fir den Ugräifer kéinte gehale ginn. Zudeem misst ee bedenken, datt och e Proff um Enn vum Dag nëmmen e Mënsch ass. Wat ass wann esou eng Persoun ausser Kontroll geréit? Et schéngt awer déi klengste Suerg ze sinn.

mat indymedia/mia

Foto: Muss een sech den Enseignant a Florida zukünfteg esou virstellen? © Daniela Jakob

Related topics Bewaffnung, Enseignanten, Florida, Guardian program, Moms Demand Acion for Gun Sense, NRA, Waffen
Next post Previous post