De „roude Block“ gewënnt d‘Parlamentswahlen an Dänemark
D‘Dänen hunn sech bei de Parlamentswahle fir eng nei Regierung
D‘Dänen hunn sech bei de Parlamentswahle fir eng nei Regierung
Hien hat nach eigentlech ni wierklech liicht, den Educatiounsminister Claude
Mat 6 neie Spiller sollen d’Leit a Massen ugezu ginn. De Crazy Clown, den Techno Power, den Transformer, den Intoxx, den Aeronaut an d’Alpina Bahn glidderen sech tëscht déi divers Attraktiounen, déi Kleng a Grouss ee Laachen op d’Gesiicht zaubere sollen, an. Am Ganze wäerten esou ronn 250 Stänn ze fanne sinn, déi sech ënnert anerem an 80 Verkafsstänn, 16 Spiller fir kleng Kanner, 13 Restauranten a 16 Séissegkeetestänn opdeelen.
Eigentlech ass eis Fouer deemools vum Jang de Blannen, Kinnek vu Böhmen a Grof vu Lëtzebuerg, als Verkafs-Foire gegrënnt ginn. Bis haut huet sech dëst Fest gehalen an zitt all Joer iwwer 2 Millioune Visiteuren aus dem Grand-Duché an der Groussregioun un. Et war eréischt am Laf vum 19. Joerhonnert, datt sech dës Foire, déi am spéide Summer um Glacis stattfënnt, sech zum Amusement fir d’Bevëlkerung weiderentwéckelt huet.
Am Lëtzebuerg City Museum kann een esou nach bis den 29. Mäerz 2020 d’Entwécklung vun dem spannenden Evenement noverfollegen. Och wann eis Fouer ähnlech wéi aner grouss Kiermessen an Europa gewuess ass, esou hu mir zu Lëtzebuerg e puer Partikularitéiten opzeweisen: Nieft der Proximitéit zum Stadkär ass och den internationale Charakter vun der Schueberfouer aussergewéinlech. Mëttlerweil kommen d’Schausteller aus de verschiddensten Ecker vun Europa, wat sech natierlech och un hire Stänn bemierkbar ass – kuckt een dach nëmmen emol déi divers Iesskulturen, déi um Glacis ze fanne sinn.
Mat senger relativ klenger Fläch vu 4,4 Hektar sinn d’Stänn, d’Spiller an aner Attraktiounen och immens no uneneen, wat sech fir déi eng als schéi kuscheleg, fir anerer als grousst Zerdrécks erausstellt.
Bei der Ausstellung ginn unhand vu Fotoen, Karten, Affichen a Filmer een Abléck an den Amusement vun e puer Joerhonnerte gebueden. Heizou gehéieren natierlech d’Optrëtter vun de berühmte Seckbachs oder och d’Wild West Show vum Buffalo Bill.
Eng esou al Traditioun opzegi wier, wéi wann de Superjhemp bemol Schockelasbotter géif iessen, amplaz vu Kachkéis. Soumat kann een dës Fro schnell mat engem Jo beäntweren. Ob een elo all zweeten Dag eng spannend Zäit mat de Kollegen um Glacis verbréngt, ee Mol mat der Famill laanscht d’Attraktioune schlendert, oder och einfach doheem bleift, laanscht d’Fouer kënnt wuel kee vun eis.
D’Kritiken, déi an de leschte Joren ëmmer méi grouss gi sinn, dréien sech haaptsächlech ëm d’Präisser an d’Gedrécks – zwee Aspekter un deenen ee mat Sécherheet schaffe kann. Wéineger ass heiansdo méi, wat an dësem Fall esouguer zu den zwou Kritike passt. Virun allem un de Familljendeeg a Weekender muss ee wierklech de Wëllen, sou wéi zwee staark Ielebéi hunn, fir sech säi Wee zu den Churros an dem Riserad fräizekämpfen.
D’Kombinatioun aus méi niddrege Präisser an e bëssi méi Plaz fir ze Ootmen hätt dobäi net nëmme Virdeeler fir d’Visiteuren. Een allgemeng méi glécklecht Klima zitt schliisslech méi Publikum un a léisst bei sou muncher Persoun och de Portmonnie méi oft opgoen. A wien trotzdeem op alle Fall NET mat dobäi wëll sinn, majo déi hunn och hiert gutt Recht doheem ze bleiwen. An dësem Sënn wënsche mir vill Freed op de Spiller, respektiv um Kanapee!
Opmaacherfoto © Martine de Lagardère/moien.lu