Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wunnengskris a Schutz fir d‘Locatairen
Neiegkeeten

Wunnengskris a Schutz fir d‘Locatairen

No der d‘Staatsbeamtekummer (CHFEP), déi virun e puer Woche schonn

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou
Neiegkeeten

De Parking Rousegäertche bleift bis op weideres zou

Nom schwéiere Feier vum 9. September am Parking Rousegäertchen, hat

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia
Neiegkeeten

Kenyatta Leader vun onduerchsichtege Walen am Kenia

Obwuel d‘Resultater nach provisoresch sinn, huet um Mëttwoch d‘Oppositioun am

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn

D‘Schoulrentrée: Mir recoltéieren, wat mer geséit hunn

Um Virdag vun der Schoulrentrée am fundamentalen Enseignement huet den Educatiounsminister Claude Meisch drop higewisen, datt et och fir hien eng besonnesch Rentrée gëtt. Net nëmme wéinst all de Reformen, déi a Kraaft trieden, mee och well eent vu sengen eegene Kanner säin éischte Schouldag huet.

Déi vill Reuniounen, Entrevuen a Gespréicher, déi zu de Reforme gefouert hunn, kommen elo zum droe. „Et ass e Karschnatz. Mir recoltéieren elo wat mer geséit hunn“, esou de Minister optimistesch.De Claude Meisch mengt, datt Enseignante gären a virun allem engagéiert diskutéieren. An dat hätt een dann och am Leitmotiv festgehalen: „Mir schwätzen Zukunft“. Fir d‘Ziler, déi sech gesat goufen ze erreechen, wier et elo dann awer noutwenneg datt all d‘Acteuren um Terrain zesummeschaffen.

D‘Rentrée vum Vertrauen

Eise Schoulsystem ass also gutt, a mat de Reformen nach e Stéck besser. Wann elo och nach jiddereen um selwechte Strang zitt, profitéieren an éischter Linn déi, fir déi se gemaach goufen. An dat sinn d‘Kanner! Et muss een et just ëmsetzen an engagéiert un d‘Saach erugoen. Elo ze erwaarden, datt vun der éischte Minutt un alles „Perfekt“ leeft wier falsch. Ännerunge sinn a bleiwe fir all concernéiert eng Erausfuerderung, esou de Minister.

Mee iert dann och elo den Däiwel un d‘Wand gemoolt gëtt, sollt een awer dat positiivt net aus dem Bléck verléieren. Esou beim Lycée, wou d‘Reform fir vill Fräiraum a Gestaltung aus eegener Initiativ suerge soll. Gläiches géif fir den „Differencié“ gëlle, wou mat den Neierungen d‘Inklusioun eng reell Chance kréicht. An och soss, wier duerch déi Form vun der Betreiung, eng Entlaaschtung vun de Famillje méiglech gemaach ginn.

D‘Beispill sinn, d‘Beispill weisen

Op Wäerterunterrecht, d‘Digitaliséierung an d‘Autonomie vun de Schoulen, villes wier Beispillhaft an et gëtt EU-Länner, déi sech eise Bildungssystem wäerten a wëllen ukucken. Frankräich a Portugal zum Beispill hunn hiert Interessi schonn ugemellt. Besonnesch de Volet vun der Villsproochegkeet schéngt de Virwëtz bei villen erwächt ze hunn. Dobäi dierf ee bemierken, datt mir hei „up to date“ sinn wat och d‘Fuerschung hir gëtt.

Besonnesch de Volet vun der Villsproochegkeet schéngt de Virwëtz bei villen erwächt ze hunn.

Systematesch Sproochfërderung, déi och schonn an der Crèche zur Uwennung kënnt, ass wäertvoll a féiert am Bildungsberäich zu unerkannte Resultater. Esou erliichtert et d‘Léieren u sech. Eng Schwäizer Delegatioun huet ugefrot fir sech dat ganzt unzekucken. Dat an déi insgesamt Diversifikatioun vum Bildungssystem bréngt eis an d‘Kanner weider.

D‘Schoul soll bei de Schüler passen

Well et wichteg ass, datt keen eleng gelooss gëtt an och wierklech jiddereen seng Chance kann notzen, huet all Lycée d‘Méiglechkeet säin eegene „Profil“ ze erstellen. Esou huet de Schüler d‘Wiel a seng Talenter kënne besser verwäert ginn. Onofhängeg dovunner op an der Informatik oder dem Entrepreneurship, fir nëmmen dës Beispiller ervirzehiewen.

Eng Schoul ass nu emol keng Fabrick mat standardiséierte Prozesser

Esou sinn och d‘Optiounscoursen an déi ausserschoulesch Offertë fir den interesséierte Schüler eng weider Méiglechkeet, sech fräi awer encadréiert ze entfalen. Richteg ass dann, datt d‘Politik wuel d‘Richtung vir gëtt, mee d‘Schoule vill Fräiraum hunn eegen Iddien, Proposen ëmzesetzen. Eng Schoul ass nu emol keng Fabrick mat standardiséierte Prozesser, wat bedeit, datt ee vum Eenheetsmodell muss ewech kommen.

Innovativ sinn a bleiwen

Laut dem Minister géing Lëtzebuerg zu den innovatiivste Länner bei der Bildung gehéiert. Déi spezifesch Situatioun vu Lëtzebuerg verlaangt dann och, datt mir eis den Ufuerderunge stellen géifen, déi eng multikulturell Gesellschaft mat sech bréngt.

D‘Schoul ass en evolutive Milieu an deem esouwuel de Schüler wéi den Enseignant fir déi beschte Konditioune musse suergen.

Et kéint an et dierft ee net an Zäiten zréck falen, wou Reforme géint de Wëlle vun den Enseignante gemaach goufen. D‘Schoul misst op der Basis vum Vertraue gestalt a geformt ginn. D‘Schoul ass en evolutive Milieu an deem esouwuel de Schüler wéi den Enseignant fir déi beschte Konditioune musse suergen.

An deem Sënn, a fir et och den Erzéiungsberechtegten no ze bréngen, gëtt dat vun enger Kommunikatiounscampagne begleet. De Minister weess, datt wuel net alles perfekt ass, an hei an do munches muss ugepasst ginn. D‘Gesetzer leeën d‘Linnen fest, sinn awer, an dorops besteet de Claude Meisch, net a Stee gemeesselt.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Bildung, Claude Meisch, Reform, Schoul
Nächsten Artikel Virrechten Artikel