Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Startschoss fir d’Rennen op Weltraumressource fält zu Lëtzebuerg

Haut kritt Lëtzebuerg ee Gesetz, dat d’Erfuerschung an d’Notzung vun

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?
Neiegkeeten

Editorial: Chamberwahlen – Wat ass dat dann?

D’Chamberwahle sti virun der Dier. Schonn e Sonndeg muss ee

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ
Neiegkeeten

Loosst de Vëlo liichten! Beliichtungscheck vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ

Um 8. November 2018 bitt d’Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) an Zesummenaarbecht

Et geet erëm lass – Schoulrentrée 2018

Et geet erëm lass – Schoulrentrée 2018

Ab dësem Méindeg Moien huet et fir Lëtzebuerger Primärschoulschüler geheescht fréi opzestoen. Mat der Schoulrentrée fänkt fir d‘Schüler, wei och fir d‘Léierpersonal erëm den Eescht vum Liewen un.

Zu dësem Ulooss verëffentlecht Police Lëtzebuerg e puer allgemeng Informatioune fir een séchere Schoulwee. Sou sollen eis Kanner beispillsweis just beim Zebrasträif iwwert Strooss goen an sech wäit ewech vun der Strooss halen.

Mee och d‘Eltere solle mat guddem Beispill virgoen. Sou sollen si oppassen, dass Kanner déi wesentlech Verkéiersregele kennen an dass si siichtbar fir Autosfuerer sinn. All Informatiounen heizou fannt dir ënnert www.police.lu

Och nei ab dësem Joer sinn gratis Schoulbicher fir Lëtzebuerger Schüler. All obligatoresch Bicher gi vum Staat zur Verfügung gestallt. Wien seng Bicher nach net huet fënnt all déi néideg Informatiounen ënnert www.eschoolbooks.lu.

Flott ass hei och, dass all Schüler, den ee gebrauchte Buch keeft ee Bong am Wäert vun der Halschent vum Akafspräis vum neie Buch kritt.

Mir wënschen een erfollegräicht Joer!

Ähnlech Sujeten Enseignanten, Enseignement, Schoul, Schoulrentree, Schüler
Nächsten Artikel Virrechten Artikel