Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel
Neiegkeeten

VAKANZ 2020: Och Lëtzebuerg huet seng eegen Insel

Esou schnell, wéi se ugefaangen hat, esou schnell war se

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech
Neiegkeeten

Volleyball: D‘Coupe de Luxembourg geet u Fenteng an Dikrech

De Volleyball-Marathon vun der FLVB huet sech iwwer véier Deeg

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen
Neiegkeeten

Venezuela: US-Marionett kann Erwaardungen net erfëllen

Obwuel de selwer ernannten Interimspresident Juan Guaido vun den USA,

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Et kéint ee sech jo bemol un der Schutzmask verschlécken…

Mëttlerweil misst ee sech eens sinn, datt d’Droe vun der Schutzmask säin Zweck erfëllt an den Infektiounsrisiko erofgeet. Ma, et kann een awer och lächerlech Grënn fannen, fir sech näischt musse virun d’Nues ze spéngelen. Mat hirem Video hëlt déi amerikanesch Schauspillerin a Komödiantin Kylie Brakeman déi kuriéist Argumenter op d’Schëpp.

Déi jonk Fra aus Los Angeles hat es einfach genuch mat den absurden Entschëllegungen, wisou verschidde Leit wärend der Pandemie keng Schutzmask kënnen oder wëllen undoen. Zënter Ufank Juni recommandéiert och d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), am ëffentleche Raum a bei Mënschenusammlungen, respektiv op Plaze wou de Sécherheetsofstand net kann agehale ginn, eng Mask iwwert Nues a Mond ze zéien.

Schutzmask

Datt mir wärend schwéieren Zäiten eisen Humor net verléieren, ass alt e klengen Trouscht fir d’Idiotie, mat där een oft konfrontéiert gëtt. Am Brakeman hirem Video ass d’Ausso, datt ee keng Loft mat der Schutzmask krit, wëll een d’Loft och nach automatesch unhält, e vun de manner spektakuläre Grënn.

Wann een an enger Hand d’Kamera unhält, ass et schwéier, just mat der fräier Hand d’Bänner vun der Mask richteg ëm d’Oueren ze zéien. Et kéint een de Maskendréier dobaussen awer och mat engem Dokter verwiesselen, Am Eeschtfall misst een dann d’Uni bezuelen, fir a Coursen ze goen.

Ma, den Noper vun der Schwëster wier Wëssenschaftler an hätt gesot, datt een de Virus net kréie kann, wann een dat net wëll. D’Schutzmask kéint och einfach dozou genotzt ginn, fir d’Frae roueg ze stellen, an d’Madamm Brakeman wéilt op kee Fall de Mond halen.

E weidere kuriéise Grond ass eng erfonnte Krankheet, bei där ee „Spanne-blann“ gëtt. Schliisslech ka sech am Banneschte vun der Mask emol eng Spann befannen, déi awer just ee selwer gesäit. Ähnlech ass et och, wann ee „Burger-blann“ ass. Wärend een an enger Hand säi säftege Burger unhält, an där anerer Hand d’Mask, wier et jo méiglech, datt een sech un der Mask verschléckt.

Schutzmask

Kylie Brakeman / Twitter – De Video fannt Dir hei

Dobäi kënnt, datt de Partner ee mat der Schutzmask jo guer net méi kusse kann. Wann ee „keng Lëpsen“ méi huet, feelt jo iergendwéi eppes an der Bezéiung. Schnell kënnt et dann zur Scheedung. Zielt een dës Grënn zesummen, da sollt ee sech souwisou méi sécher mat Polizisten an der Géigend fille, wéi mat enger Mask am Gesiicht.

Esou schockéiert d’Kylie Brakeman selwer iwwert dës Aussoen ass, esou vill Pleséier huet si dorun esou ze maachen, wéi wann si den Notze vun der Mask net verstoe géif. Ob een elo laacht oder just nach mam Kapp rësele kann, ass am Endeffekt jiddwerengem selwer iwwerlooss.

Wann d’Schauspillerin sech net iwwert déi Persoune lëschteg mécht, déi keng Mask undoe wëllen, fuerscht si iwwregens dorun, Eeër ze pochéieren. Nach huet si den Dréi net eraus, mee si ass immens no un der Léisung drun!

Ähnlech Sujeten Dommheet, Gesondheet, Idiotie, Komedie, Kylie Brakeman, Lëschteg, Scheedung, Schutzmask, Spannen, Twitter, Video, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel