Search

You may also like

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn
Neiegkeeten

ANKAA-Zenter: Offiziell Aweiung mam Jean Asselborn

E Projet mat Lëtzebuerger Bedeelegung gouf e Mëttwoch, den 19.

Richteg Äddi soen
Neiegkeeten

Richteg Äddi soen

Eng onëmgänglech Stuf vum Liewen ass den Dout. Och wann

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)
Neiegkeeten

Kranaarbechten an der Hollerecher Strooss (05.07.2020)

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt e Sonndeg, de 5. Juli 2020

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)

Schwaarz Sheriffer an der Stad (eng Erklärung)

Zanter enger Rei Woche sinn an der Stad, méi spezifesch am Garer Quartier an der Uewerstad, déi vum Schäfferot beoptraagte privat Sécherheetsleit ënnerwee. Dat huet jo fir eppes Radau gesuergt, firwat et ubruecht ass ee puer Präzisioune bäizesteieren.

Et ass bekannt, dat gouf jo entspriechend vun alle Medie couvréiert, dat de Minister fir bannenzeg Sécherheet, Henri Kox, et weder gutt nach opportun fënnt, datt d‘Stad Lëtzebuerg sech fir dëse Wee entscheet huet, mee et ass elo awer och esou, datt hie keng Handhab huet, fir de Verantwortlechen dat ze verbidden. Zum Wisou?, dem Firwat? an aner Begebenheete brauch et eppes Opklärung.

Zum engen ass et net, wéi wann et dozou keng Diskussioun ginn hätt. Bei enger „Entrevue“ gouf datt esou virgeluecht, an eigentlech war et dat schonn. Verbidde geet net, well et de Gemengen am Kontext vun der Gemengenautonomie am Kader vum Gesetz zu de Gardiennage-Aktivitéite jo och erlaabt ass. Dat natierlech ënnert der Viraussetzung dat de Gesetzestext hei och Uwennung fënnt.

Zu kengem Ament huet en Accord zu dëser Mesure ginn an um Ministère stellt een och kloer, datt een d‘Initiativ vum Stater Kolléisch vun der Buergermeeschtesch an dem Schäfferot net begréisst. De Schutz vun der ëffentlecher Sécherheet ass eng exklusiv der Police virbehalen Aktioun. Et gëtt weder Pläng nach d‘Absicht aus „schwaarze Sheriffer“ sougenannt „Hëllefspolizisten“ ze maachen.

Weider heescht et, datt een um Ministère och keng Kenntnis vun de Missiounen huet, déi dëse Leit vun der Stad Lëtzebuerg opgedroe goufen. Et kann, oder besser, et sollt sech awer hei wuel primär ëm den Objektschutz handelen, mengen se um Ministère. Mee natierlech weess een hei, dat och déi einfach „Presenz“ an de Gaassen, schonn eng gewësse Geforenofwier mat sech bréngt.

Illustratioun: klimkin / Pixabay

Related topics Gemengenautonomie, Henri Kox, Ministère fir bannenzeg Sécherheet, privat Sécherheetsdéngschter, schwaarz Sheriffer, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post