Sträit ëm Äerdgasvirkommen an der Ägäis
De Recep Tayyip Erdogan bleift sech am Sträit ëm d‘Äerdgasvirkommen
De Recep Tayyip Erdogan bleift sech am Sträit ëm d‘Äerdgasvirkommen
Eigentlech fënnt de Picadilly – dat grousst Wäifest – zu
An der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefussball, war et e
Tëscht 1990 an 2016 ass eng Fläch vun 1,3 Millioune km² Bësch verluer gaangen, wat ronn 800 Fussballfelder pro Stonn entsprécht. Ugedriwwen duerch d’Nofro u Liewens- a Fuddermëttel, Biokraaftstoffer, Holz an aner Materialie geet d’Entwaldung virun.
Déi gréng Europa-Deputéiert Tilly Metz, Member am Ëmwelt-Ausschoss, kommentéiert: „D’Kommissioun erkennt déi grondleeënd Roll vun de Bëscher als „Long“ vum Planéit un an deelt déi traureg Diagnos vun hirem immens schlechten Zoustand. D’Äntwert ass awer extrem schwaach an der Erausfuerderung net gewuess. D’Kommissioun stäipt sech op „Fërderung“, „Dialog“, „Ureiz“, „Zertifizéierung“, „fräiwëllegt Handelen“. Dat ass net genuch! Mir mussen d’Selbstreguléierung vun der Industrie direkt stoppen a verbindlech Reegelen aféieren.
Et feelen och Virschléi fir verbindlech Virschrëfte fir eisen eegenen Handel a Verbrauch an der EU. Mir sinn ee staarke Verbraucher vu Fleesch a Mëllechproduiten a beispillsweis och de weltwäit gréissten Importateur, Veraarbechter a Konsument vu Kakao. Et läit dofir an der direkter Verantwortung vun der EU, Handel a Verbrauch esou ze reegelen, datt den Drock op d’Land an d’Bëscher weltwäit reduzéiert gëtt.“
D’Tilly Metz erwaart vun der EU-Kommissioun méi Kohärenz: Hei gëtt nämlech ee Konzept zum Schutz vun de Bëscher proposéiert, wärend op der anerer Säit d’GAP (Gemeinsam Agrarpolitik) intensiv Landwirtschaft an de massiven Import vu Fuddermëttel aktiv fërdert an de President Bolsonaro den Amazonas-Reebësch vun der Agroindustire-Lobby affert.