Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant
International Neiegkeeten

Israel interesséiert sech fir den Äerdtrabant

Um 3.45 Auer zu Cape Canaveral, war de Countdown ofgezielt,

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!
International Neiegkeeten

Eng Schatzkëscht fir eis Grousselteren – Maacht mat!

Schonn an de leschten zwee Joren huet de Paul Galles

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern
International Neiegkeeten

Tierkeschen Nationalist entscheet Stéchwahl op Nordzypern

Nordzypern gëtt zanter 1974 vun tierkeschen Truppe besat, gesäit sech

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

An enger éischter Zäit, gëtt dëse Streckenofschnëtt awer nëmmen ageschränkt benotzt

Dës Strooss a Schwede luet Elektrogefierer op, während een drop fiert!

D‘Schweden hunn e Mëttwoch eng elektrifizéiert Strooss ageweiht, déi mat enger Induktiounsschinn ausstafféiert ginn ass. Laut de Promoteure vum Projet wier et déi éischte Strooss vum Genre op der Welt, déi et méiglech mécht, d‘Batterie vum Auto während der Faart opzelueden.

D‘Schweden hunn den 2 Kilometer laangen elektrifizéierte Stroossenofschnëtt „eRoadArlanda“ gedeeft. D‘Streck ass op enger Niewestrooss ageriicht ginn, déi e Frachtterminal vum internationale Fluchhafen Arlanda (Stockholm) mat engem Logistikzenter verbënnt.

Iwwerdroe gëtt de Stroum, mëttels engem beweeglechen Aarm, deen ënnert dem Gefier ubruecht ass. Dësen Aarm senkt sech of, a kënnt esou a Kontakt mat der Induktiounsschinn, déi an der Mëtt vun der Spuer agelooss ginn ass.

Sollt et zu engem Accident kommen oder wéilt de Chauffeur just d‘Gefier virun sech iwwerhuelen, gëtt de Kontakt tëscht dem Sensor an der Induktiounsschinn automatesch ënnerbrach. An enger éischter Zäit, gëtt dëse Streckenofschnëtt awer nëmmen ageschränkt benotzt.

D‘Post dierf de System eleng ausprobéieren

De Projet „eRoadArlanda“ gëtt a senger éischter Testphas exklusiv vun den elektresche Camione vum postaleschen Déngscht a PostNord genotzt. Et sinn dann déi eenzeg Gefierer, déi technesch entspriechend ausstafféiert ginn, fir dës Strooss notzen ze kënnen.

Versich vun dëser Aart benotzen d‘Technologie vum Stroum via Induktioun, also eng Form vun elektromagnéitescher Opluedung. De Stroum gëtt souzesoe vum Gefier „gesuckelt“ fir et dann unzedreiwen oder d‘Energie an de Batterien ze stockéieren.

A bis 2030, esou d‘Ambitioune vun de Schweden, soll d‘Land „eent vun den éischten entwéckelte Länner sinn, dat keng fossil Energie am Transport asetzt“, huet de schwedesche Minister fir d‘Infrastruktur der AFP matgedeelt.

„All Mënsch gëtt sech bewosst, datt mir an enger Situatioun sinn, wou de Klimawandel der Politik an der Entwécklung nei Erausfuerderungen operleet. Dëse Projet ass eng Méiglechkeet ëmsetzbar Léisungen ze erkennen an ze entwéckelen“, betount de Minister Tomas Eneroth.

De Stroossentransport a Schweden gëtt fir iwwer 30% vun den CO2-Emissioune verantwortlech gemaach.

Interessant, de franséische Konzern Alstom, déi schwedesch Agence fir Energie an d‘Volvo Grupp, testen hirersäits zu Göteborg an anere System. Och dësen ass an der Strooss agelooss, war awer ursprénglech fir den Asaz vum Tram entwéckelt ginn.

mat AFP

Foto: D‘Direktesch vun der schwedescher Transport-Administratioun, Lena Erixan (l) an de schwedesche Minister fir d‘Infrastruktur, Tomas Eneroth hunn déi éischt elektrifizéiert Strooss senger Aart zu Stockholm ageweit. © Jonathan Nackstrand/AFP

Ähnlech Sujeten Elektrifizéierung, eRoadArlanda, Induktiounsschinn, Schweden, Stroosseverkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel