Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!
Neiegkeeten WTF

What the Fakt – De Grondsteen vun der Sagrada Familia gëtt geluecht!

Wien an déi spuenesch Stad Barcelona reest kënnt un dësem

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien
Neiegkeeten WTF

Den Ausseministère informéiert zur Arees a Groussbritannien

Duerch déi aktuell Entwécklung vun den Infektiounszuelen huet Groussbritannien eng

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!
Neiegkeeten WTF

Queenmania – een Tribut un déi britesch Legenden!

Ob „We are the Champions“, „We will rock you“ oder

surprise

Schwätzt dir Lëtzebuergesch?

Mat zwee neie Bicher kann sech de nationale Sproochen-Institut (INL) op d‘Rentrée freeën. D‘Bicher fir de Niveau A1 (Ufänger) an A2 (Fortgeschratt) goufen dann och en Dënschdeg um Kierchbierg virgestallt. Donieft gëtt et dann och nach weider Neiegkeeten.

Den INL, deen a kierzt endlech nees a seng Raimlechkeeten um Glacis soll dierfen anzéien, kritt op der Universitéit zu Esch-Belval eng Annexe. Do sollen dann an enger éischter Phas ronn 50 Coursen organiséiert ginn. Wéinstens zéng Enseignante wäerten sech op der Plaz den Interesséierten unhuelen.

Mat der Annexe zu Esch-Belval ass den INL dann elo och endlech am Minett vertrueden, a bitt seng Formatiounen op véier Plazen un: INL Kierchbierg, am Lycée Aline Mayrisch, am INL zu Miersch an um Site vun der Universitéit zu Esch-Belval. Formatioune gëtt et an aacht Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch, Portugisesch, Spuenesch, Italienesch a Chinesesch. D‘Kapassitéite si bis ewell nach op eng ronn 8.000 Leit begrenzt.

Eng positiv Tendenz

Beim INL kann ee sech net iwwert d‘Nofro bekloen. Besonnesch d‘Landessprooch ass begiert, wat net zu gudder Läscht dorunner dierft leien, datt den INL als staatlech Institutioun och fir de Sproochentest zoustänneg ass. Am allgemengen ass déi Tendenz also positiv, woubäi een sech awer scho sollt zäiteg umellen.

Fir den Hiechtsemester huet den INL iwwer 400 Sproochecourse programméiert. Dozou kommen eng Dose Coursen „Initiatioun am Lëtzebuergeschen“, esou wéi dat am neie Gesetz zu Lëtzebuerger Nationalitéit virgesinn ass. Am ganze sinn eng 60 Examen an Tester am Laf vum akademesche Joer virgesinn.

Trotz de héijer Nofro, kann den INL mat iwwer 100 Chargéeën, Fonctionnairen, Formateuren a Stagiaire senger Aufgab gerecht ginn. Déi gi vu 24 Employéen a Fonctionnairen administrativ encadréiert. Ëm d‘Technik an den Entretien këmmeren sech 13 Aarbechter.

Geschwënn nees doheem

Am Laf vum Joer kann den INL a seng al awer renovéiert Raimlechkeeten um Glacis zréck. D‘Renovatiounsaarbechte sollen Enn Dezember ofgeschloss sinn. Bis dohinner muss ee sech nach mat de Container um Kierchbierg zefridde ginn, déi awer am grousse ganzen ee gudden Déngscht geleescht hunn.

Op der neier aler Plaz, dem eigentleche Sëtz vum INL, stinn dann 39 Klassesäll zur Verfügung. Hei gëtt et dann och e neie gutt ausstafféierten Examenzenter, e multifunktionelle Sall an natierlech eng modern Bibliothéik. Geplënnert an zwou Phasen, fir unzefänken d‘Administratioun, da fir den zweete Semester och d‘Klassesäll.

D‘Aschreiwunge ginn ab dem 15. September opgeholl, déi éischt Coursë fänken dann de 26. September un. Fir sech anzeschreiwe muss een um Internetsite vum INL e Rendez-vous ufroen. Do gëtt et dann en Interview mat deem de Niveau ka festgeluecht ginn, an de Kandidat dem passende Cours ugebuede ginn.

Méi Informatiounen an och soss Interessantes, besonnesch zu der Mammesprooch, fannt dir op http://www.inll.lu/

Opmaaccherfoto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Galleriefotoen: SIP

Ähnlech Sujeten INL, Lëtzebuergesch, Schwätzen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel