Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt
Neiegkeeten

Gratulatioun: Zwee nei Schäffe goufe vereedegt

Gëschter sinn bei enger offizieller Zeremonie zwee nei Schäffe vun

Freya Ridings am Atelier: Wann duusst Liicht d’Gefillsdäischtert duerchbrécht
Neiegkeeten

Freya Ridings am Atelier: Wann duusst Liicht d’Gefillsdäischtert duerchbrécht

Kennt Dir d’Gefill, no engem ustrengenden Dag eng waarm Bidden

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun
Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik an d‘UNI-Lëtzebuerg ënnerschreiwe Kaderkonventioun

Um Mëttwoch hunn d‘Kulturministesch Sam Tanson (déi gréng) an de

Schoulrentrée 20/21: Wéi ass den éischte Moien ofgelaf?

Schoulrentrée 20/21: Wéi ass den éischte Moien ofgelaf?
© Shari Pleimelding/moien.lu

Haut de Moien duerft d’Press, zesumme mat der Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, der Schäffin Colette Mart an 216 Kanner nees an d’Schoul zu Bouneweg – déi eng fir eppes bäizeléieren, déi aner fir sech déi bëssen aner Schoulrentrée emol op der Plaz unzekucken. Am Fondamental hu souwuel d’Schüler, wéi och d’Léierpersonal sech virbildlech verhalen.

Bausse goufen si a Gruppen opgedeelt an noeneen eraguidéiert. Ier de Cours da konnt starten huet all Kand sech missen d’Hänn wäschen, fir uschléissend op senger Plaz d’Mask dierfen auszedoen. D’Buergermeeschtech Lydie Polfer, déi selwer zu Bouneweg an d’Spillschoul gaangen ass, huet sech begeeschtert gewisen, datt déi sanitär Moossnamen esou gutt ëmgesat gi sinn.

Jo, et ass eng Erausfuerderung, mee „mir sinn op alles preparéiert“, erkläert d’Lydie Polfer, an hofft dorop, datt d’Schouljoer esou normal wéi méiglech verleeft. An dëser Schoul huet hunn iwwregens haut 15 Klassen a 26 Enseignanten dat neit Schouljoer ugefaangen.

Insgesamt zielt d’Stad Lëtzebuerg 19 Fondamentalen, déi 5.197 Kanner ëmfänken. Ënnert hinne sinn 1.886 Kanner am Cycle 1 ageschriwwen an 3.310 an de Cyclen 2 bis 4. D’Schüler goufen an 357 Klassen ënnerdeelt, déi vu 455 Enseignanten, 132 Chargés de Cours, 41 diploméierten Educateuren an 19 graduéierten Educateure betreit ginn.

Ma, 40 % vun de Schüler si Lëtzebuerger. Eleng am Fondamental zu Bouneweg sinn 11 Nationalitéiten ze fannen, wat fir d’Stater Buergermeeschtesch en Zeeche vu gudder Integratioun a vu friddlechem Zesummeliewen ass. Eng Erausfuerderung, déi si allerdéngs nach gesäit, ass d’Upassung vun den ale Gebaier u Kanner mat reduzéierter Mobilitéit.

Mir wënschen en erfollegräicht Schouljoer!

Uewen fannt Dir eng Billergalerie © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bonnevoie-Verger, Bouneweg, Colette Mart, Cycle 1, Enseignant, Fondamental, Hänn Wäschen, Léierpersonal, Lydie Polfer, Mask, reduzéiert Mobilitéit, sanitär Moossnamen, Schoul, Schoulhaff, Schoulrentree, Schüler, Spillschoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel