Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Op der Sich no der leschter Kugel
International Neiegkeeten

Op der Sich no der leschter Kugel

Nodeems bekannt ginn ass, datt bei der Elitten-Eenheet KSK (Kommando

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?
International Neiegkeeten

Héichhausbrand zu London: Wéi konnt et dozou kommen?

En engem Londoner Héichhaus sinn et leschten Informatiounen no op

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Ettelbréck?

Iwwert Ettelbréck gëtt vill geschwat. Och am Kontext vun der

Schwéiere Gewaltausbroch bei Faschiste-Maniff an den USA

Schwéiere Gewaltausbroch bei Faschiste-Maniff an den USA

Bei enger Versammlung vun US-Faschisten zu Charlottesville a Virginia, ass et zu Gewaltakte komm. Ze Bekloen ass een Doudegen an Dosende Blesséierter. De Virfall suergt an den USA fir eng Polemik nodeems den Donald Trump eng zweedeiteg Stellung dozou geholl huet.

Ee vun den Affer ass eng 32 Joer jonk Fra, déi verstuerwen ass, nodeems en Auto absichtlech – esou Zeien – an eng Grupp vu Géigendemonstrante gerannt ass. Déi ware komm, fir sech enger Versammlung vun de vereenegte Rietsradikalen aus Amerika entgéint ze stellen.

De Regruppement vu Rietsradikale besteet aus: neo-nazien, der „wäisser Virherrschaft“, dem Klu Klux Klan (KKK) an der alternativer Rietser (Alt Right), vun deenen en deel den Trump bei de Presidentewahlen ënnerstëtzt hunn.

Mëssverständlech Veruerteelung

D’Konfrontatiounen tëscht Membere vu béide Fraktiounen hate scho virum Rassemblement vu Charlottesville zougeholl. D’Autoritéite vun dëser historescher Stad am Oste vum Land haten dorops hin d’Versammlung ënnersot.

Den amerikanesche President huet d’Gewalt vu Charlottesville veruerteelt, allerdéngs ouni sech zu der Verantwortung vun enger vun de bedeelegte Parteien ze äusseren. „Mir veruerteelen op d’schäerfst déi enorm Demonstratioun vun Haass, Sektierertum a Gewalt déi vu verschidde Parteien ausgeet“, esou de Trump aus Bedminster, wou hie grad Vakanz mécht.

„Den Haass an d’Divisioun mussen ophalen, an se mussen direkt ophalen“, esou de President dee vu Journalisten interpelléiert ginn ass. Hien huet sech awer net drop agelooss déi rietsextrem Gruppéierungen ze veruerteelen.

Nodeems et esou ausgesäit, wéi wann den Trump sech béid Parteie géinteniwwer stoe géif loossen, hunn d’Demokraten eng Polemik lassgeléist. Och bei de Republikaner ass d’Stellungnam vum President net wierklech gutt ukomm.

Kritik koum dann och direkt mat engem Tweet vum Hillary Clinton, dem Trump seng Géignerin bei der Presidentewahl: „All Minutt wou mir et zouloossen, datt et esou weider geet, kënnt engem Encouragement gläich. Net ze handelen ass eng Schan a eng Gefor fir eis Wäerter“.

Och de republikanesche Senateur vu Florida, den Marco Rubio, huet via Twitter intervenéiert: „Et ass ganz wichteg fir d’Natioun de President ze héieren, wéi hien d’Evenementer vu Charlottesville beschreift fir dat wat se sinn, en terroristeschen Uschlag gefouert vun der wäisser Virherrschaft“.

Den Obama zitéiert de Mandela

Den Ex-President Barack Obama huet sech och zu Wuert gemellt an zitéiert de Nelson Mandela: „Kee Mënsch kënnt op d’Welt an haasst en anere wéinst senger Hautfaarf, sengen Originnen oder senger Relioun“.

Nach am Owend huet de Justizminister Jeff Sessions den Haass an d’Intoleranz veruerteelt. D’Gewalt vu Charlottesville „Verréit eis fundamental Wäerter an kënnen net toleréiert ginn“ huet hie gesot. Den FBI huet dann och ugekënnegt, eng Enquête opgemaach ze hunn, déi d’Ëmstänn solle klären, bei där en Auto an d’Leit gerannt ass an eng Fra ëmbruecht a 19 weider Persoune blesséiert huet.

D’Larissa Roberts (Mëtt vum Bild) hält bei enger Géigendemo zu Oakland (Kalifornien) säi Message héich. Honnerte vu Géigendemonstranten hat sech a ville Stied de rietsextreme Gruppéierunge vu Charlottesville entgéint gestallt. Do war et zu schlëmmen zesummestéiss komm. (© Josh Edelson/AFP)

Laut CNN ass dee vun der Dot verdächtege James Alex Fields jr. (20 Joer jonk) aus dem Ohio, verhaft an ugeklot ginn. Him gëtt Mord, Kierperveletzung an Fahrerflucht virgeworf. Dat bestätegt d’Ausso vum Chef vun der Police vu Charlottesville, Al Thomas: „De Chauffeur ass verhaft ginn an d’Police behandelt d’Faite wéi e kriminellen Doudschlag“.

Während de Manifestatioune a Géigemanifestatioune sollen nach weider Leit blesséiert gi sinn.

D’Ukënnegung vum Rassemblement, wou d’Faschisten sech géint d’Ofrappe vun enger Statue wollten zu Wuert mellen, hat schonn am Virfeld beonrouegt. D’Statue, déi zu Éiere vun engem Südstaate-Generol, deen d’Sklaverei virum am während dem Biergerkrich gutt geheescht huet, hätt net méi de politesche Wäerter vu haidegen Amerika entsprach.

De Generol Robert E.Lee gëtt gesinn, als ee vun de wichtegste Symboler vum politesche Mouvement, dee sech zu Charlottesville zesummefonnt huet. A Schonn am fréie Moien haten sech vill Manifestanten afonnt. Si haten hallefautomatesch Waffen derbäi, déi si och oppe gedroen hunn. D’Gesetz a Virginia erlaabt et.

No éischte Reiwereien hunn déi lokal Autoritéiten de Noutstand ausgeruff an d’Versammlung verbueden.

Hitlergrouss a Südstaatefändelen

Vill Ënnerstëtzer vun de Rietsradikalen hunn mat Südstaatefändelen gewénkt. Déi gi vu villen Amerikaner als ee Symbol vum Rassismus gesinn. Verschidden Individuen hunn dann och nach den Hitlergrouss gemaach.

Op der Géigesäit, hunn anti-rassistesch Militanten d’Fändele vum Mouvement „Black Lives Matter“ (BLM) geschwenkt. D’Bewegung BLM protestéiert regelméisseg géint den exzessiven Asaz vu Policegewalt géint Afroamerikaner. Mat Slogane wéi „Mir soen nee zu der Angscht virum Rassismus“ oder „Keng Nazien, kee KKK, keng Faschisten an den USA“.

Am Owend huet de Gouverneur vu Virginia sech un déi rietsextrem Gruppéierungen adresséiert: „Ech hunn ee Message vir déi ganz wäiss Virherrschaft a Nazien déi haut no Charlottesville komm sinn. Eise Message ass einfach a kloer. Dir sidd net Wëllkomm an eiser schéiner Communautéit“.

mam Eleonore Sens an dem Maggy Doladson (Washington)/AFP

Titelbild: D’Mënsche kréien éischt Hëllef nodeems en Auto an ee Grupp Leit gerannt war. Zu Charlottesville war eng Manifestatioun vu rietsextremen aus dem Rudder gelaf. (© Paul J.Richards/AFP)

Ähnlech Sujeten Rassismus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel