Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem
Neiegkeeten

Mam „Weizen“ vun der Bouneweger Brauerei huet een en Hauch Summer doheem

Wann ee bedenkt, datt d‘Hierstellung vu Béier mat Weess (Weizen)

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt
Neiegkeeten

Bausecteur: OGBL zouversiichtlech datt et zum Kollektivvertrag kënnt

No 30 Méint Gestreits sollt et am Bausecteur endlech zu

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen
Neiegkeeten

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen

Déi britesch Aarbechterpartei (Labour) wëll Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, dat

Schwéier Virwërf géint eng Crèche zu Bus

Schwéier Virwërf géint eng Crèche zu Bus

De Parquet huet eng Enquête zum Nodeel vun der Crèche „Léiwe Léiw“ an der Gemeng Bus engagéiert. De Virworf: „Handlungen déi de Kanner e Schued kënne maachen“. D’Crèche selwer ass op Uerder vum Parquet nach um Mëttwoch zougemaach ginn.

An dëser Crèche déi eng 20 Kanner am Alter tëscht 0 a véier Joer betreit, bestoung bis ewell kee Problem. D’Enquête déi der „section de Recherche“ vun der Police Gréiwemaacher iwwerdroe ginn ass leeft dann och eréischt un. Op Demande vum Parquet huet de Educatiounsministère der Crèche den Agreement awer emol direkt entzunn.

Eng onverständlech Situatioun fir d’Leit déi an der Crèche schaffen. Et huet keen Accident ginn, och vun administrativer Säit wier alles an der Rei, d’Crèche huet och keng sanitär Suergen. Mee de Virworf ass och e ganz aneren. Dem Parquet seng Enquête bezitt sech op sittewiddreg Handlungen, och wann aktuell näischt erwisen ass.

Fir den Direkter vun der Crèche, dee selwer eréischt vum Virfall erfueren huet wéi d’Uerteel d’Crèche zouzemaache scho geschwat gi war, eng Katastroph. Hien ass dann och da Usicht, datt d’Autoritéiten hei ze schnell an onverhältnesméisseg agéieren.

De Buergermeeschter vun der Gemeng Bus, Joseph Johanns huet dann och séier wéineg Informatioune kritt. D’Beamte vum Educatiounsministère wieren op d’Gemeng komm, hätten erkläert datt d’Crèche géif zougemaach ginn a wieren ouni wieder Explikatiounen dann och nees gaangen.

Säit dem Donneschdeg hunn d’Autoritéiten dann och hir gutt Méi, d’Kanner op aner Crèchen an der Ëmgéigend ze verdeelen. Dem Buergermeeschter sinn do d’Hänn gebonne, et wier eben net einfach Kanner am leschte Moment ënner Dach ze kréien. Mee och den Educatiounsministère ass bestrieft de Kanner eng betreite Plaz ze fannen.

Et ginn eng Rei Léisunge favoriséiert, heescht et aus dem Ministère. Méiglech wier och d’Ariichte vun enger provisorescher Crèche. Mataarbechter vum Educatiounsministère a Poliziste waren op der Plaz fir den Elteren d’Situatioun ze erklären. Déi kéinten sech op d’Ënnerstëtzung vum Ministère verloossen.

Ähnlech Sujeten Bus, Crèche, Joseph Johanns
Nächsten Artikel Virrechten Artikel