Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
En Investmentfong fir de Bësch an Zentralamerika
dating eesti keeles https://moien.lu/sugar-daddy-dating-rules/

https://moien.lu/dating-europe-vs-america/

Um Freideg gouf zu Lëtzebuerg e neien Investmentfong zum Liewen

moncton dating website
dating eesti keeles https://moien.lu/sugar-daddy-dating-rules/

Déi italienesch Credem verfuusst sech a léisst d‘Salariéeën am Ree stoen

No 45 Joer Präsenz am Grand-Duché, huet déi italienesch Credem

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach
dating eesti keeles https://moien.lu/sugar-daddy-dating-rules/

International Autosausstellung Frankfurt huet seng Dieren nees zougemaach

Wann et dëst Joer och eng ganz Rëtsch Constructeure ginn

D‘Schwäizer mussen haut iwwer Waffegesetz a Steierrecht Ofstëmmen

D‘Schwäizer mussen haut iwwer Waffegesetz a Steierrecht Ofstëmmen

No den Terroruschléi a Frankräich (2015) hat d‘EU alles an d‘Weeër geleet, fir d‘Waffegesetz bei eisen Noperen ze verschäerfen. Esou sinn déi hallefautomatesch Waffe verbuede ginn. Dozou gehéieren och Stuermgewierer (militäresch) wéi vill Schwäizer der besëtzen. Dat soll sech änneren.

Bréissel huet „Drock op säi Wirtschaftspartner ausgeüübt“ heescht et offiziell, tatsächlech awer huet d‘EU der Schwäiz de Klabes bei d‘Schléif gehalen an ze verstoe ginn: „sollt et net zu enger Reform vum Waffegesetz an der Schwäiz kommen, da kéint et gutt sinn, datt d‘Eedgenosse vum Schenge-Raum ausgeschloss ginn“. Dat ass och aus diplomatescher Siicht net déi fein Aart a Weis…

Gefuerdert ass – an doriwwer dierf haut ofgestëmmt ginn – eng Verschäerfung vum Waffegesetz an d‘Ofschafe vu steierleche Virdeeler vun Internationale Konzerner. Déi lescht Fuerderung huet hiren Ursprong bei der OECD, déi an der Schwäizer „Besteierung vun Entreprisen an Konzerner“ eng Verzerrung vun der Kompetitivitéit erkannt huet. (D‘FIFA ass dovunner explizit ausgeschloss).

Sollten déi Schwäizer dat net agesinn, esou dreet d‘OECD den Eedgenossen si op déi „schwaarz Lëscht“ ze setzen a Sanktiounen anzeféieren. Dat ass staarken Tubak a erfëllt den Tatbestand vun der Amëschung an d‘Souveränitéit vun der Schwäiz. Mee esouwuel d‘EU wei och d‘OECD sëtzen um längeren Hiewel, firwat staark dovunner auszegoen ass, datt déi Schwäizer mat Jo stëmmen…

mat indymedia/brn

Ähnlech Sujeten EU, OECD, Schwäiz, Steierrecht, Waffegesetz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel