Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst
Neiegkeeten

D‘Lëtzebuerger Arméi am Asaz: e Bilan dee sech weise léisst

Ganzer 25 Joer engagéiert sech schonn eis Arméi bei militäreschen

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso
Neiegkeeten

Doudeger bei terroristeschem Ugrëff am Burkina Faso

Op e Restaurant vun Ouagadougou ass um Sonndegowend en Uschlag

Gefälscht Rechnunge léise kee Problem, mee schaaft neier
Neiegkeeten

Gefälscht Rechnunge léise kee Problem, mee schaaft neier

Et ass net fir d‘Éischt, datt dës 33 järeg medezinesch

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass

Schwéiert Accident zu Reuland nodeems e Bam an d‘Strooss gefall ass

Wéi d‘Police Bericht huet, koum et haut de Moie kuerz no aacht Auer zu Reuland. Heibäi sinn zwou Persounen an hirem Auto ageklemmt ginn. Wéi d‘Police matgedeelt huet war och nach en Trakter an de Virfall agebonnen.

Um fréie Méindegmuere war en Trakter op der N14 a Richtung Blummendall ënnerwee, wéi ee Bam „gebrach“ ass an op d‘Kabinn vum Trakter gefall ass. De Bamstamm ass duerch d‘Wucht vum Opschlag ofgebrach a sollt onglécklecherweis um Dach vun engem Auto landen, dat aus entgéint gesater Richtung op der N14 ënnerwee war. Béid Chauffere goufen an hire Gefierer ageklemmt.

D‘Rettungsdéngschter, déi séier op der Plaz waren, konnten déi zwou Persoune rapid aus hirer schrecklecher Situatioun befreien. Si goufe schwéier blesséiert an d‘Spidol iwwerfouert. Wéinst den Opraumaarbechten huet d‘Streck misse gespaart ginn.

Foto: © Police

Ähnlech Sujeten Accident, Bam ëmgefall, CGDIS, Police, Reuland
Nächsten Artikel Virrechten Artikel