Search

You may also like

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen
Neiegkeeten

UNESCO Bike Tour – Mam Vëlo Lëtzebuerger Weltkulturierwen erkënnegen

Zanter 1994 zielt d’Lëtzebuerger Alstad souwéi hir Festungsanlagen an historesch Véierel

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn
Neiegkeeten

Google ka kommen, de Gemengerot vu Biissen huet gréng Luucht ginn

Bei der Sëtzung vum Biisser Gemengerot vu gëschter, war de

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)
Neiegkeeten

USA-Iran: Vergeltung huet näischt mam Vëlkerrecht gemeng (eng Erklärung)

Déi geziilten „Neutraliséierung“ vum iranesche Generol Quassem Soleimani duerch d‘Amerikaner,

Eng Schutzmask uewen, eng Lëftchen ënnen

Eng Schutzmask uewen, eng Lëftchen ënnen

Dir wëllt Iech kreativ um Maske-Bitzen ausliewen, dofir awer Material, wat Doheem direkt zur Verfügung steet, notzen? Ma, do hu mir elo ee Spezialtipp, deen den Adam Ellis direkt fir Iech ausprobéiert huet!

„Ech hunn een online Tutorial gesinn, wéi ee Masken aus aler Kleedung maache kann. Also hunn ech dës al Shorts zerschnidden“, erkläert den Adam, och als moby_dickhead op Twitter ze fannen. Mat e bësse Fangerspëtzegefill, Geschéck mat Nol a Fuedem, wéi och enger Grëtz Gedold ass schliisslech eng Mask erauskomm, déi him liicht ze kleng ass.

Ee Virdeel huet et awer. Un dëse waarme Fréijoersdeeg kritt een direkt eng angenehm Lëftchen ronderëm de Pupes. Iech vun dëser spezieller Iddi ofhale kënne mir net. Dir wäert allerdéngs nieft laachende Gesiichter och eventuell op d’Police treffen, déi Iech biede wäert, Är flott Këscht ze verdecken.

An esou einfach geet et

  1. Sicht Iech een alt Kleedungssteck eraus;
    Schutzmask

    moby_dickhead / Twitter


  2. Schneid ee Stéck Stoff (40 x 20 cm) eraus a leet et a Falen;
    Schutzmask

    moby_dickhead / Twitter


  3. Fir propper Ecker sollt Dir Säitestécker ubitzen. Uschléissend feele just nach d’Lastiker fir ëm d’Oueren;
    Schutzmask

    moby_dickhead / Twitter


  4. Presentéiert Äre Kollegen an der Internet-Gemeinschaft dat fäerdegt Wierk. Passt just op d’Spiggelung op!

    Schutzmask

    moby_dickhead / Twitter

Mee elo am Eescht: Gräift an éischter Linn op déi medezinesch Schutzmasken, déi ab haut ausgedeelt ginn zeréck. Wëllt Dir selwer Är Mask bitzen, notzt ee Muster vum Internet an haalt Iech un d’Uweisungen, respektiv kënnt Dir och einfach ee Schal oder Buff undoen. Mir entzéien eis der Verantwortung, wann Dir et dem moby_dickhead nomaache wëllt.

Related topics Coronavirus, Covid-19, Exit-Strategie, Fréijoer, Hënner, moby_dickhead, Nohaltegkeet, Pupes, Schutzmask, selwer bitzen, Witzeg
Next post Previous post