Näischt Neies, an awer gutt genuch: Set it up ass eng ënnerhalend Romcom
Netflix probéiert zënter enger gudder Zäit schonn, sech als Filmproduzent
Scho vir déi siwente Kéier hannert eneen, ass déi australesch
De Fall gesat et wier iech entgaangen: wëll Déieren halen
Esou Schutz- an Hygiènesmaterial, dat momentan eiser aller Liewe bestëmmt, braucht nämlech iwwer 450 Joer, fir sech ze zersetzen. Muppen a wëll Déiere gi krank, wa si eise Knascht friessen. Ma, déi blo a wäiss Stécker loossen d’Stied, d’Bëscher an d’Parken nawell och richteg ellen ausgesinn, wa se um Buedem, an der Heck oder op er Wiss landen.
Chirurgesch Masken an FFP2-Masken bestinn aus Polypropylen, erkläert de CHEM. Jo, dat ass ee Konschtstoff. Nee, si gehéieren dofir net an d’Valorlux-Tut. All Offall, dee kontaminéiert kéint sinn, gehéiert an déi gro Poubelle. Bei der Entsuergung gëtt dëst Material nämlech verbrannt an d’Krankheetserreeger vernicht.
Geheit een d’Hygiènesmaterial an d’Toilette kann et iwwregens zu grousse Schied am Ofwaassersystem kommen. Ënnert anerem ass et d’Wahrscheinlechkeet grouss, datt esou d’Pompele verstoppen. Wien ënnerwee keng Poubelle fënnt, dee soll dach wann ech gelift seng gebrauchten Händschen a Masken an eng Tut maachen an dës Doheem entsuergen.
Opération Mer Propre
Nodeem d’Stad Lëtzebuerg, zesumme mat natur&ëmwelt an der Lëtzebuerger Ëmweltberodung (EBL) scho viru Méint op 4 Sproochen dorop opmierksam gemaach hunn, datt d’Mask net an d’Natur gehéiert, zitt elo och den CHEM op de soziale Medien no.
Aus dem Polypropylen, dee fir d’Kreatioun vun de chirurgesche Maske genotzt gëtt, ginn och beispillsweis Gaardemiwwelen hiergestallt. De Stoff ass net biologesch ofbaubar.
CHEM / Facebook
Ma, och wann elo méi Offall ufält, ass d’Spidol beméit, säin Dreck an 33 Kategorien z’ënnerdeelen, déi op verschidden Aart a Weisen entsuergt musse ginn an deelweis och e spezifeschen Traitement benéidegen. Déi 5 Haaptkategorie sinn:
Eleng am Joer 2018 sinn am Ganzen 1.191 Tonnen Offall ugefall. Dovu sinn 66 Tonnen zur Energiegewannung genotzt an 1.125 Tonnen recycléiert ginn.
Opmaacherbild: Esou an der Stad Lëtzebuerg gesinn a leider keen Eenzelfall © Martine de Lagardère / moien.lu