Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Wann de Patron dech am A huet
https://moien.lu/dating-high-functioning-alcoholic/ luv biz matchmaking

catholic online dating reviews

Elo ass et dann entscheet ginn. Déi national Kommissioun fir

https://moien.lu/dating-cumbria-uk/
https://moien.lu/dating-high-functioning-alcoholic/ luv biz matchmaking

Norwegen: Rietskonservativ Regierung reforméiert Ofdreiwungsgesetz

An der Nuecht vum Donneschdeg op e Freideg, hat et

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!
https://moien.lu/dating-high-functioning-alcoholic/ luv biz matchmaking

What the Fakt – De Slipknot-Frontmann Corey Taylor huet Gebuertsdag!

Metalheads opgepasst: Haut kënnt Dir op de Gebuertsdag vum Corey

geek

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Schuedsoftware „Wanna Cry“ gräift ëm sech

Um Freidegowend a Samschdegmueren huet et dausende Windows-User op der Welt kal erwëscht, wëll se haten op hirem Computerschierm eng Dialogfënster déi se dorops higewisen huet: „Ups déng Date goufe verschlësselt“ an natierlech d’Opfuerderung Geld ze iwwerweise fir nees op seng Donnéeë kënnen zouzegräifen. Bezuelen ass awer just mat Internetwährung „Bitcoin“ méiglech.

D’Schuedsoftware „Wanna Cry“ och bekannt als „Wanny Decryptor“ konnt sech esou schnell verbreede wëll se sougenannte „Remote Code Execution“ Lücken ausgenotzt huet. „Computer kënnen heimat aus der Distanz an ouni d’Awierke vum Notzer ugegraff ginn“ huet den Linus Neumann vum Chaos Computer Club matgedeelt. Fir den Expert handelt et sech heibäi ëm eng Sécherheetslück déi wuel vun der NSA längst entdeckt gi war, mee bewosst verschweigt ginn ass.

Op der Sich no den Internetbrigangen

Enquêteuren an Informatiker hunn sech dann och schonns op d’Sich no den Täter gemaach. Dës Cyberattack huet sech allerdéngs net nëmme géint Privatleit geriicht, villméi ass et de Brigangen dorëms gaange wichteg Acteure vun der Wirtschaft a Staatsariichtungen ze treffen. Esou ware Spidoler a Groussbritannien, de franséischen Automobilhiersteller Renault, d’Deutsche Bahn, den amerikanesche Grupp „FedEx“, de russesche Bankesecteur, mee och Universitéiten an Italien a Griicheland vun der Attack betraff.

Dës Attack spillt sech op engem Niveau of deen et esou nach ni ginn huet“ an „verlaangt eng komplex international Enquête fir déi Schëlleg ze identifizéieren“ huet Europol matgedeelt. Europol präziséiert, datt eng extra Equipe a sengem europäeschen Zentrum fir Cyberkriminialitéit zesummegestallt ginn ass fir an dëser Affär fir Opklärung ze suergen. „… si wäert eng wichteg Roll spillen“.

Et ass eng vun de gréissten Attacken dëser Natur an der Geschicht“ verséchert den Mikko Hypponen vun F-Secure, enger Informatiksécherheetsfirma mat Setz an Finnland, an evoquéiert „130.000 betraffe Systemer an iwwer honnert Länner“. Déi franséisch Police huet dogéint just vu 75.000 Computer geschwat déi sollte betraff sinn. Allerdéngs sot d’Valérie Maldonado vun der „sous-direction française de la lutte contre la cybercriminalité“ datt „… dëse Bilan an de folgenden Deeg misst no uewe revidéiert ginn“.

En „Tool“ aus dem Waffeschaf vun der NSA ?

Éischten Informatioune folgend hunn d’Brigangen also eng Lück am Windows-System genotzt, déi an geleakten Dokumenter vun der NSA ernimmt gi waren. De Logiciel späert d’Fichiere vun den User a zwéngt se ee Léisegeld ze bezuele fir nees op d’Date kënnen zouzegräifen. De Linus Neumann mécht dann och den NSA-Tool „Eternal Blue“ mat verantwortlech, Dësen „Tool“ deen de 14. Abrëll bekannt gemaach ginn ass kéint um Schwaarzmaart kaf gi sinn an ass Bestanddeel vum NSA-Arsenal fir selwer Cyberattacken duerchzeféieren.

Doriwwer eraus huet eng onbekannt Grupp déi sech „Shadow Brokers“ nennt seit August 2016 regelméisseg geklauten Informatioune vum US-Auslandsgeheimdéngscht verëffentlecht. Informatiounen déi d’Hacker offensichtlech genotzt hunn fir „Wanny Cry“ ze programméieren. Wien hannert de „Shadow Brokers“ stécht, doriwwer kann am Ament just spekuléiert ginn, Gewosst ass just, datt Si domadder der NSA schueden an hir Muecht aschränke wëllen. Onkloer ass och op d’NSA oder d’“Shadow Brokers“ Microsoft am Virfeld informéiert hunn.

Begrenzten Impakt

D’Experte bleiwen awer virsiichteg wat d’Ausdehnung vum Virus betrëfft „Mer wëssen nach net op mer virun enger steigender oder ofhuelender Pente stinn“ sot den Laurent Maréchal vu McAfee der AFP.

Ee vun de Haaptaffer wier d’NHS (déi national Gesondheetsagence a Groussbritannien mat 1,7 Millioune Salariéen) „Ronn 45 Etablissementer sinn betraff“ sot d’Inneministesch Amber Rudd op der BBC. „Verschidden Etablissementer hunn misse medezinesch Agrëff annuléieren oder verleeën“. Och Renault huet matgedeelt Affer vun der Attack ze sinn. Notamment waren d’Wierk vun Dacia-Renault an Rumänien an déi britesch Fabrick vu Sunderland vum japaneschen Hiersteller Nissan, ee Partner vu Renault, betraff.

Déi russesch Zentralbank annoncéiert och Ziel vum Cyberugrëff ze sinn an och verschidde Ministère ware betraff. D’Internetpirate sollen dann och versicht hunn an d’Informatiksystemer vun der Eisebunn anzedréngen.

Bei der spuenescher Telekommunikatiounsfirma „Telefonica“ waren d’Mataarbechter iwwer Megaphon opgeruff ginn hir Computer auszemaachen. De fréiere spueneschen Hacker Chema Alonso, haut verantwortlech bei Telefonica fir Cybersécherheet huet op sengem Blog matgedeelt datt obschonns „dem mediatesche Buzz deen den Ugrëff mécht, dëse Chantage net wierklech ee realen Impakt hat“ wëll „et kann een um Bitcoin-Portemonnie dee genotzt gëtt gesinn datt d’Unzuel vun den Transaktiounen niddreg ass“. Bis elo sollen dach nëmme ronn 6.000 Dollar bezuelt gi sinn.

Dëse Montant incitéiert den Leader vun der Internetsécherheetsfirma „Mind Technologies“ dann och zum Ausdrock ze bréngen, datt den Ugrëff éischter de Versuch ass ee „Coup ze Lande wéi domadder Goss ze maachen“.

Mat enger fir Microsoft onüblecher Initiative, dem reaktivéiere vun der „mise à jour“ fir divers Programmer, fir dëser Attack ze begéinen, dierf een awer iwwerzeegt sinn hei virun engem eeschte Problem ze stoen. De Virus, dee sech notamment géint d’Versioun Windows-XP riicht an fir deen den amerikanesche Softwaregigant eigentlech keen technesche Suivi méi ubitt, misst also awer nach en Update kréien. Esouwäit bekannt, ass den neien Logiciel Windows 10 net betraff.

Bezuelen oder net bezuelen ?

D’Autoritéite vu ville Länner wéi beispillsweis Amerika, Groussbritannien an Frankräich roden de Privatleit an Entreprisë kee Léisegeld ze bezuelen. „D’Léisegeld ze bezuelen ass keng Garantie fir seng Daten ze recuperéieren“ warnt den amerikanesche Service fir Innesécherheet. „Dat garantéiert just, datt d’Hacker d’Sue vum Affer kréien an eventuell seng Bankdonnéeën als Prime derzou“.

D’Finanzminister vu de G7 déi ee Samschdeg zu Bari (I) zesummekomm waren hunn dann och reagéiert an den „piratage informatique“ zur Prioritéit erkläert. Domadder dierft den Dossier Cyberkriminalitéit dann och um Menü vun den Diskussioune beim G7-Sommet am Juni stoen. Dës Attack „schéngt dem Finanzsystem fir den Ament kee Problem gemaach ze hunn“ kommentéiert awer den Gouverneur vun der italienescher Zentralbank, Ignazio Visco.

Vu betraffenen Entreprisen zu Lëtzebuerg war zum Zäitpunkt vun eiser Verëffentlechung nach näischt bekannt.

Ähnlech Sujeten Cyber Cyber, Cybercrime, Cybersecurity, Wanna Cry
Nächsten Artikel Virrechten Artikel