Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Ernie Hammes mam „Regiis Ostium“ zum groussherzogleche Gebuertsdag!
https://moien.lu/economist-speed-dating/ Stories

hook up with pregnant girl

De Selektiounscomité huet den Ernie Hammes als Komponist vum musikalesche

https://moien.lu/free-dating-app-like-tinder/
https://moien.lu/economist-speed-dating/ Stories

CFL an Nordstadpolitiker geroden sech an d‘Hoer (nogeduecht)

D‘Eisebunn (CFL) ass – wéi de Minister fir Verkéiersonsécherheet a

New York: Eng Gay Pride géint den Trump
https://moien.lu/economist-speed-dating/ Stories

New York: Eng Gay Pride géint den Trump

Um Sonndeg hunn dausende Mënschen an engem Mier u Reebou-Fändelen

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Gutt bedéngt vum Buergermeeschter

Wéi all Joer, mécht d‘Schueberfouer och 2017 keng Ausnam an huet wéi gewinnt d‘Buergermeeschter agelueden, fir ee ganzen Owend sech an de Service vun der Gastronomie ze stellen.

Dëst Joer hate sech därer 36 ugemellt, a mir hunn eis een erausgepickt. Natierlech net iergendeen. Mir hunn eise Büro zu Steesel a sinn do wierklech Wëllkomm. Dowéinst hu mir dem Jean-Pierre „Jempi“ Klein dëse Bäitrag gewidmet.

Iwwert den Alter sollt ee net schwätzen, mee en dierf een allerdéngs behaapten, datt den „Doyen“ vun de Buergermeeschter mat sengen zaarten 73 Joer, nach richteg gutt drop ass. An et ass och net seng éischte (an hoffentlech och net déi läscht) Schueberfouer, wou hien als „Garçon“ de Leit hire Fësch un den Dësch bréngt.

Dem Buergermeeschter seng 14.

Säin éischte Service huet de Buergermeeschter vu Steesel 2004 an der Fläsch gemaach. D‘Joer drop du awer schonn am „Schla‘winer“, engem Etablissement deem hie bis haut trei bliwwen ass. Wat een als Buergermeeschter begeeschtert den „Déngscht“ am Restaurant op der Fouer unzetrieden?

Ma fir den Jean-Pierre Klein ginn et eng Rei Grënn. Am Schla‘winer hätt een, esou de Buergermeeschter, d‘Geleeënheet, nei Leit kennen ze léieren, wéi eben och eng ganz Rëtsch un Administréierten ze begéinen.

An dat dierfe mer bestätegen. D‘Leit aus der Steeseler Gemeng déi mir konnte gesinn, ware gäre komm an hunn deels mat hirem Besuch, och d‘Engagement vun hirem Gemengepapp mat gedroen. Et ass awer och eng gutt Occasioun, fir mam Buergermeeschter ze poteren, ouni gläich politesch ze ginn.

Ganz zefridde Cliente mat hirem „Garçon fir een Owend“. Woubäi déi gutt Kiche vum Schla‘winer jo och alles huet fir et engem gutt goen ze loossen. (© Martine de Lagardère/moien.lu)

Kee politesche Geste mee en zivillen Akt

Dem Jean-Pierre Klein ass dann awer och nach eppes Weideres ganz wichteg. Am Virfeld vum Service, begéinen sech d‘Gemengepappen a – mammen iert se op hir respektiv Betriber verdeelt ginn. E wichtegen Ament am Joer, deen et erlaabt sech ënner Kollegen ze gesinn, auszetauschen a – firwat och net? – eng Frëndschaft ze verdéiwen.

Fir de Steeseler Buergermeeschter ass d‘Bedeelegung un der Schueberfouer dann och kee politesche Geste. Villméi misst een heiranner en zivillen Akt gesinn, deen et erlaabt de Leit ze weisen, datt ee bei hinnen ass. D‘Gestioun vun enger Gemeng, egal wéi grouss se ass, verlaangt vill vun engem. Mam Engagement op der Fouer och nach eppes fir de gudden Zweck ze maachen, ouni alles batter eescht mussen ze huelen, ass eng gutt Ofwiesslung.

An do kann een dem Jean-Pierre Klein och nëmmen zoustëmmen. All Joers kommen, wëll sech vill Buergermeeschter bedeelegen, e ganze Batz Euro‘en zesummen. Déi ginn ëmmer un ee gudden Zweck, an d‘Sue vun 2016, waren e Méindeg vum President vu de Forainen un d‘Rout-Kräiz iwwerreecht ginn.

Respekt vrun den „Aarbechtskollegen“

Wéi mir vum Steeseler Gemengepapp da wollte wëssen, wéi hien dann esou mat de jonke Leit op der „Aarbecht“ esou géif eens ginn, konnte mir ee grousst a freedegt Opblëtzen a sengen Ae gesinn. Et géif him ganz vill Spaass maache mat der jonker Equippe vum Schla‘winer zesummen ze schaffen. D‘Feststellung datt déi meescht vun hinnen seng Enkelkanner kéinte sinn, wier ganz positiv ze bewäerten.

Déi jonk Leit vun haut hätte kee „Generatiounsproblem“ an de Respekt dee si him entgéintbruecht hunn wier scho bal eng Aluedung d‘nächst Joer erëmzekommen. De Jean-Pierre Klein weess natierlech, datt déi grouss Majoritéit vun hinne Studente sinn. D‘Schueberfouer wier eng Geleeënheet sech eng kleng „Cagnotte“ unzeleeën iert et op der Universitéit oder Héichschoul nees heescht de Kapp an d‘Bicher stiechen.

Et ass dann och normal datt si de Buergermeeschter bei senger Aufgab encadréiert hunn. Eppes wat, wéi eendeiteg festzestellen ass, d‘Jonge a Meedercher mat der selwechter Begeeschterung gemaach hunn. Esou wéi hir „Aushëllef“ sech beméit huet d‘Bestellunge richteg opzehuelen an de Bifdeck net méi wéi eng Kéier op de Buedem falen ze loossen.

Foto: De Steeseler Buergermeeschter Jean-Pierre „Jempi“ Klein als Garçon am Schla‘winer, natierlech gutt ënnerstëtzt. Et ass ëmmer erëm e schéint Erliefnes, an och seng „Aarbechtskollegen“ am Restaurant hu säin Asaz mat Respekt begleet.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Buergermeschter, Gastronomie, Jean-Pierre Klein, Schueberfouer, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel