Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Raftside um Siren’s Call 2019
International Neiegkeeten

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg bedeelegt sech un der humanitärer Hëllef fir de Jemen

Wéi den Ausseministère gëschter informéiert huet, bedeelegt sech Lëtzebuerg un

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach
International Neiegkeeten

Am Januar kruten 84 Persounen de Status vum Refugié zougeschprach

Insgesamt gouf et am Januar 2018 175 Ufroen zu Lëtzebuerg.

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung

Schwäiz: Volleksentscheed géint Baulandbegrenzung

Bei grousse gesellschaftlechen Entscheedungen, ginn an der Schwäiz d‘Bierger ëm hir Meenung gefrot. Si nennen dat „Volksinitiative“ oder“Volksentscheid“ an eigentlech ass et näischt aneres wéi e Referendum. Bei deem vun ee Sonndeg ass et drëms gaangen, ze verhënneren datt ëmmer méi Gréngflächen zougebaut ginn, mee d‘Eedgenossen hunn anescht entscheet.

Schwäiz

De Kampf géint Zersiidlung, deen déi „jonk Gréng“ opgeholl hunn, ass verständlech, wann ee bedenkt wéi vill Natur all Joers op éiweg verluer geet. D‘Iddi f‘Fläch vun de Bauzonen um haidege Stand „anzefréieren“ eng logesch Konsequenz. Fir zweedrëttel vun de Schwäizer eng Iddi déi ze gewot ass. Si wollten net an der Verfassung festleeën, datt fir all neit ausgewisend Bauland, ee scho fir de Bau zougewisend Bauland nees an eng landwirtschaftlech Fläch ëmgewandelt muss ginn.

Schwäiz

Interessant bei dësem Referendum, eng grouss Majoritéit vu Schwäizer, haten dëse Virschlag fir d‘Natur an d‘Ëmwelt ze schütze begréisst. D‘Géigner hunn sech och mat zolitten Argumenter zu Wuert gemellt. Stëmmen aus dem riets-konservative Lager an der sougenannter biergerlecher Mëtt hunn de Virschlag als Iwwerzu verkläert, eng Propose déi Gëft fir d‘Wirtschaftsentwécklung wier an de Spekulante géif entgéint kommen, well et zur Inflatioun bei de Präisser fir Bauland kënnt.

Wéinstens huet een de Problem erkannt

E weidert Argument, bezitt sech op dat Schwäizer „Raumplanungsgesetz“, dat rezent iwwerschafft ginn ass, a wann et richteg an intelligent ugewannt géif ginn, géif et genuch Mesurë mat deenen der Landflächeversigelung kéint entgéintwierken. Dat huet d‘Eedgenossen anscheinend Iwwerzeegt, an d‘Géigner vum Volleksentscheed hu bemierkt, datt d‘Leit sech einfach fir d‘Entwécklung an de Wuelstand entscheet hätten. Si erkennen awer un, datt d‘Bauzonen am Land schlecht verdeelt sinn.

Schwäiz

Gestëtzt gouf d‘Initiativ politesch vun déi Gréng an de Sozialdemokraten, a gesellschaftlech vun den Ëmweltschutzorganisatiounen. An de lokale Medien, déi dës Ofstëmmung mat groussem Interessi verfollegt hunn, hat een am Virfeld zum Referendum vun „David géint Goliath“ geschwat. Kapitalinteressen, loossen sech nach ëmmer gutt verdeedegen, mee fir de Luzian Franzini, Vize vun de jonke Gréngen, ass et schonn eng Victoire, datt d‘Zersiidlung als Problem erkannt ginn ass.

An de Problem ass rekurrent: an der Schwäiz geet all Sekonn ee Quadratmeter Gréngfläch verluer, wat ronn aacht Fussballsterrainen den Dag entsprécht. An engem Land wou souwisou grad emol en Drëttel vum gesamten Territoire fir Landwirtschaft, Industrie a Wunnraum zur Verfügung steet, ass e vernënftegen Ëmgang mat de Landflächen eigentlech eng Prioritéit. Méi an d‘Héicht ze bauen, an d‘Baulücken „opzefëllen“, wann engem dru geleeën ass Gréngflächen ze erhalen, ass eng Optioun.

Foto © déi Grünen (ch)

Ähnlech Sujeten Baulandbegrenzung, Gréngflächen, Landflächeversigelung, Schwäiz, Zersiidlung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel