Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Cannabis: Legal eng Kiffen?
https://moien.lu/dating-site-true/ hook up 98

dating afro

Et ass net well am Koalitiounsaccord vun DP, déi gréng

somali dating sites uk
https://moien.lu/dating-site-true/ hook up 98

Sk8ing Girls: si loossen et zu Schëffleng rullen!

Am Kader vum „Internationalen Daach vun de Meedercher“ organiséieren d‘Gemengen

Wier déi lénk eng Ratingsagence…
https://moien.lu/dating-site-true/ hook up 98

Wier déi lénk eng Ratingsagence…

Et war dee selwechten idyllesche Kader wéi am leschte Joer,

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Schwäiz: e Kanton wëll de „Burka-Verbuet“

Gutt Zweedrëttel vun den Awunner vum Schwäizer Kanton Sankt Gallen, hunn sech e Sonndeg bei engem Referendum fir de „Burka-Verbuet“ am ëffentleche Raum ausgeschwat. E Reglement, datt et esou am Tessin schonn zanter Juli 2016 gëtt.

Elo sollen sech all d‘Wieler vun der helvetescher Konfederatioun zu dëser Fro äusseren. Dat kéint viraussiichtlech schonn 2019 de Fall sinn. D‘Schwäizer haten sech dann och schonn um Sonndeg, zu landwirtschaftlechen an Ëmweltfroen un den Urnen ausgedréckt. Dobäi gouf en definitive Verbuet vun OGMen zréckgewisen. Den Asaz vun OGMen, ass Géigestand vun engem Moratoire.

Am Kanton Sankt Gallen, esou déi offiziell Resultater, hunn sech 67% vun den Awunner fir den Text iwwert d‘Burka ausgeschwat. En Text dee vum Regionalparlament, mat der Ënnerstëtzung vun den Zentrumsparteien an der populistescher Rietser, ugeholl ginn ass.

Déi gréng an déi sozialistesch Jugend konnten d‘Gesetz verhënneren, andeem si d‘Initiative fir dëse Referendum ergraff hunn. Hei hunn nëmme 36% vun de Wieler deelgeholl. Elo ass et esou, datt „all Persoun déi sech onkenntlech mécht, andeem si d‘Gesiicht am ëffentleche Raum verstoppt, an esou déi ëffentlech Sécherheet oder de soziale Fridden a Gefor bréngt gëtt mat enger Amende bestrooft“.

Ass e Burka-Verbuet islamfeindlech?

Fir de Schwäizer islameschen Zentralrot, ass dës Moossnam „islamfeindlech“. D‘Reglement ass jo och ëmstridden. Dräi aner Kantonen: Zürich, Soleure a Glaris, haten sech an de leschte Jore géint esou e Verbuet gestäipt. De „Problem“ an dëse Kantonen ass dofir awer net vum Dësch.

Am Tessin sinn et dann och virun allem d‘Hooligans – eng besonnesch Zort Foussballsupporter – déi vum Verbuet säi Gesiicht ze verstoppen, betraff sinn. Laut den offiziellen Zuelen, déi vun der Agence ATS genannt ginn, konnte bis ewell nëmmen e Grapp voll Frae mat enger Burka notéiert ginn, déi dann och tatsächlech sanktionéiert goufen. Hooligans déi iwwregens fir de Verbuet sinn.

Elo gëtt et awer kee Gesetz, datt d‘Fro vum Burka-Verbuet um ganze Schwäizer Territoire kläert. D‘Regierung ass nämlech der Meenung, datt een dat de Kantone muss iwwerloossen. Et soll also zu engem nationale Referendum kommen, an déi 100.000 Ënnerschrëften dofir si virgeluecht ginn.

Gutt Liewensmëttel? Dat gëtt iwwerbewäert…

Nieft dem Referendum vu Sankt Gallen, huet och e landeswäite Referendum ginn. Zwou Initiative vun Ekologisten a Landwirt, déi eng Restrukturatioun vun der landwirtschaftlecher Produktivitéit fuerderen, si vun de Schwäizer zréckgewise ginn. Laut den offizielle Resultater, hunn sech 68% géint d‘Initiativ „fir d‘Liewensmëttelsouveränitéit“ ausgeschwat.

Mat der Initiativ, sollt de Moratoire zu den OGMen, an en definitive Verbuet ëmgewandelt ginn. De Moratoire war no engem Referendum 2005 agefouert ginn, an ass vum Parlament schonn dräi mol verlängert ginn. Den aktuelle Moratoire leeft 2021 aus.

Am Text war sech och drop verstännegt ginn, datt all importéiert Wueren, de strikte sozialen an ekologeschen Norme vun der Schwäiz entsprieche mussen. Wier deem net esou, kéinten dës Gidder mat enger Douanestax beluecht, oder den Import einfach verbuede ginn. Och déi zweet Initiativ „fir equitabel Liewensmëttel“ ass vun 61% vun de Wieler zréckgewise ginn.

Déi zwou landwirtschaftlech Initiativen, géint déi sech déi federal Regierung gestäipt huet, hunn awer den Zousproch vu véier francophone Kantonen – notamment Genf – erhalen. Et ass dann och déi däitschsproocheg Communautéit, déi d‘Initiative massiv zréckgewisen huet.

De Vëlo kritt säi Kapitel an der Verfassung

Interessant, während der Campagne ass de Sujet vun den OGMen net ugeschwat ginn. Déi falsch Argumenter: massiv Präiserhéijungen, de Verloscht vun der Auswiel an de Wëllen d‘Schwäiz ze isoléieren, hunn der Initiativ den Hals ëmgedréint. Esou d‘Deklaratioun vum Michelle Zufferey, eng Responsabel vun Uniterre, de Landwirtschaftssyndikat, deen de Referendum gefuerdert huet.

D‘Regierung hat hirersäits den Konsumenten den „Inflatiounsrisiko“ virun Ae gefouert, déi esou eng Entscheedung kéint mat sech bréngen. „Wa mir d‘Ufuerderungen erhéijen, kann dat nëmmen zu enger Präisdeierecht féieren. An am Ament kann sech net jidderee Bio leeschten“, esou de President vun der Schwäiz, Alain Berset, géintiwwer der Zeitung „Le Temps“

Wann et de Schwäizer also egal ass wat si esou um Teller virfannen, dann ass et hinnen awer net egal wéi ee sech „fortbeweegt“. De Referendum, an deem gefuerdert ginn ass, datt een an der Verfassung muss festhalen, datt déi federal Autoritéite méi Muecht sollen erhale fir e Reseau vu Vëlospisten am Land anzeriichten, ass mat 74% ugeholl ginn.

Déi 26 Kantone vun der Schwäiz, hunn sech fir dës Mesure ausgedréckt. Domatter kréien d‘Autoritéite méi Spillraum fir d‘Benotze vum Vëlo ze fërderen. Eng Contrainte stellt dat net duer, an d‘Verantwortung soll och weiderhin an de Kantone bleiwen. Bleift nach festzehalen, datt d‘Bedeelegung un de Referende bei grad emol 37% geleeën huet.

mam Nina Larson/AFP

Foto: D‘Diskussioun ëm e Burka-Verbuet ass netz nei an der Schwäiz. Schonn am Februar 2017, waren d‘Leit opgeruff ginn, sech beim engem Referendum géint déi vereinfacht Abiergerung fir Auslänner auszedrécken. Och hei gouf Massiv d‘Argument vun der Burka agesat. (Archivbild) © Michael Buholzer/AFP

Ähnlech Sujeten Burka, OGM, Referendum, Schwäiz, Vëlo, Verfassung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel