Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?
Neiegkeeten

Ass et zu Lëtzebuerg zu enger plëtzlecher Verschlechterung vun de Wunnkonditioune komm?

Reegelméisseg verëffentlecht Eurostat Statistiken doriwwer, a wéi engem Zoustand sech

cool
Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4
Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 4

Lëtzebuerg ass e Land voller klenger Ecken a Géigenden, déi

Wat bréngt Netflix eis am Januar?
Neiegkeeten

Wat bréngt Netflix eis am Januar?

En neie Mount ass ugebrach! Dat heescht, datt mer eis

D‘Schoulrentrée aus der Siicht vum Minister

D‘Schoulrentrée aus der Siicht vum Minister

D‘Schoul geet nees un, dorunner besteet definitiv keen Zweiwel méi. Mee wat huet et op sech, mat dëser Schoulrentrée 2018/19? No der Gewerkschaft OGBL-SEW, déi net spuersam mat der Kritik ëmgaangen ass, war et en Donneschdeg um Claude Meisch, Educatiounsminister, sech de groussen „Linnen“ unzehuelen an ze erklären.

Fir de Claude Meisch ass kloer, dës Rentrée steet am Zeeche vun der „Entwécklung an der Kontinuitéit“. Dorënner ass ze verstoen, datt bei dëser Schoulrentrée eng Rei versprieche sollen ageléist ginn: esou d‘Diversifikatioun vun der schoulescher Offer, an d‘Inklusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen. Et gëtt dann awer nach vill weider „Mesuren“ déi d‘Liewe vun de ronn 105.000 Schüler eppes veränneren dierften. Ëm wat et dobäi geet: en Erklärungsversuch.

Hannert deem wat den Educatiounsminister ënner „Diversifikatioun“ versteet, ass d‘Erëffnung vun zwee neie Lycéeën ze verstoen. Esou dee vu Munneref, deen eigentlech eréischt 2023 ageweit sollt ginn, an och „europäesch Klassen“ ubitt. Laut dem Minister d‘Äntwert op eng grouss Nofro. Dës Klasse sinn e Bestanddeel vun der ëffentlecher Schoul, muss hei ënnerstrach ginn. Deen aneren neie Lycée, benannt nom Edward Steichen, dee mécht zu Klierf seng Dieren op.

Am Norde vum Land geleeën, sollt hei nëmmen den ënneschten Zyklus „ugebuede“ ginn. Dat hätt der Attraktivitéit vun der Institutioun geschuet, esou de Claude Meisch, dee begrënnt, datt Schüler an Elteren et virzéien, eng Schoul ze besichen, wou een seng Studie bis zum Bac ka verfollegen. An och am „Edward Steichen“ ginn europäesch Klassen ugebueden, mat enger frankophoner a germanophoner Sektioun. Och Jonglënster kënnt an de Genoss vun enger internationaler Klass.

Vun Inclusioun a Kompetenzzentren

Nei bei dëser Schoulrentrée 2018/19, d‘Schafe vun dräi Kompetenzzentren, déi sech de Schüler mat spezifesche Besoine sollen unhuelen. Mee uecht gedoen! Den Educatiounsminister leet grousse Wäert drop, datt et sech heibäi net ëm „Spezialschoulen“ handelt. Déi Zentren hunn den Optrag, e Spezialist an dohinner ze schécken, wou e Schüler besonnesch Ufuerderungen un de Schoulsystem huet. Dat heescht, et ass net de Schüler dee Reest, mee de schouleschen Encadrement.

Hei hätt et an der Vergaangenheet u gudde Wëllen a Koordinatioun gefeelt. Verännerunge waren erwaart a gefuerdert ginn, wat elo dann och ëmgesat gëtt. Déi dräi Kompetenzzentre sinn all zu Stroossen ënnerbruecht ginn, an een dovunner hëlt sech de Schüler mat „Schwieregkeeten“ wéi beispillsweis Dyslexie oder Dysphasie un. En aneren Zenter soll sech mat den „Héichbegaabten“ beschäftegen, an den drëtten Zenter hëlt sech de „sozio-emotionelle“ Fäll un.

Interessant den Asaz vun engem „Schoul-Mediateur“. E Posten deen d‘Lis De Pina erhalen huet an där hir Missioun et ass, ganz „onofhängeg“ do anzegräifen, wou et zu Konflikter tëscht Schüler mat héijen „Ofbroch-Risiko“ an der Schoul kënnt. Fir den Educatiounsministère ass dat en zousätzleche Beweis dofir, datt et dem Claude Meisch mat senger Integratiouns- an Inclusiounspolitik eescht ass. Op dat, wéi gewënscht zu méi „Gläichheet“ a „Recht“ an der Schoul féiert, muss sech erweisen.

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Educatiounsministère, Inclusioun, Integratioun, Schoulrentree
Nächsten Artikel Virrechten Artikel