Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar
International Neiegkeeten

De Bitcoin iwwerschreit d‘Barre vun 11.000 US-Dollar

Um Mëttwoch ass d‘Kryptowärung Bitcoin iwwert de Wäert vun 11.000

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht
International Neiegkeeten

MPLA hält sech no Wahlen an Angola un der Muecht

D‘Partei un der Muecht am Angola huet, erwaart an ouni

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn
International Neiegkeeten

25 Joer SOS Faim – De Kampf muss weidergefouert ginn

1993 gegrënnt, ënnerstëtzt déi lëtzebuergesch ONG SOS Faim, eng nohalteg

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord

Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord

„Mir sinn net do fir Liewen ze entzéien“: a Frankräich huet de President vum nationale Gynekologe-Syndikat (Syngof) e Mëttwoch eng zolidd Polemik ausgeléist, wéi hien de Schwangerschaftsofbroch (IVG) mat engem „Homicide“ gläichgestallt huet.

D‘Aussoe vum Dokter Bertrand de Rochambeau, déi hien an enger Reportage gemaach huet, déi op TMC diffuséiert gouf, si vun der Regierung schaarf veruerteelt ginn. Hien hat ënnert anerem gesot, datt hien et ofleent e Schwangerschaftsofbroch virzehuelen, dat mam Argument: „Mir sinn net do fir Liewen ze entzéien“. D‘Journalistin vun der Emissioun „Quotidien“ hat him entgéint gehalen, datt „den Avortement keen Homicide ass“. Wourop den Dokter gemengt huet: „Dach Madamm“.

An hien der Journalistin nach mat op de Wee ginn: „Als Dokter sinn ech net gehalen déi selwecht Meenung ze vertriede wéi dir. A wann ech anerer Usiicht sinn, da schützt mech d‘Gesetz a mäi Gewëssen“. Et ass dann och richteg, datt am Frankräich, entspriechend dem Artikel „L2212-8“ vum Code vun der ëffentlecher Gesondheet „en Dokter net ka forcéiert ginn en Avortement virzehuelen“, grad ewéi keng Hiewan, en(g) Infirmier(e) oder medezineschen Aushëllef, dobäi hëllefe muss.

Fraen hu Rechter déi och en Dokter net a Fro stellen dierf

Et sinn an éischter Linn, déi vum Dokter Rochambeau ugefouert „Ursaachen“ déi zu hefteger Kritik gefouert hunn, dat bis an d‘Mëtt vun der franséischer Regierung. Am gemeinsame Communiqué, hunn d‘Gesondheetsministesch, Agnès Buzyn, an d‘Staatssekretärin fir d‘Gläichstellung vu Mann a Fra, Marlène Schiappa, d‘Aussoe vum Syngof-President schaarf veruerteelt.

„Den Avortement ass e Recht dat emol ze vill bedreet gëtt, firwat een hei net noloossen dierf.“

Agnès Buzyn & Marlène Schiappa

De Statut vum Dokter Rochambeau „ënnersträicht de Problem vun der Reechwäit vu senger Ausso, déi an enger Emissioun mat vill Zousproch gemaach ginn ass“, reagéiert d‘Kummer vun den Dokteren. Dës Institutioun weist drop hin, datt „d‘Gewëssensklausel kee Moyen ka sinn, sech dem Gesetz ze widdersetzen, an entgéint der medezinescher Deontologie ze handelen“.

Fir d‘Véronique Séhier, co-Presidentin vum Planning Familial, sinn d‘Aussoe vum Dokter schlicht „skandaléis“. Si denoncéiert eng Gewëssensklausel déi näischt anescht ass, wéi eng Beschneidung vun de Rechter vun de Fraen, an eng Beaflossung vun hirer Gesondheet“.

Dokteren hu Rechter déi Fraen net a Fro stellen dierfen

„D‘Gewëssensklausel ass e Recht deen nat a Fro ka gestallt ginn“, äntwert de Syngof, deen dann awer drop besteet, datt sech hire President „am eegene Numm ausgedréckt“ huet. Den Dokter huet sech op de Welle vu RTL verdeedegt, a betount, datt seng „Ausso benotzt ginn ass“, de Reportage selwer „e Mangel vun Ethik“ opweist. „Mir sinn net géint d‘Gesetz (…) Vill Gynekologe praktizéieren den Avortement an eise Syndikat verdeedegt déi wou et net wëlle maachen“.

Am Syngof sinn 1.600 Membere regruppéiert. Dat ass net emol e véierel vun den 2017 gezielten, an aktive Gynekologen am Frankräich (6.748). Et ass allerdéngs oft de perséinleche Choix vun de Gynekologen, déi ëffentlech Spidoler drun hënneren, e Schwangerschaftsofbroch virzehuelen. Esou de Fall zu Bailleul (an der Sarthe), wou des „Aktivitéit“ säit September suspendéiert ginn ass.

Laut dem Reportage vu „Quotidien“ sinn eng ganz Rei weider ëffentlech Etablissementer an dësem Fall. D‘Kummer vun den Hiewane warnt: „Den Zougang zum Schwangerschaftsofbroch gëtt fir Fraen ëmmer méi komplex, a mir appelléieren un déi individuell Verantwortung vun eis alleguerten, dëst Recht net a Fro stellen“.

Den Avortement ass e Recht dat de Fraen zousteet

Hei kann een dann och nach drop hiweisen, datt de Schwangerschaftsofbroch a Frankräich zanter gutt 15 Joer „stabil“ bliwwen ass. 2016 huet et ronn 212.000 „Akte“ ginn. 2001 waren et der 215.000. De sougenannten „chirurgeschen Avortement“ ass mëttlerweil Minoritär. Deen ass vun 69% am Joer 2001, op haut 36% zréckgaangen.

Dat läit zum Deel un der Méiglechkeet, e Schwangerschaftsofbroch iwwer Medikamenter baussent dem Spidol virzehuelen. Praktizéiert gëtt dat säit 2004 vu liberalen Dokteren, säit 2009 vun den Zentre wéi de Planing Familial, an zanter 2016, dierfen dat och d‘Hiewanen an d‘Wee leeden.

mam Gabriel Bourovitch/AFP

Foto: Den Dr Bertrand de Rochambeau (hei en Archivbild aus dem Februar 2016) ass der Usiicht, datt e Schwangerschaftsofbroch engem Homicide, also Mord, gläich kënnt. Eng Usiicht déi bis a Regierungskreesser fir Opreegung gesuergt huet. © Miguel Medina/AFP

Ähnlech Sujeten Avortement, Dr Bertrand de Rochambeau, Frankräich, Schwangerschaftsofbroch, Syngof
Nächsten Artikel Virrechten Artikel