Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn
International Neiegkeeten

how to tell if you're dating a drug dealer

Andorra an d’EU hunn e Freideg bekannt ginn, datt si

https://moien.lu/kate-de-paz-dating/
International Neiegkeeten

Den Orkan „Harvey“ erreecht Festland a menacéiert den Texas

Um Freideg huet den Orkan Harvey d’Festland op der Küste

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen
International Neiegkeeten

US-Regierung wëll Tech-Konzerner op den Zant fillen

An der Silicon Valley si se alarméiert an d‘Juriste stellen

Schwéier Onwieder hunn am Rhein-Main Gebitt hiert Onwiese gedriwwen

Schwéier Onwieder hunn am Rhein-Main Gebitt hiert Onwiese gedriwwen

Um Sonndeg war dat gesamt Gebitt ronderëm Frankfurt (Hessen) vun zolitten Onwieder getraff ginn. Den Eisebunn- wéi Fluchverkéier gouf schwéier behënnert; ICE-Zich sinn ausgefall, Flich hu misse gestrach ginn an d‘Police huet vun en Tornado a Blesséierter am Krees Offenbach gemellt.

OnwiederNodeems um 18 Auer e Blëtz an d‘Stellwierk vu Walldorf (Krees Gross-Gerau) ageschloen hat, huet d‘Streck tëscht Frankfurt a Mannheim misse spären. Betraff ware vun de Problemer am Zesummenhang mat den Onwieder, de Fern- wéi de Regionalverkéier an déi Deutsche Bundesbahn (DB) huet am Kader vu senge Méiglechkeeten d‘Clientë via Internet informéiert.

Betraff vun de Behënnerunge waren och d‘Strecken „Amsterdam-Köln-Basel“ a „München-Berlin“ déi iwwer Frankfurt zirkuléieren. Hei huet et Verspéidunge vu bis zu 90 Minutte ginn. Den ICE a Richtung Amsterdam war um 18 Auer nom Blëtzschlag an der Gar vu Gross-Gerau hänke bliwwen a konnt eréischt um 22 Auer nees weiderfueren. En aneren ICE hat déi Chance net a steet nach do…

OnwiederWéinst Problemer un den Uewerleitungen huet d‘DB och d‘Streck Frankfurt-Würzburg partiell misse spären. Et hu Beem op der Streck geleeën an et war am spéiden Owend net ofzegesinn, wéini de Verkéier nees normal opgeholl ka ginn. Mat ähnlechen, net manner schwierege Problemer hat och de Verkéiersverbond Rhein-Main (RMV) ze kämpfen. Ausfäll a Verspéidungen onvermeidbar.

Um Fluchhafe Frankfurt hat wéinst dem Onwieder kuerz virun 18 Auer d‘Offäerdegung kuerzäiteg missen agestallt ginn. Vum Fluchhafespriecher gouf erkläert, datt dës Moossnamen zum Schutz vun de Passagéier an dem Personal ergraff goufen. Alles an allem hunn 39 Flich misse gestrach ginn, 5 Flich sinn ëmgeleet ginn. Zanter de fréie Mueresstonnen wier d‘Situatioun nees normal.

OnwiederBesonnesch haart getraff vum Onwieder: de Landkrees Offenbach. Laut dem Spriecher vun der Police si vill Beem vum Stuerm ëmgerappt ginn. Et sinn der op Autoe gefall an et huet Verletzter ginn. Iwwert den Ëmfang vun de Schied a wéi schwéier d‘Verletzunge sinn, konnt d‘Police an der Nuecht nach näischt soen. Dozou soll et um haidege Méindeg méi Informatioune ginn.

mat indymedia/fra

Foto: © Wetteronline.de (via Twitter)

Ähnlech Sujeten Frankfurt, Hessen, Klimawandel, Onwieder, Rhein-Main
Nächsten Artikel Virrechten Artikel