Search

You may also like

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz
International Neiegkeeten

Kloertext bei der UN-Weltklimakonferenz

„Mir streiken elo zanter iwwert engem Joer, mee näischt huet

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert
International Neiegkeeten

Schéisserei zu Philadelphia: E mann huet op d‘Police geschoss a sech verbarrikadéiert

Op de Biller an der Tëlee ass e Groussasaz vun

Brexit: dat ass de rengste Chaos
International Neiegkeeten

Brexit: dat ass de rengste Chaos

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet e Méindeg den Deputéierten

Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet

Déi belsch Autoritéite bereeden sech op de Retour aus de Vakanze vir

Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet

Zu Bréissel huet et gëschter eng exzeptionell vum Concertatiounscomité ginn, bei där entscheet gouf, datt d‘Residenten an der Belsch, déi aus enger Regioun kommen déi als „rout Zon“ klasséiert ass, sech mussen engem PCR-Test ënnerwerfen an a Quarantaine goen. Esou d‘Ministerpresidente vun de Regiounen, federal Ministeren an de Premierminister Alexander de Croo.

De Premier huet da gëschter op der Tëlee nach emol drun erënnert: „Mir hunn ëmmer gesot, datt ee Reesen déi net wierklech musse gemaach ginn, sollt si loossen“, an stellt richteg, datt hien sech vill Gedanken ëm d‘Entwécklung vum Virus am Land selwer, mee och an den Nopeschlänner, wéi dem Ausland generell, mécht. Dat war eng däitlech Uspillung op déi brittesch Covid19-Variant.

Wann de belsche Regierungschef och weiderhin zu maximaler Virsiicht oprifft, esou begréisst hien awer och déi grouss Ustrengungen, déi d‘Belsch un den Dag geluecht hunn. D‘Infektiounszuele wieren entspriechend „iwwersiichtlech“ an dëse kollektiven Effort, sollt elo net duerch Reesender versaut ginn, déi de Covid19, egal a wéi enger Variant, elo am neie Joer nees aschleefen.

A fir sécherzestellen, datt all déi wou sech ageschränkt hunn, net déi sinn déi d‘Konsequenze vum Vakanzendrang ze droen hunn, gëtt et elo eng kloer Reegel: Wien sech am Ausland opgehalen huet, muss a Quarantaine a mindestens zwee PCR-Tester iwwert sech ergoe loossen. Dat engersäits well d‘Situatioun sech bestänneg a rapid verännert, an anersäits d‘Grenzregioune staark betraff sinn.

Reegele sinn esou gutt wéi déi wou sech drun halen

A kengem Nopeschland géif et gutt ausgesinn, an et wéilt een den Feeler aus der Päischtvakanz net widderhuelen. Natierlech stellt sech dann hei d‘Fro, u wat een déi „Touristen“ dann erkenne wëll – woubäi dat um Fluchhafe wéi och den Häfe jo nach verhältnesméisseg einfach ass – a wéi eng Mëttel ee bereet ass hei anzesetzen. Dat mat der „Kontroll“ ass jo elo och nees esou eng Saach…

Sécher huet et dee besonnesche „Passenger Locator Form“ (PLF), wou all belsche Resident deen sech méi wéi 48 Stonnen am Ausland opgehalen huet auszefëllen hätt. Eigentlech Sënnvoll, mee an der Praxis net ze kontrolléieren, dat ganz besonnesch bei Voyageuren déi mam Zuch oder dem eegenen Auto reesen. Hei soll et dann elo zu „iwwerraschende“ Kontrollpunkte kommen.

Vun der Eisebunnsgesellschaft SNCB huet et dozou geheescht, datt een disponibel a bereet wier, d‘Voyageuren déi aus de sougenannte „rouden Zonen“ zréckkommen, ze testen. Si sinn och bereet ze kontrolléieren, op d‘Residenten hire PLF-Formulaire ausgefëllt an d‘Auslänner hiren negativen Test-Nowäis bei sech hunn. Datt d‘SNCB sech ubitt, mécht a villerlee Hisiicht Sënn.

Mat „Bruxelles-Midi“ huet déi belsch Haaptstad ee vun den zentrale Verkéierskniet ze verwalten. Hei treffen a kräizen sech d‘Zich vum Typ „Eurostar“, „Thalys“ an „ICE“. De Floss u Voyageuren ze iwwerwaachen ass keng einfach Affär, an eigentlech hunn weder d‘SNCB nach déi staatlech Autoritéiten (Police/Douane) dat néidegt Personal, fir déi annoncéiert Moossnamen ëmzesetzen.

mat indymedia/bru

Illustratioun: © Pierre Pavlovic / unsplash

Related topics Alexander de Croo, Belsch, Covid19, PCR-Test, Quarantaine, Reesen
Next post Previous post