Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ouschteren am Préizerdaul – Hei leeft den Hues!
https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/ Money how to tell if he just wants a hook up

dating application downloads

Wien kennt schonn net déi legendär Beachparty am Préizerdaul oder

case tang dating
https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/ Money how to tell if he just wants a hook up

De Kanner mat spezifesche Besoine wierklech hëllefen!

Datt Kanner mat engem „Handicap“ am allgemengen et net liicht

Den OGBL besteet op d‘Bäibehale vum Tripartite-Accord fir d‘Siderurgie
https://moien.lu/who-presents-dating-in-the-dark/ Money how to tell if he just wants a hook up

Den OGBL besteet op d‘Bäibehale vum Tripartite-Accord fir d‘Siderurgie

No der Ukënnegung vun ArcelorMittal déi Lëtzebuerger Siderurgie-Standuerter ze restrukturéieren,

money

Schwäiz a Groussbritannien ënnerschreiwen Handelsofkommes

Schwäiz a Groussbritannien ënnerschreiwen Handelsofkommes

Groussbritannien an d‘Schwäiz, wëllen och nom Brexit weider matenaner Handel dreiwen, an esou ass schonn emol virgesuergt ginn, an en Handelsofkommes ausgeschafft ginn. Et ass ee vun den éischten Accorden, déi d‘Briten op de Wee kritt hunn. Mam Ofkommes soll d‘Fortsetzung vun der gudder Bezéiung séchergestallt ginn.

Elo ass d‘Schwäiz keen EU-Land, an awer huet esou en Handelsofkommes mat de Brite säi ganz eegene Stellewäert. D‘Eedgenossen si wéi gesot net „Member“, dofir awer iwwer ongezielte Verträg ganz enk mat der europäescher Unioun verbonnen, an dierf sech um EU-Bannemaart bedeelegen. Mee den Accord tëscht Bern a London, léisst net all de Briten hir Problemer.

No der Ënnerschrëft ënnert dem Accord duerch de Schwäizer Wirtschaftsminister, Guy Parmelin, an dem britesche Minister fir Aussenhandel, Liam Fox, ass op eng Rei méiglech Problemer higewise ginn. Besonnesch bei Wueren aus dem landwirtschaftleche Beräich, kéint et zu Komplikatioune kommen. Nom Brexit gëtt et schwiereg fir Déieren oder animalesch Produkter ze importéieren.

Grondsätzleches gekläert

Mat dësem Ofkommes gëtt also net all Suerg vun de Briten entkräft, mee et stellt zumindest sécher, datt eng gewësse Kontinuitéit erhale bleift. Wann et also elo zum „haarde Brexit“ kënnt, an dat bezweiwelen eigentlech nëmmen nach naiv Optimisten, dann trëtt dëst bilateraalt Ofkommes den 30. Mäerz a Kraaft. Gett sech mat Accord getrennt, gëllt de Vertrag ab Enn vun der Iwwergangszäit.

Et ass net dat éischt Ofkommes datt d‘Brite mat den Eedgenossen ënner Dach a Fach bréngen. Esou hu béid Länner sech scho bei der Loftfaart an am Secteur vun den Assurancen, fir d‘Zukunft gerëscht. Och beim Openthaltsrecht am jeeweils anere Land, ass fir d‘Bierger aus Groussbritannien an der Schwäiz, eng fir béid Säiten zefriddestellend Léisung fonnt ginn. Et kann also weider goen…

Handelsofkommes

D‘Schwäiz ass allerdéngs net de gréissten Handelspartner vu Groussbritannien, mee dësen Accord léist duerchblécken, datt ee Verhandlunge mat de Briten, op klengem Niveau erfollegräich op en Enn brénge kann. Den Exporthandelsvolumen vu der Schwäiz beleeft sech op ronn 10 Milliarden Euro. Fir d‘Briten ass d‘Schwäiz de fënneft wichtegsten Handelspartner ausserhalb der EU.

Foto: (v.l.n.r.) Liam Fox, britesche Minister fir Aussenhandel; Guy Parmelin, Schwäizer Wirtschaftsminister; bei der Ënnerschrëft vum bilateralen Handelsofkommes. © Departement fédéral de l‘économie

Ähnlech Sujeten Brexit, Groussbritannien, Guy Parmelin, Handelsofkommes, Liam Foy, Schwäiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel