Search

You may also like

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC
Neiegkeeten

Pëtrol: Eng russesch-arabesch Allianz zu Laaschte vun der OPEC

Saudiarabien wëll Russland mat an en neie Club vu Pëtrolsproduzenten

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech
Neiegkeeten

D‘Loftqualitéit an der EU verbessert sech

An der EU gëtt d‘Loftqualitéit lues a lues besser, woubäi

Verdeedegung vun engem Escher a Monnerecher Schäffen
Neiegkeeten

Verdeedegung vun engem Escher a Monnerecher Schäffen

Gëschter Mëtteg huet d’Inneministesch Taina Bofferding de Christian Weis als

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Schraasseg: Wann Handschellen a Knëppel net méi duer ginn…

Am Prisong zu Schraasseg ramouert et, d‘Prisonéier sinn onzefridde well déi versprache Reform net kënnt, an d‘Giischtercher mussen sech dem Onmutt mat Handschellen an Knëppel an de Wee stellen. Dat schéngt dann och de Grond ze sinn, firwat elo opgerëscht soll ginn.

Déi juristesch Kommissioun vun der Chamber hat dann och um Mëttwoch eng Delegatioun empfaangen. Bei der Entrevue, ass et och ëm de rezenten „Opstand“ am Prisong gaangen, wou d‘Prisonéier „gestreikt“ haten. Hei muss een der Vollstännegkeet hallwer awer drop hiweisen, datt d‘Situatioun wuel komplizéiert war, et awer net zu Gewaltausbréch komm ass.

An de Volleksvertrieder sinn dann och d‘Fuerderungen, déi säitens der Associatioun vun de Giischtercher (AAP) gestallt net nei. D‘AAP hat sech mat engem Avis zum Gesetzprojet, deen eng Reform vun den Haftkonditiounen am Prisong soll erbäiféieren, zu Wuert gemellt. Dem Justizminister seng Reform, soll zur sozialer Reintegratioun vun de Prisonéier bäidroen.

Eng Reform déi esou och vun de Giischtercher begréisst gëtt, mee net sollt doriwwer ewechtäuschen, datt och hir Aarbecht muss entspriechend valoriséiert a méi sécher gemaach ginn. Hir Revendicatioune sinn dann och vun der Kommissioun opgeholl ginn, a vill vun den Deputéierten hunn sech zu engem Amendement fir d‘Gesetz duerchgerongen.

Pefferspray a Flash Ball

Dat heescht, datt si d‘Fuerderung no méi „Moyenen“ ënnerstëtzen: Pefferspray a Flash Ball, sollen d‘Sécherheet vun de Giischtercher verbesseren. An et wier dann och den Deputéierten net schwéier gefall dëse Fuerderung unzehuelen, nodeems säitens der Delegatioun vun enger „explosiver Stëmmung“ erzielt ginn ass, déi der verännerter „Populatioun“ am Prisong geschëlt wier.

Eng Populatioun déi géintiwwer „fréieren Zäiten“ wiesentlech méi gewaltbereet wier, heescht et um Krautmaart. „De Pefferspray géif verhënneren datt de Prisonéier dee sech revoltéiert, misst geschloe ginn“, heescht et am Avis vun der AAP vun 2016. Gefuerdert war och d‘Ausstafféierung mat Taser, mee dëser Revendicatioun ass een net nokomm.

Fir d‘Presidentin vun der juristescher Kommissioun, Sam Tanson (déi gréng), ass et och net néideg. Géintiwwer RTL huet si gemengt, datt et eng spezial Eenheet gëtt, déi am Noutfall agräift an och entspriechend ausgebilt a equipéiert wier. Si stellt sech domatter hannert d‘Argument, dat vum Ministère ugefouert ginn ass, an sech mat der Gefor vun der Benotzung vun Taser befaasst huet.

Begrenzten Asaz

D‘Volleksvertrieder hunn dann awer och e strikte Kader, fir den Asaz an d‘Lagerung vun dëse Waffen, festgeluecht. Dës nei Mëttel dierfen nëmmen am Fall vun der Selbstverteidegung, a fir d‘Sécherung vum Sécherheetsperimeter (Dobaussen an net am Prisong selwer) zu Asaz kommen.

An domatter schéngen d‘Giischtercher och gutt liewen ze kënnen. Et wier och net sënnvoll esou Waffe stänneg op sech ze droen. Hinnen ass et wichteg drop zréckgräifen ze kënnen, falls eng Situatioun et erfuerderlech mécht. Dat gekläert, ass sech aneren Themen zougewennt ginn: den Transport vun de Prisonéier an d‘Duerchsichen am Prisong.

Wat den Transport ubelaangt, esou gëtt dat zukünfteg en Aufgabeberäich dee vun der Police muss iwwerholl ginn. Déi brauchen da wuel méi Personal, mee am Kader vun der Policereform war dat och esou virgesinn. Wat d‘Duerchsichen ubelaangt, esou géif e sech iwwert den Asaz vun Hënn freeë fir verbueden Objeten (Handy, Drogen, asw) opzespieren.

D‘Reform vum Justizminister Felix Braz (déi gréng), déi zu besser Haftbedéngungen a konkret Verbesserunge bei der Reintegratioun soll bäidroen, misst schonn am September a Kraaft trieden. Et musse wuel nach eng Rei Amendementer ugeholl ginn, mee et schéngt näischt géint e Vote am Juni ze spriechen.

Related topics Chamber, Felix Braz, Giischtercher, Juristesch Kommissioun, Sam Tanson, Schraasseg
Next post Previous post