Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad
International Neiegkeeten

Mali: Fofzeg Milliounen Euro géint den Dschihad

Zu Bamako huet um Méindeg d’Cheffin vun der europäescher Diplomatie,

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner
International Neiegkeeten

Doudeger, jee no Zenario emol méi, emol manner

Um Méindeg war de Premierminister nom Regierungsrot an der Chamber,

Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!
International Neiegkeeten

Du bass op Twitter a wëlls Lëtzebuerger Politiker Followen? Mir hunn eng iwwersiichtlech Lëscht!

De Wahlkampf kënnt ëmmer méi an d’Gäng. Dat heescht och,

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower

EU fënnt „Kompromëss“ bei Schutzmoossname fir Whistleblower

Wie Verstéiss an/oder Verbrieche vun enger Administratioun, oder enger Entreprise ëffentlech denoncéiert, soll (zumindest an der EU) elo besser geschützt ginn. Zumindest behaapte Vertrieder vum EU-Parlament an den EU-Memberlänner, si hätten e Kompromëss fonnt, mat deem ee sech op „Mindeststandarde“ gëeenegt hatt. Ass dat eng Léisung fir déi vill Whistleblower?

Déi Europadeputéiert, Virginie Rozière (S&D), hat d‘Verhandlunge gefouert, an huet gëschter via Twitter matgedeelt, datt et am Parlament zu engem Kompromëss komm ass. Et hätt e sech no ville Gespréicher op Mindeststandarde fir d‘EU gëeenegt. Wéi et heescht solle Whistleblower zukünfteg tëschent verschidde Méiglechkeete wiele kënnen, fir de Fall ze denoncéieren, deen hinne virläit.

Whistleblower

Et ass – ouni dat den Text an senger Integralitéit géif virleien – wéi gewinnt nees esou eppes schéin Hallefhäerzeges, an awer e richtege Fortschrëtt. Dee war néideg, no enger ganzer Rei Skandaler déi ouni „Whistleblower“ wéineg Folge gehat hätten. Denke mir do u Panama Papers an u LuxLeaks, an d‘Risiken déi Mënschen op sech geholl hunn, fir dat ganzt an d‘Ëffentlechkeet ze bréngen.

Parlament kritt sech duerchgesat

D‘EU-Kommissioun hat, nodeems ëmmer méi Leit sech fir déi sougenannten „Whistleblower“ staark gemaach hunn, am Abrëll 2018 eng Propose virgeluecht, an den EU-Rot huet Enn Januar 2019 säi Standpunkt presentéiert. Bis dohinner hate grad emol 10 Länner Reegele mat deenen d‘Whistleblower onbeschränkt geschützt waren. Et gëtt also keen aus Iwwerzeegung beschützt.

Länner a Parlament hu sech laang an den Hoer geleeën, an et ass iwwert esou Detailer gestridde ginn, wéi sech de Whistleblower ze behuelen an u wien hie sech z‘adresséieren hätt. Esou hätt e gefuerdert, datt sech ei betraffe Persoun als éischt un e Service an der Entreprise ze wennen hätt, wou sech dann de Virwërf géif ugeholl ginn. Dat ass eppes wéi eng fräiwëlleg Selbstkontroll…

Whistleblower

D‘EU-Parlament huet gefuerdert, datt et dem Whistleblower soll iwwerlooss bleiwen, un wien hie sech adresséiert, an dat konnt gëschter ëmgesat ginn. Natierlech mussen d‘Länner deem elo nach zoustëmmen, wat net esou liicht iwwert d‘Bühn wäert goen. Ass et dann „duerch“ hunn d‘Länner zwee Joer Zäit dës Direktiv an nationaalt Recht ëmzesetzen. Also nach kee Grond sech ze freeën.

mat indymedia/sxb

Foto: © istock

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Virginie Rozière, Whistleblower
Nächsten Artikel Virrechten Artikel