Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!
International Kultur Neiegkeeten

D’Covid-Gesetzer musse grondsätzlech verbessert ginn!

Dräi Méint nom Ufank vun den éischte Moossnamen zur Andämmung

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet
International Kultur Neiegkeeten

Kosovo: 20 Joer an (nach) keng Gerechtegkeet

Géint den Hashim Thaci, President vum Kosovo, huet den internationale

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“
International Kultur Neiegkeeten

De CIGL-Esch luet an op seng Randonnée „Roude Buedem“

E Samschdeg 26. Januar organiséiert den Zenter vun der lokaler

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy

Wat een alles wësse sollt

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy

E Freideg geet se nees lass: eng weider Editioun vun der beléifter Schueberfouer steet un! Déi ursprénglech Handelsfoire huet sech a senge Joerhonnerten u Bestoen zu engem mageschen Treffpunkt entwéckelt, déi eis Kultur an Traditioun mat Spill a Spaass vereent. Bei der Pressekonferenz gëschter Moien sinn wichteg Informatioune vun dem Evenement, wat vum 28. August bis den 11. September stattfënnt, vermëttelt ginn. Schueberfouer 2019 – sitt Dir dobäi?

Bei der Presentatioun vun der Schueberfouer 2019 waren de Charles Hary, President vun der Federatioun vun de Forainen, de Marc Beckius vum CGDIS, d’Myriam Meyer vun derPolice, de Serge Wilmes a Patrick Goldschmidt, Schäffe vun der Stad Lëtzebuerg, de Laurent Schwaller, neien Déngschtchef vum Service fir d’Foiren an d’Mäert, de Romain Pax, Verantworleche fir d’Zirkulatioun an de Gilles Peters, dee sech ëm den ëffentlechen Transport këmmert mat dobäi. Scho virun der offizieller Erëffnung hunn si allen involvéierten Acteuren, vun der Police bis zum Aussteller een décke Merci ausgeschwat.

De ganze Programm a Kuerfaassung fannt Dir direkt HEI zum download.

Schueberfouer 2019

© VDL/Charles Soubry

D’Schueberfouer am Iwwerbléck

Ab e Freideg, den 23. August verwandelt sech de Glacis nees an eng Welt aus Attraktiounen, Verkafsstänn a rasante Spiller. D’Fouer, déi 1340 vum Jang de Blannen an d’Liewe geruff ginn ass, gëllt mëttlerweil bei de Forainen als ee vun de wichtegsten Evenementer an der Groussregioun an a ganz Europa.

Déi offiziell Erëffnung vun der Schueberfouer ass pünktlech um 17:00 Auer a Presenz vun der Stater Buergermeeschtech Lydie Polfer. Uschléissend kënnen d’Visiteure wärend 20 Deeg vun den Achterbunnen, Restauranten, Séissegkeetestänn a villem méi profitéieren. Folgend Ëffnungszäite sinn an dësem Joer virgesinn:

  • Méindes bis Donneschdes vu 14:00 bis 01:00 Auer
  • Freides vu 14:00 bis 02:00 Auer
  • Samschdes vun 12:00 bis 14:00 Auer
  • Sonndes, um Familljendag (28. August) an um leschte Fouerdag (11. September) vun 12:00 bis 01:00 Auer

D’Attraktioune kënnen un allen Deeg och schonn um 11:00 Auer op maachen

© Martine de Lagardère/moien.lu

Insgesamt sinn iwwer 800 Demanden eragaangen, woubäi dës Kéier 231 Geschäfter um Glacis ze fanne sinn. Dovunner sinn 13 Stéck Restauranten (keng Iessbuden!), déi bis zu 4.800 Sëtzplaze bidden. Wichteg ze wëssen ass dann och, datt 7 Plaze mat Toiletten, dovunner 2 fir Persoune mat reduzéierter Mobilitéit an 1 Non-Payant mat Wéckeldësch, um Site zur Verfügung stinn.

De ganze Beräich gëtt mat Kameraen, wéi och uniforméierten an ziville Beamten iwwerwaacht. De Kommissariat vun der Police befënnt sech iwwregens och bei der Haaptentrée.

Déi gastronomesch Etablissementer bleiwe weiderhin an Nord-Oste vum Site regruppéiert. Spiller, Manegen a Verkafsstänn loossen sech op der restlecher Fläch (4,44 Hektar insgesamt) fannen. Déi gréisst Attraktioun 2019 stellt d’Alpina Bahn duer, déi direkt bei der Haaptentrée ze fannen ass. D’Bedreiwer vun der Achterbunn hunn souguer d’Oktoberfest zu München fale gelooss, fir de Grand-Duché mat hirer Attraktioun ze besichen!

A Saachen Transport bieden d’Organisateuren déi zuelräich Visiteuren den Auto wa méiglech doheem ze loossen. Den ëffentlechen Transport (Bus, Zuch, Tram) ass wäit genuch ausgebaut oder ugepasst ginn, sou datt een de Glacis ouni Problem erreeche kann. D’Parkplazen um Lampertsbierg am Rollengergronn an am Pafendall sinn déi ganzen Zäit iwwer Payant, sou datt d’Residenten och d’Méiglechkeet kréien, an der Géigend vun hirer Hausdier ze parken.

Schueberfouer 2019

Persoune mat reduzéierter Mobilitéit stinn e puer Parkplazen an direkter Ëmgéigend ab 11:00 Auer zur Verfügung. Dës weidere bitt d’Fouer och an dësem Joer nees de Service Call a Bus fir si un. Echtzäitinformatioune fir all Transportmëttel fënnt een déi ganz 20 Deeg op vdl.lu.

No 20 Deeg un Amusement, Adrenalin an hoffentlech ville gléckleche Gesiichter wäert d’Schueberfouer um Mëttwoch, den 11. September säi leschten Dag zelebréieren. Um 22:00 Auer fënnt dat traditionellt Freedefeier, offréiert vun der Stad Lëtzebuerg an der Nationaler Federatioun vun de Forainen, um Glacis statt.

Lämmy on Tour!

Eng weidert neit Element op der Schueberfouer 2019 ass dat offiziellt Maskottchen: de Lämmy. Inspiréiert un de Schof, déi bei der Erëffnung net feelen dierfen, kënnt Dir dat risegt Schof mat Schal a Mutz léif drécken, Fotoe mat ëm maachen an um Lämmy Fouer Spill deelhuelen.

Um 24., 25. an 31. August, sou wéi um 1., 7. an 8. September verdeelt d’Schof tëscht 12:00 an 13:00 Auer Ticketen fir um grousse Gewënnspill deelzehuelen. Den ausgefëllten Ziedel muss um 9. September an d’Urn bei der Haaptentrée geworf ginn, de Gewënner muss beim Zéie géint 18:00 Auer op der Plaz sinn. Ze gewanne ginn et zuelräich Reesen an den Europapark Rust.

Um 26. an 30 August, sou wéi um 3., 6. an 10. September kann een de Lämmy och nach am Souvenirsgeschäft „Schueberfouer“ untreffen. De gesamten Erléis vum Verkaf bei dësem Stand geet un de karitativen Zweck. Net onwichteg ass, wa mir schonn dobäi sinn, datt een Deel vum Verkaf vum Cuvée Schueberfouer fir de gudden Zweck gespent gëtt. Donieft ginn och Metallstëpp vun de Fläsche gesammelt, gewien an den Erléis gespent.

Schueberfouer 2019

© Shari Pleimelding/moien.lu

Sécherheet um Glacis

D’Myriam Meyer vun der Lëtzebuerger Police huet bei der Konferenz déi verschidde Missioune vun de Beamten erkläert. Am Kommissariat kann ee sech mellen, wann ee beispillsweis eng Plainte maache muss, een Delikt melle wëll oder souguer säi Kand verluer huet. Verschidde Patrulle gi reegelméisseg iwwert de Site, kontrolléiere Visiteuren a Forainen a kënnen esou am schlëmmste Fall agräifen. Eng Ekipp këmmert sech ëm d’Strooss, sou datt de Verkéier viru leeft, kee vum Tram iwwerrannt gëtt an Protokoller un déi verdeelt ginn, déi sech net un de Code de la Route halen.

D’Police huet am Kader vun der Schueberfouer den #sécherfouer mat diverse Recommandatiounen opgestallt. Si rode beispillsweis säi Portmonnie am Aen ze behalen, déi eege Posch oder de Rucksak ni aus dem Bléck ze verléieren, sech beim Suen Ophiewen net oflenken ze loossen an och keng wäertvoll Géigestänn siichtbar am Auto leien ze loossen. De ganzen Depliant fannt Dir HEI.

Wie säi Portmonnie geklaut kritt, soll seng Kaarten direkt iwwert den +352 49 10 10 blockéiere loossen. Kritt een den Handy entwennt, soll een den Operateur kontaktéiere fir d’SIM Kaart ze blockéieren. Bei all Déifstall muss d’Police kontaktéiert ginn. D’Beamte sinn all Dag vu 14:00 bis 01:00 Auer, respektiv 02:00 Auer op der Plaz.

Elteren an aner Opsiichtsberechtegt kënne vum gratis Service Enfants perdus profitéieren. D’Kanner ginn iwwert ee Formular op www.police.lu agedroen, kréien um Glacis selwer ee Sticker a kënnen sou schnell erëmfonnt ginn.

Natierlech ass och d’Statioun vum CGDIS ëmmer besat. Si garantéieren déi Éischt Hëllef an de Brandschutz um Site.

© Martine de Lagardère/moien.lu

D’Fouer an Zuelen

Bei der Editioun 2019 kann een iwwer 8 Accèsen (E1 bis E9) d’Schueberfouer betrieden. Déi 231 Etablissementer deelen sech no folgender Hierkonft op: 35,1 % aus Lëtzebuerg, 32,9 % aus Frankräich, 16,9 % aus Däitschland, 13,4 % aus der Belsch, 1,3 % aus Holland an 0,4 % aus Australien.

Am Ganze sinn 57 Stänn mat Verkaafsartikelen, 31 Spillstänn, 17 Schéissstänn, 8 Luna-Parken, 1 Autoscooter, 33 Manegen, 13 Restauranten, 28 Buvettë mat salzegem Iessen, 18 Buvettë mat séissem Iessen, 17 Séissegkeetestänn,an 8 aner Stänn a Spiller present.

Nei an dësem Joer sinn bei de Spiller d’Alpina Bahn, den Intoxx, den Transformer, Techno Power, den Aeronaut a Crazy Clown. Um gastronomeschen Niveau sinn eng éischte Kéier Pas de Chi-Chi, Frozen Yogurt by Yomara, Corona Corner, Confiserie Popcorn an Den Hollaenner (mat neiem Konzept) op der Plaz.

Schueberfouer

© Martine de Lagardère/moien.lu

Den artisteschen Aspekt

Am Mäerz 2017 hat d’Stad Lëtzebuerg ee Concours zur Realisatioun vum Fouer-Plakat lancéiert. Deemools konnt dem Nadia Recken seng Affiche déi 3. Plaz beleeën, ass zeréckbehale ginn an duerft 2019 als offiziell Publicitéit genotzt ginn.

D’Portal an der Haaptentrée ass iwwregens am Joer 2007 vun enger Kënschtlergrupp ënnert der Leedung vum Rik Van Kerchove erstallt ginn. Mat enger Gréisst vun 18 x 18 Meter, faarwefroue Gestalten a Liichteffekter gëllt dëst Wierk scho quasi als bekannte Kolleg vum Evenement.

Nach bis den 29. Mäerz 2020 leeft am Lëtzebuerg City Museum eng spannend Ausstellung zur Entwécklung vun der Schueberfouer. Mat Fotoen, Filmer, Affichen an Ablécker an den Amusement vun e puer Joerhonnerte kritt een esou d’Méiglechkeet an all Detail vun der riseger Kiermes anzedauchen.

Mir wënsche vill Freed!

Opmaacherfoto: En Tour iwwert d‘Schueberfouer  © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Achterbunn, Alpina Bahn, Call a Bus, CGDIS, Glacis, Informatiounen, Jang de Blannen, Lämmy On Tour, Lëtzebuerg City Museum, Lydie Polfer, Nadia Recken, Police, Programm, Schueberfouer 2019, Traditioun, VDL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel