Search

You may also like

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS
International Neiegkeeten

Een éischten Tëschebilan fir de CGDIS

Vergaangene Freideg huet d’Inneministesch Taina Bofferding, zesumme mat de berodenden

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft
International Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris
International Neiegkeeten

Ouschteren: D‘Tories feieren d‘Operstoung vum Boris

De britesche Premierminister Boris Johnson hat sech zu Ufank schwéier

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen

Fir e bessere Schutz viru beruffsbedéngte Kriibserkrankungen

Iwwer 120.000 Fäll vu beruffsbedéngte Kriibserkrankungen trieden all Joer an der EU op. Déi Erkrankt si wärend hirer Aarbecht karzinogene Stoffer ausgesat, déi ronn 80.000 Doudesfäll pro Joer mat sech bréngen. Aus dësem Grond huet d’EU-Kommissioun virgeschloen nei oder ugepasst Grenzwäerter fir dräi kriibserreegende Stoffer ze bestëmmen.

Fir d’Employéeë besser ze schütze soll d’Expositioun géigeniwwer dem Acrylnitril (neie Grenzwäert), Néckelverbindungen (neie Grenzwäert) a Benzol (reduzéierte Grenzwäert) begrenzt ginn. Ma, dëst soll eng éischt Initiativ vun der Kommissioun am Kader vum neien Europäesche Plang zur Kriibsbekämpfung sinn.

Den Nicolas Schmit, Responsabelen EU-Kommissär fir Beschäftegung a sozial Rechter erkläert: „D’Aarbechtsplaz soll eng sécher Plaz sinn, an awer ass d’Halschent vun de beruffsbedéngten Doudesfäll op Kriibs zeréckzeféieren. Dës Iwweraarbechtung vun der Riichtlinn iwwert Karzinogenen a Mutagenen ass ee vun den éischte Schrëtt vun eisem éiergäizege Plang fir de Kampf géint de Kriibs. Mir sinn entschloss ze handelen a wäerte keng Ofstrécher bei der Gesondheet vun den Employéeë maachen.“

Mam Hannergrond vun der duerch Covid-19 bedéngter Gesondheetskris wéilt ee sech Beméiunge verduebelen, an esou de Schutz vun allen Employéeën an Europa garantéieren.

Am Eeklang mat den neiste wëssenschaftlechen an techneschen Erkenntnisser ginn d’Riichtlinnen zu de Karzinogenen a Mutagenen reegelméisseg iwwerschafft. An dräi fréieren Iwwerschaffungen (Dez. 2017, Jan. 2019 a Juni 2019) ass d’Kommissioun d’Expositioun vun den Aarbechter géigeniwwer 26 Chemikalien ugaangen.

Zil ass et beruffsbedéngt Kriibserkrankungen an aner schwéier Krankheeten ze verhënneren, wouduerch och d’Liewensqualitéit vun de Persoune verbessert gëtt. Fir d’Entreprise géifen sech d’Käschte verréngeren, well si beispillsweis net fir Feelzäiten oder Versécherungsleeschtunge vu kranke Mataarbechter opkomme mussen.

Opmaacherbild: © Tim Mossholder

Related topics Acrylnitril, Benzol, beruffsbedéngt Kriibserkrankungen, Chemikalien, Feelzäiten, Gesondheet, Karzinogen, Liewensqualitéit, Mutagen, Néckelverbindungen, Toxesch Stoffer
Next post Previous post