Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!
Neiegkeeten

Nationalfeierdag: De ganze Programm vun 2019!

Et ass nees esou wäit – Nationalfeierdag steet virun der

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul
Neiegkeeten

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss.

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier
Neiegkeeten

Haut ass de richtegen Dag fir de Chrëschtdagsbéier

Et ass Reveillon soen se, an dat heescht et gëtt

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg

Eng Campagne géint de schwaarze Freideg

Dee vun den Amerikaner initiéierte super Soldendag „Black Friday“ (schwaarze Freideg) gëtt vir de Konsumenten eppes ze „schenken“. Wann den Handel eppes ze verschenken hätt, da géife Bänker engem éierleche beruff nogoen an dofir huet sech d‘ONG Greenpeace geduecht, datt et de richtegen Dag ass, fir eng Boykott-Aktioun ze starten. An dat geschitt a mindestens 34 Länner.

A si ginn et clever un: „Statt anzekafen, wëlle mir d‘Leit motivéieren hir Hänn ze benotzen, an esou entweder eppes erschafen, oder Bestoendes ze reparéieren“, esou d‘Erklärung vu Greenpeace, wou drop higewise gëtt, datt een ausser riseg Dreckstippen ze produzéieren, mat dësem konsumereschen Amoklaf näischt Gescheites, net fir sech an och net fir d‘Gesellschaft geleescht huet.

schwaarzeDat gëllt natierlech net eleng fir de schwaarze Freideg, mee och de Cyber-Méindeg, wou sech vum Onlinehandel en Ëmsaz a Milliardenhéicht (fir all eenzelen Dag) erwaart gëtt. Dofir huet d‘ONG mat senge Partner déi „Maach eppes, Woch“ (Make Something Week) lancéiert, an et dierf een sech drop behaapten, datt et hei eng hell Wull un interessanten Aktioune gëtt.

Lancéiert gouf d‘Aktiounswoch den 23. November a si leeft nach bis den 2. Dezember. Si ëmfaasst 260 Evenementer. De „global rethink IT campaigner“ Robin Perkins begrënnt d‘Aktioun: „Mir hu méi wéi mir brauchen. Eis Kleederschief si voll Saachen déi mir net undoen, an eise Kiche stinn Apparater déi kee brauch a vun de Garage brauch net geschwat ze ginn“. An de Mann huet Recht.

schwaarzeD‘Industrie an den Handel dinn eis all Dag gleewen, datt mir alles wat si ubidden och brauchen, dat awer méiglechst esou kuerzzäiteg wéi nëmme méiglech. Logesch, si wëlle jo stänneg dat mir eise Besëtz erneieren. Mat dësem oft onnéidege Konsum verschandele mir eis Ëmwelt, droen zur Klimakris bäi a ganz oft ënnerstëtze mir kriminell Organisatiounen an d‘Ausbeutung vum Mënsch.

An eigentlech sollt engem mëttlerweil jo och bewosst sinn, datt „kafen net glécklech mécht“ an ee besser beroden ass, eppes mat Mënschen an der Grupp ze ënnerhuelen. Vu deenen anere kann een eppes léieren, wéi een aneren eppes bäibrénge kann. An déi Saache wou ee scho besëtzt kann ee valoriséieren. Dofir, schount äre Portmonni an schützt eis Ëmwelt, maacht eppes mat ären Hänn.

Ähnlech Sujeten Black Friday, Cyber Monday, Ëmweltschutz, Konsum, Recycling, Upcycling
Nächsten Artikel Virrechten Artikel