Search

You may also like

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten
International Neiegkeeten

Cloche d’Or: Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger a Cyclisten

Gëschter huet déi offiziell Aweiung vun der Passerell fir Foussgänger

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter
International Neiegkeeten

Weltaidsdag: Meng Gesondheet, meng Rechter

Säit 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember den internationalen

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit
International Neiegkeeten

Youth for Climate – Blo maache fir de Bloe Planéit

E Freideg hu sech dausende Schüler a Studenten um Glacis

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten

Schweden: No de Wahle gëtt et Drock vun de Nationalisten

Um Sonndeg hunn d‘Schweden hir Kandidate fir d‘Parlament gewielt. Wann déi vun de Sondage favoriséiert Rietsextremisten net (ganz) hir Ziler erreecht hunn, esou ergëtt sech aus dem Resultat eng Equatioun mat dräi Onbekannten: Wien huet gewonnen? Wie ka regéieren? A mat Wiem?

Üblech ass, datt de Leader vun der Partei mat de meeschte Stëmme Premierminister gëtt, oder wéinstens deem den Optrag zur Regierungsbildung zoukënnt, dee am beschte gëeegent ass eng Regierung zesummenzestellen. Déi ëmmer méi fragmentéiert politesch Landschaft a Schweden mécht awer grad eng Regierungsbildung zimlech komplizéiert.

Kee vun den zwee dominante Bléck um politesche Schachbriet huet déi Majoritéit erhalen, déi de rietsextremen „Opschwong“ hätt a seng Grenze verweise kënnen. Déi rietsextrem hunn och bei dëse Walen nees zougeluecht, och wann erhieflech manner wéi et d‘Sondagen am Virfeld vun de Walen erkenne gelooss hunn. D‘Dageszeitung Svenska Dagbladet hat nach um Sonndeg geschriwwen:

[blockquote author=”” style=”1″]Wann déi traditionell Parteien déi ëffentlech Meenung zefriddestelle wëllen, da brauchen se vill Virstellungskraaft[/blockquote]

„Wéi och ëmmer d‘Resultat vun der Konfrontatioun tëscht de Bléck ausgesäit, Schweden wäert et schwéier hunn sech eng Regierung ze ginn, déi gutt funktionéiere kann“, heescht e Méindeg an der Dageszeitung Dagens Nyheter.

De „rout-grénge“ Block, dee bis elo d‘Regierung gestallt huet, zitt sech nach am beschten aus der Affär, an erhält 1 Sëtz méi, wéi d‘Oppositioun (Zentrum-Riets). Elo mussen nach d‘Stëmme vun de Schweden am Ausland gezielt ginn, an déi géifen éischter konservativ wielen. D‘Sozialdemokrate verléieren 2,8% géintiwwer 2014, a realiséieren hiert schlechtste Resultat säit 100 Joer.

„Mir sinn déi éischt Partei a Schweden“ felicitéiert sech de Stefan Löfven um Wahlowend. Hien huet sech allerdéngs och direkt agestanen, datt seng Partei sech an enger Sakgaass befënnt, an se der Oppositioun muss d‘Hand entgéint halen. „Dës Wal markéiert den Ënnergang vun de Bléck (…) Keen huet d‘Majoritéit, also ass et noutwenneg, eng Kollaboratioun tëscht de Bléck ze sichen“.

Mat Tockskäpp mécht ee keng Regierung

Knapps dat de Stefan Löfven (Sozialdemokraten) d‘Hand ausgestreckt huet, kënnt d‘Reaktioun aus dem Lager vun der Oppositioun. Déi huet eng Koalitioun einfach emol ausgeschloss. Den Ulf Kristersson (Moderat): „Dës Regierung huet hir Zäit hannert sech. Se muss demissionéieren!“.

D‘Sozialiste géifen nawell gären en neit Mandat fir véier Joer iwwerhuelen, mee mat wiem? De Stefan Löfven ka versichen, wéi schonn 2014, eng Minoritéitsregierung mat den Ekologisten ze bilden, déi am Parlament vun der „déi lénk“ (fréier Kommunisten) toleréiert gëtt. Schlecht stinn d‘Chancen heifir net, wëll d‘Oppositioun nach méi minoritär ass.

Hei ass dann awer d‘Gefor grouss, datt d‘Oppositioun vill Gesetzprojete blockéiert. Déi dierften all Geleeënheet notzen d‘Regierung mat Réck widder d‘Mauer ze stellen. Dat kéint beispillsweis scho beim Budget de Fall sinn, wou déi „Moderat“ mat de Stëmme vun de Rietsextremen, der Regierung zolidd Problemer bereede kann. Hei gëtt et dann och wéineg Spillraum

De Stefan Löfven kann och d‘Kaart vun der Ëffnung spillen, an déi Liberal an d‘Zentristen un de Verhandlungsdësch huelen. Mee och hei géif um Enn eng Minoritéitsregierung entstoen. Et hänkt also alles um finale Kräfteverhältnis.

„Wann de ‚rout-grénge‘ Block dee stäerksten ass, esou hunn d‘Zentristen an déi Liberal et an der Hand, an net méi den Jimmie Akesson (Leader vun der rietsradikaler Partei: Schwedesch Jonk Demokraten)“, mengt am Radiosinterview de Professer fir politesch Wëssenschaften op der Uni Göteborg, Mikael Gilliam.

Aus dem Beräich „Science-Fiction“: d‘Zentristen an déi Liberal si Member an der Allianz vum Zentrum an der Rietser, dat mat de Konservativen an de Chrëschtdemokraten. Hiert Zil ass et ze versichen eng Regierung op d‘Been ze stellen. Déi soll dann och vum konservativen Ulf Kristersson ugefouert ginn. Hei gëtt et wuel Differenzen, mee et schéngt ee sech eens ze sinn…

Eng Regierung mat rietsradikale Minister?

Fir déi „konservativ Mëtt“ eng blöd Situatioun, wëll ouni d‘Zoustëmmung vun de „schwedeschen Demokraten“ hunn se net genuch Stëmmen. Dës „Demokraten“ déi géint Auslänner an Awanderung sinn, hätten natierlech och Uspréch, an et wier legitim, datt si hir Virschléi an d‘Regierungsbildung géifen abréngen. Och Presidence vu parlamentaresche Kommissioune missten si erhalen.

Wann also den Ulf Kristersson d‘Muecht géif erhalen, wier seng Positioun awer immens Delikat. „Seng Regierung wier vun der Zoustëmmung vun de ‚schwedeschen Demokraten‘ ofhängeg an dat kritt hien net geschenkt. Déi géifen hir Revendicatioune virleeën, an och duerchsetzen“, analyséiert d‘Lisa Pelling vun Arena Ide, d‘Situatioun no de Walen.

Elo ass gewosst, datt den Ulf Kristersson éischter de Kompromëss mat de Sozialdemokrate sicht. Esou wéi dat de Fall während de leschte véier Joer war, wou et zur Ënnerschrëft vu 26 Accorde komm ass. Hei konnt bei Theme wéi: Immigratioun, Energie oder Klima, e Konsens fonnt ginn.

Sollt sech elo erginn, datt dat „Mëtt-riets“Lager tatsächlech d‘Wahle verluer huet, géif eng weider Kooperatioun mat de Sozialdemokraten, déi besser Léisung duerstellen. Elo ass d‘Situatioun awer net einfach. Nëmmen 30.000 Stëmmen trenne béid politesch Lager. E Mëttwoch ginn d‘Stëmme vun den 200.000 Schweden aus dem Ausland gezielt, an dat kann nach emol alles veränneren.

Bis dohinner ass et net méi wäit, an de rietsradikale Jimmie Akesson, dee mat engem Score vu 17,6 Prozent (+5%) seng Partei als drëtt-stäerkst Kraaft a Schweden etabléiert huet, stellt den Zentristen a Liberalen en Ultimatum: „Kristersson, mat wiem wëlls du verhandelen? Stefan Löfven oder Jimmie Akesson? Mir si bereet Verantwortung ze iwwerhuelen“.

mam Gaël Branchereau an dem Camille Bas-Wohlert/AFP

Foto: De rietsradikale Leader vun de „schwedesch Demokraten“ Jimmie Akesson konnt sech um Sonndegowend freeën. Seng Partei huet sech ëm ronn 5% verbessert an ass elo déi drëtt politesch Kraaft an dësem Skandinavesche Land. © Anders Wiklund/TT News Agency/AFP

Related topics Jimmie Akesson, Schweden, Stefan Löfven, Ulf Kristersson, Wahlen
Next post Previous post