Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020
Neiegkeeten

City Nature Challenge – Vum 24. bis zum 27. Abrëll 2020

Bei der sougenannter City Nature Challenge entdecken 200 Stied an

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!
Neiegkeeten

#thinkpositivelu: Keen ass eleng!

T’ass net einfach solidaresch, respektvoll, a just am Geescht vereent

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!
Neiegkeeten

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!

Och dës Woch hu mer erëm e Lëtzebuergesch-Test ausgeschafft. Mir

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen

Wann d‘Schüler net méi mat Zäiten an d‘Schoul kommen

Zu Lëtzebuerg ginn Dag fir Dag eng 30.000 Schüler an d‘Schoul an och déi schéngen esou hir Problemer mat der Mobilitéit ze hunn, wéi den LSAP Deputéierte Mars di Bartolomeo et an enger parlamentarescher Fro un de Minister fir Verkéierschaos, François Bausch, treffend festgestallt huet.

Hie verweist a senger Fro op de Fait, datt och wann d‘Pedagogen an de Lycéeën duerchaus vum Problem Wand kritt hunn, esou verhënnert dat net, datt déi betraffe Schüler d‘Remark „ass ze spéit komm“ am Klassebuch vermierkt kréien. Kléngt no „net wichteg“ ass awer esou gesinn duerchaus ee Problem, wëll et en Ënnerscheet mécht, op een träntelt oder allgemeng „gären“ ze spéit kënnt.

De sozialisteschen Deputéierten huet och festgestallt, datt een net esou einfach mir näischt dir näischt de Stonneplang ëmbaue kann, och wann dat eng Piste ass. Mee aus organisatoresche Grënn léisst sech dat kaum bewierkstellegen. Et bleift dann nach den Transport an d‘Schoul, wou et vläicht méiglech wier eng Rei Changementer erbäizeféieren, firwat hien vum Minister wësse wëll wat leeft.

Organiséierte Chaos

Wat d‘Problemer am Beräich „Mobilitéit“ betrëfft esou mécht och de Mobilitéitsminister keen Heel aus der Tatsaach, datt d‘Schoulbusser net vun der aktueller Verkéierssituatioun am Land verschount bleiwen, besonnesch Mueres. Hien erkennt un, datt dat natierlech fir d‘Schüler eng Stresssituatioun ervirrifft an d‘Suerge vum Mars di Bartolomeo och berechtegt sinn.

A senger Äntwert awer geet de François Bausch och op déi „méiglech Sanktiounen“ an. Laut senger Erkenntnis géifen d‘Schoulen hei mat der noutwenneger Zeréckhaltung virgoen. Et géif also kee Schüler bestrooft, just well säi Bus net duerch de Verkéier komm ass. Wat déi „flexibel Gestaltung vum Stonneplang“ betrëfft, esou weist de Minister drop hinn, datt et do emol eng Etüde ginn huet.

Virun enger Rei Joren war eng Etüd gemaach ginn, fir déi Lycéeën déi um Lampertsbierg geleeë sinn, an hei hat eenzeg de Michel-Lucius d‘Organisatioun vum Stonneplang verännert. Aner Etablissementer waren net esou flexibel. Grond: déi pedagogesch Contrainten, d‘Beruffsausbildung an déi sëllechen aner Aktivitéiten un deenen d‘Schüler sollen deelhuelen (Sport, Musek asw…)

Do béisst sech d‘Kaz an de Schwanz

De François Bausch weist dann och nach drop hinn, datt eng vollstänneg Reorganisatioun vun de Stonnepläng an de Schoule wäitreechend Folge kënnen hunn. Et géif sech jo op den Enseignement a senger Integralitéit auswierken an dat bis an d‘Familljeliewen eran. Besonnesch am Beräich vun de Crèchen, Maison Relais an aner encadréierend Strukture, wier dat ganz schwéier ëmzesetzen.

Woubäi et och net esou wier, wéi wann de Mobilitéitsministère an den Educatiounsministère net matenaner géife schwätzen. De Contraire ass de Fall an do wou et sech maache léisst, géif et jo zu Veränneren, ergo Verbesserunge kommen. Méi déi „absolut Léisung“, déi wou all Problemer géif Léisen, jo déi gëtt et nach net, an et gesäit kuerzfristeg och net aus wéi wann et méiglech wier.

Et kënnt een also net derlaanscht zumindest esouvill Gedold opzebréngen, bis d‘Reorganisatioun vum RGTR an déi wichtegst Infrastrukturaarbechten ofgeschloss sinn. Och duerno wäert nach net all Problem geléist sinn, mee et wier bis dohinner schonn emol ee grousse Schratt an déi richteg Richtung gemaach. Bis dohinner sollten d‘Schoulen awer op d‘Sanktiounen uecht doen…

Foto: Huet de Bus Verspéidung? Da muss de lafe wou et riicht ass. (Envato)

Ähnlech Sujeten Mobilitéit, RGTR, Schoultranspiort, Schüler, Verkéierschaos
Nächsten Artikel Virrechten Artikel